Radioen

On air

Notturno  |  James Holden & The Spirit Animals - Pass Through The Fire

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tëscht Liberaliséierung an Déngscht um Client

Post

Tëscht Liberaliséierung an Déngscht um Client

Postguichete wäerten ni ganz verschwannen, seet de de POST-Generaldirekter. De Claude Strasser kënnegt fir de Summer en neit Konzept u fir d'Postshoppen a verteidegt Käschteneffizienz.

auto_stories

2 min

Déi nei Postshope sollen an enger éischter Phas do opgoen, wou haut d'Post Telekommunikatiounsagence bedreift. An deene Filiale géife verschidde Servicer ugebuede ginn, erkläert de Claude Strasser. Fir deene Leit entgéint ze kommen, déi Schwieregkeete mam Online-Banking hunn, proposéiert d'Post op Demande eng punktuell individuell Léisung. Dat géif sech awer net exklusiv un eeler Leit riichten, sou de Claude Strasser. D'Tariffer fir Guichetstransaktioune bei der Post si vum 1. Januar 2017 u méi deier ginn.

De Postscheck wier schonn zanter méi laangem an enger schwiereger Situatioun, seet de Postgeneraldirekter. Et géing een ënnert den niddregen Zënse leiden. Wann ee laangfristeg de Postscheck wéilt retten, da misst een aner Weeër goen. Dat géif méi Käschteneffizienz mat sech bréngen. Dofir hätten d'Clienten méi héich Fraisen ze droen.

Dernieft géif den Online-Kanal ausgebaut ginn, an dat géif net just d'Bankgeschäfter betreffen. Dem Claude Strasser no géing et d'Clienten arrangéieren, wa se sech net méi missten an de "Shop" deplacéieren. D'Post kéint iwwert de Bréifdréier enger eelerer Clientèle entgéint kommen, andeems op der Hausdier Post-Transaktiounen offréiert ginn.

D'Ëmfeld wier haut ganz konkurrenziell, seet de Claude Strasser. Et misst ee mat de Konkurrente Schrëtt halen. "Soss verschwënnt een iergendwa vun der Landkaart."

Flexibilitéit am "Centre de Tri"

D'Bréifdréieschgewerkschaft kritiséiert, datt de "Centre de Tri" ze enk mat Personal besat ass. De Postgeneraldirekter gesäit dat net esou. De Verdeelerzentrum fir Bréiwer a Päck wier e Betrib mat grousser Volatilitéit. Jee no Deeg a Joreszäite géif et méi oder manner Aarbecht ginn. Esouwuel Nuets wéi am Dag géif geschafft ginn. Dat géif eng grouss Flexibilitéit erfuerderen.

Dem Claude Strasser no ass et net aussergewéinlech, datt et zu Stousszäiten, bei Krankmeldungen a Congéen zu Diskussioune kënnt, well et mol enk géif ginn. De Postgeneraldirekter ass awer net der Meenung, datt de "Centre de Tri" ënnerbesat ass. Deemno wier och net geplangt fir d’Personal op ze stocken. De Problem wier mat enger Ëmorganiséierung vun de Servicer ze léisen. Dat géif méi Flexibilitéit bedeiten, déi awer net onbedéngt op Laaschte vum Eenzelen oder vun den Aarbechtszäite géif goen.