Radioen

On air

Notturno  |  Jockstrap - 50-50 (Extended Mix)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Trotz Covid-19 keng Austeritéit néideg

Chronik

Trotz Covid-19 keng Austeritéit néideg

Bei den ëffentleche Finanze rechent d'Regierung dëst Joer mat engem Defizit vun 2 Prozent vum PIB. Dat sinn d'Zuelen, déi Lëtzebuerg rezent op Bréissel gemellt huet. Fir d'lescht Joer gëtt mat engem Defizit vu 4,1 Prozent vum PIB gerechent. Wann net nach en onerwaarten neie Coup kënnt, huet Lëtzebuerg d'Coronapandemie ekonomesch a finanziell den Ëmstänn entspriechend gutt iwwerstanen, mengt de Jean-Claude Franck.

auto_stories

2 min

En Defizit ass natierlech net gutt, mee mat engem Minus vu 4,1 Prozent vum PIB wier Lëtzebuerg d'lescht Joer ëmmerhi véiertbeschte Schüler an der EU gewiescht. Lëtzebuerg huet der EU-Kommissioun dann och notifiéiert, am Joer 2024 d'ëffentlech Finanzen nees am Equiliber ze hunn.

E bësse Loft mat agerechent

Wann een de Finanzminister Pierre Gramegna déi lescht Joren observéiert huet, an d'Finanzministere virun him och, da kann een dovun ausgoen, datt an deene Projektiounen nach e bësse Loft agerechent ass. An datt een an der Jofferegässel genee weess, datt een et ouni nei Kris och scho bis zu de Chamberwale vun 2023 packt, fir d'ëffentlech Finanzen aus dem roude Beräich ze hunn.

An de Projektiounen ass de Finanzministère gär e bësse pessimistesch fir sech um Enn ëmsou méi iwwer d'Resultat ze freeën, dat da "besser ass wéi erwaart". Natierlech mam Zil fir sech selwer op d'Schëller ze klappen. Virun engem Joer, wärend dem éischte Lockdown, huet Lëtzebuerg fir 2020 en Defizit vu 5 Milliarde bei den ëffentleche Finanze virausgesot. Lo si mer nach bei der Hallschent, an et géif net wonneren, wann déi definitiv Konten um Enn nach besser wieren.

Déi gutt Noriicht dobäi ass: Trotz enger Moins-value bei de staatleche Recetten a méi héijen Ausgabe wéinst de Krisenhëllefen, ass d'Situatioun net katastrophal.

Defiziter si konjunkturell, net strukturell

"Wie bezilt dat um Enn alles", hunn déi lescht 12 Méint vill Leit gefrot. Evidenterweis de Steierzueler. Mee dofir ass e solidaresche Steiersystem och do. Dee Steiersystem, dat ass gewosst, muss sécher reforméiert ginn, fir d'Laaschte méi gerecht nach ze verdeelen, an et si bekannterweis nach Weeër do, fir d'Staatsrecetten ze vergréisseren ouni déi Aarm méi zur Kees ze bieden.

Genee sou kloer ass et haut awer och, datt de Staat kee grousse Spuerprogramm brauch fir d'Situatioun no Covid nees riicht ze béien. Eleng d'ëffentlech Investitioune ginn ni sou séier ëmgesat wéi am Budget virgesinn (d'Prozedure beim Staat sinn och duerch de Coronavirus net méi séier ginn), a well de Chômage wéinst ënner anerem der staatlecher Kuerzaarbecht net explodéiert ass, wäert och d'Kafkraaft op nationalem Plang héich bleiwen.

De Solde strukturell weist och, datt déi aktuell Defiziter virun allem konjunkturell sinn an eben net strukturell. D'ëffentlech Schold bleift den aktuelle Previsiounen no ënner den 30 Prozent vum PIB, déi d'Regierungskoalitioun sech 2013 als Limitt gesat huet, an esou kann d'Regierung koherent bleiwen: Austeritéitspolitik wäert keng néideg sinn. Déi aktuell Entwécklung erlaabt et der Politik dann och, um Enn ze soen, si hätt aus der Finanzkris vun 2008 geléiert.