Radioen

On air

De Moien  |  Carly Simon - You're So Vain

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tripartite: Éischt Gespréicher tëscht der Regierung an de Sozialpartner

Sozialdialog

Tripartite: Éischt Gespréicher tëscht der Regierung an de Sozialpartner

D'Regierung huet haut zesumme mat de Sozialpartner eng éischt Analys iwwer déi aktuell ekonomesch Situatioun gemaach, éier am Hierscht da weider Mesurë sollen decidéiert ginn fir d'Stéit an d'Betriber vun der Präisdeierecht ze entlaaschten. De Premier hat d'Gewerkschaften an d'Patronat dofir haut a getrennt Reuniounen invitéiert. A bis elo sinn all d'Säite sech eenz wéi et soll weider goen.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

Dat läit awer och dorun, datt déi wierklech kriddeleg Punkten haut nach guer net zur Sprooch komm sinn. Iwwer Indextranchen, Steierkreditter an aner méiglech Mesuren ass haut nämlech nach net geschwat ginn, wéi d'OGBL-Presidentin Nora Back no der Reunioun mam Premier erkläert huet. Et wier iwwer d'Form vun der Zesummenaarbecht geschwat ginn an nach net konkret verhandelt ginn.

An op der Form schéngt een sech eens ze sinn, datt vill Preparatioun néideg ass, éier d'Regierung, d'Patronat an d'Gewerkschaften am Hierscht wäerten zu dräi zesumme komme fir iwwer konkret Mesuren ze diskutéieren.

D'Patronat huet Zuele presentéiert

De President vun der Unioun vun den Entreprisen huet betount, et wier wichteg datt d'Sozialpartner sech fir t'éischt e geneet Bild vun der aktueller ekonomescher Situatioun maachen. Den Austausch doriwwer hätt haut ugefaangen, esou de Michel Reckinger.

"Mir si ganz an den Detail gaangen, also et ass elo net Béierdëschgespréicher. Dat doten ass schonn an den Detail vun de Secteure wéi se do stinn, wéi Chiffere reell sinn."

Ausbezuele vu weiderer Indextranche dëst Joer ass net ausgeschloss

Dei detailléiert Analys soll an dräi Woche viru goen: De 14. September wëllt d'Regierung sech nach eng Kéier a getrennte Reunioune mam Patronat an de Gewerkschaften gesinn. Wéini d'Sozialpartner sech dann zesumme mat der Regierung wäerten un een Dësch setzen ass nach net kloer. Dat géif ënnert anerem dovun ofhänken, wéini déi nächst Indextranche erfält, esou de Premier Xavier Bettel.

"Wann déi am November ass, oder am Oktober, sinn ech méi presséiert, wéi wa se am Dezember kënnt. A wa se am Januar kënnt hunn ech nach méi Zäit, wéi wa se am Dezember sollt kommen. Dat si Facteuren, wou ech nach ëmmer op dem Statec seng Analys muss waarden."

De Premier wollt sech awer nach net an d'Kaarte kucke loossen, ob déi Tranche dann och géif ausbezuelt ginn: Déi Diskussioune géifen hanner zouen Diere gefouert ginn, esou de Xavier Bettel.