Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tripartite: Fir CGFP an OGBL ass den Index déi rout Linn

Sozialdialog

Tripartite: Fir CGFP an OGBL ass den Index déi rout Linn

Nächsten Dënschde gesi sech d'Sozialpartner fir Tripartiteverhandlungen. Ee Knackpunkt kéint do d'Indexfro ginn. D'Gewerkschafte weise sech am Virfeld allefalls net bereet, op deem Punkt vill Kompromësser anzegoen.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Grad well de Premier Xavier Bettel d'Tripartite wéinst der Entwécklung vun der Präisdeierecht zesummerifft, dierft den Index zum Knackpunkt ginn.

D'ABBL hat am Virfeld vun de Verhandlunge scho gefuerdert, datt maximal just eng Indextranche pro Joer ausbezuelt gëtt. Och den Internationale Wärungsfong hat dat der Lëtzebuerger Regierung recommandéiert.

Bei de Verhandlungen an der Tripartite kéint eng temporär Upassung vum Indexsystem zur Debatt stoen, fir esou d'Laascht vun de Salairen op d'Betriber ze drécken.

CGFP: Keng Diskussioun iwwer Indexmodulatiounen

Fir Staatsbeamtegewerkschaft CGFP ass dat awer een No-go, erkläert de Generalsekretär Steve Heiliger: am Accord salarial vun der Fonction publique géif kloer drastoen, datt sozial Acquisen net géifen ugepasst ginn:

"Den Index ass fir eis den Acquis social par excellence, [et gëtt] also keng Diskussioun fir do Modulatiounen ënner iergendenger Form ze maachen."

Sollt eng zweet Indextranche innerhalb vun 12 Méint ustoen, kéint ënner Sozialpartner doriwwer geschwat ginn, "mee do si mer nach net", esou de Steve Heiliger.

OGBL: Aussergewéinlech Mesurë sinn néideg

Fir d'OGBL-Presidentin Nora Back wier et net de Moment, den Index ze manipuléieren: Grad elo wier et e wichtege Mechanismus fir d'Kafkraaft ze erhalen a Verloschter ze kompenséieren.

Dat géif awer net duergoen, ënnersträicht d'Nora Back am 100,7-Interview. Déi héich Energie- a Pëtrolspräisser géif jiddwereen ze spiere kréien. Et wieren aussergewéinlech Zäiten an dofir misst een och aussergewéinlech Mesuren ergräifen.

Am Virfeld vun dëser Tripartite gouf et Rumeuren iwwer Virgespréicher tëscht dem Patronat, respektiv de Gewerkschaften an der Regierung, déi e Méindeg kéinte sinn. Eng Confirmatioun dofir gouf et haut awer net.