Testphase fir nei Bilanen an der Grondschoul : 7 % vu Klasse wëlle matmaachen
148 Klassen hu sech gemellt fir déi nei Bilane vu September un ee Joer laang ze testen, 16% vun de Schoule si vertrueden. "Genuch fir dat neit Instrument ze testen", esou den Educatiounsministère.
Den SNE-Gewerkschaftspresident Patrick Remackel huet op der Antenn vum 100,7 gemengt, d’Loscht wier grouss fir kënne mat engem neien Instrument ze schaffe . Vläit hätte sech méi Schoule gemellt, wann d’Konditioune vun der Stee méi kloer gewiescht wieren :
ënter fënnef Joer gëtt iwwert déi nei Evaluatioun vun de Schüler diskutéiert. D’Gewerkschaften an de Ministère si sech rezent iwwert en neie Modell eens ginn. Et ass virgesinn, datt d’Schüler all Trimester mat de Buschtawen A bis D bewäert ginn.