Radioen

On air

Notturno  |  Marina Allen - Superreality

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi Flexibilitéit a Schutz vum Salarié

Teletravail

Méi Flexibilitéit a Schutz vum Salarié

Bis den Hierscht sollen d'Sozialpartner am Wirtschafts- a Sozialrot déi aktuell Konventioun vun 2006 an 2015 iwwer den Teletravail iwwerschaffen. Schutz vum Salarié, Flexibiliséierung, Vereinfachung vun de Prozeduren stinn am Mëttelpunkt vun de Verhandlungen. Iwwer d'Prinzippie géif ee sech eens ginn. Den Dossier bleift awer komplex.

auto_stories

3 min

De Jean-Jacques Rommes. Foto: Archiv

De ganzen Interview mam Jean-Jacques Rommes lauschterenplay_arrow


Déi aktuell Gesetzgebung, déi sech op eng interprofessionell Konventioun vun 2006 an 2015 baséiert, muss un déi technologesch Evolutioun ugepasst ginn, seet de Jean-Jacques Rommes, President vum Conseil économique et social.

"Déi aktuell Konventioun ass an enger Zäit geschriwwe ginn, wou et nach keen Handy gouf. Mir sinn technologesch gesinn haut an enger ganz anerer Welt. Den Teletravail huet sech och banaliséiert. Et gëtt ee Konsens tëscht de Sozialpartner fir déi schwéierfälleg Prozeduren ofzebauen a gläichzäiteg musse mer eng gereegelt Situatioun schafen, fir de Salarié ze schützen."

Wann ee vun doheem aus schafft, muss d'Assurance Accident kënnen applizéiert ginn. Dat muss juristesch kloer gekläert ginn, wéini et sech ëm een Aarbechtsaccident handelt a wéini net. Och de sougenannten Droit à la déconnection muss an där zukünfteger Konventioun dra stoe kommen.

Equipementer a Kontrollméiglechkeeten

Den Employeur muss derfir suergen, datt de Salarié déi richteg Equipementer zur Verfügung huet an datt d'Sécherheet an d'Gesondheet op der Aarbecht och Doheem garantéiert bleiwen.

"Et gëtt ee Konsens fir eng gewësse Flexibilitéit. Et brauch een awer Kontrollméiglechkeeten iwwer dat, wat vun Doheem aus geschafft gëtt, well de Patron eng Responsabilitéit huet. Op där anerer Säit gesäit déi aktuell Konventioun eng ganz invasiv Kontrollméiglechkeet fir den Employeur vir. Op deem Punkt schéngt kee méi wierklech do drun ze halen, datt et esou grouss rigid Kontrolle gëtt. Déi Rigiditéit soll aus dem Text erausgeholl ginn, d'Sécherheet vun den Salariéë muss awer bleiwen."

Kee sensibele mee ee komplexen Dossieren

Et géif bei näischt eng einfach Léisung bestoen, betount de Jean-Jacques Rommes. Och wann ee sech iwwer de Prinzip eens wier, esou wäerte Problemer opdauche wann dono am Detail iwwer d'Formulatioun vun engem Accord diskutéiert géif ginn.

"Bei de Sozialpartner gëtt et eng Loscht op ee Resultat ze kommen, well all Mënsch sech bewosst ass, datt d'Welt ännert an datt natierlech och muss déi Reglementatioun iwwer den Teletravail ugepasst ginn. Wa mer dono probéieren eng nei Konventioun auszeschaffen, wat dat Ideaalt wier, wa mer esou wäit kéinte kommen, da kéint et redaktionell ganz komplex ginn."

Den Aarbechtsminister Dan Kersch huet de Sozialpartner bis den Hierscht Zäit ginn. Bis dohinner misst un engem Accord geschafft ginn. Wann et net zu engem globalen Ofkommes kënnt, da wier d'Aarbecht awer net ëmsoss, seet de Jean-Jacques Rommes. Da wéisst den Aarbechtsminister, op wéi enge Punkten ee sech eens gi wier an op wéi eng net.

Teletravail wärend dem Confinement

Aktuell schaffe vill Persoune vun doheem aus, ouni datt dat konform zum Aarbechtsrecht ass. Et wier eng Ausnamesituatioun, déi duerch d'Pandemie ausgeléist gouf, ënnersträicht de President vum Conseil économique et social.

"Mir erliewen a punkto Aarbecht vun Doheem aus eng Ausnamesituatioun, déi näischt mam bestoenden Aarbechtsrecht ze dinn huet. Do gëtt nämlech kloer festgeluecht, datt den Teletravail nëmme kann op eng fräiwëlleg Basis agefouert ginn. Et war awer den Opruff vun der Regierung wärend dem Etat de crise doheem ze bleiwen. Aus deem Grond hu weder d'Salariéen nach d'Employeuren drop bestane fir den Droit du travail a punkto Teletravail ze applizéieren. D'Prioritéit war d'Gesondheet vun de Bierger."