Radioen

On air

Notturno  |  R.A.P. Ferreira - Pinball Feat. Open Mike Eagle

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Zefridden an onzefridde gläichzäiteg"

Klimaschutz

"Zefridden an onzefridde gläichzäiteg"

De Fluchsecteur kann ee just iwwer international Accorden an de Klimaschutz, seet den Nohaltegkeets- an Infrastrukturminister. Dee Schrëtt ass elo gelongen. Mee wéi geet et weider? Den Accord misst nogebessert ginn, d'Fléie sollt méi kaschten, a bannent Europa wier et beesser d'Leit géifen den Zuch huelen, mengt François Bausch.

auto_stories

3 min

Den negativen Impakt vun der Aviatioun op d'Klima limitéieren. Dat ass d'Zil vun engem Ofkommes, op dat sech déi iwwer 190 Memberstaaten vun der "Internationaler Organisatioun fir Zivil Aviatioun" (ICAO) dës Woch zu Montreal am Kanada Eens gi sinn. Virgesinn ass, dass déi klimaschiedlech Emissiounen vum Fluchsecteur no 2020 net méi dierfe klammen.

Wann déi dann erreechte Limite iwwerschratt gëtt, mussen d'Fluchgesellschaften a Kompensatiounsmesüren investéieren. Dat soll ee Bäitrag sinn fir d'Äerderwäermung op maximal zwee Grad Celsiuis ze limitéieren, wéi et am Klimaofkommes vu Paräis am Dezember 2015 festgehal gouf.

Duerchbroch mat Schwächten

De François Bausch begréisst dësen Duerchbroch. Hien hält et awer fir néideg, datt den Accord an dräi Joer bei der geplangter Revisioun méi contraignant gëtt: De Secteur misst méi séier op Fligeren ëmklammen, déi manner verbrauchen. Duerch méi strikt Virgabe géif och Drock op d'Fuerschung entstoen, fir no Léisungen ze sichen. Kloer wier, datt d'Zuele vun de Fluchpassagéier an den nächste Joren nach weider staark wäert klammen. D'Cargolux an d'Luxair wiere wat d'Effizienz vun hire Flotten ugeet am internationale Verglach scho relativ gutt opgestallt.

Da misst an engem weidere Schrëtt och assuréiert ginn, datt de Kérosène genuch - respektiv iwwerhaapt emol - besteiert gëtt, proposéiert de grénge Minister. Wéinst dem Konkurrenzdrock kéint kee Land et sech leeschten, d'Accisen eleng an d'Luucht ze setzen. Méi deier Fliigerticketen kéinten och dozou bäidroen, datt d'Leit fir méi kuerz Strecken vun ënner 1000 Kilometer nees méi op den Zuch zréck gräifen. Viraussetzung dofir wier awer, datt zum Beispill an Europa nach méi staark an den Ausbau vum Schinneverkéier investéiert gëtt.

Enn vum Tanktourismus?

Zu Lëtzebuerg kommen zwee Drëttel vun de klimaschiedlechen Emissiounen aus dem Transportsecteur. Niewt dem Ausbau vum ëffentlechen Transport, wëll d'Regierung dem François Bausch no nächste Summer ee "ganz innovative Car-Pooling-Projet mat och engem finanziellen 'Incentive' lancéieren".

D'Etude iwwer den Tanktourismus, déi d'Regierung virun iwwer zwee Joer an Optrag ginn huet, ass elo fäerdeg, seet de Minister. D'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg hätt déi lescht Consultatiounen - och mam Finanzministère ofgeschloss: "Déi Etude wäert eis weisen, wou mer stinn a wat d'Zukunftszenarioe kënnen erginn". D'Accisen aus dem Verkaf vu Pëtrolsproduitë si rezent nees geklomm. Trotzdem ass de François Bausch, datt déi Recette deemnächst nees erof geet. An op dee Risiko misst ee sech preparéieren.

Enn vum Verbrennungsmotor!

An anere Länner gëtt iwwer méi radikal Mesuren, ewéi de Verbuet vum Verbrennungsmotor fir Autoen nogeduecht. Dorops ugeschwat, seet de Minister, et wier schwéier ee Stéchdatum ze nennen. Mee: "Fir mech ass kloer, datt de Verbrennungsmotor an den nächste 15 bis 20 Joer muss verschwannen".

Interview mam François Bauschplay_arrow