Radioen

On air

Notturno  |  Lucio Battisti - Ami Ancora Elisa

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Taxonomie: Jiddweree mécht säin eegene Match

CHRONIK

Taxonomie: Jiddweree mécht säin eegene Match

An der Europäescher Unioun ginn et den Ament vill Diskussiounen iwwer d'Fro, wéi eng Investitiounen als nohalteg agestuuft solle ginn. Domat gi Weiche fir d'Zukunft gesat an et geet ëm vill Suen: Investitiounen, déi e grénge Label kréien, wäerte bei verschiddene Cliente méi beléift sinn, oder eligibel si fir europäesch Subsiden ze kréien. Et gëtt nach vill gestridden, zum Beispill doriwwer, ob Gas an Atomenergie an der sougenannter Taxonomie e grénge Label kréie sollen. D'Decisioun wäert wuel éischter politesch sinn an och Lëtzebuerg huet net ëmmer eng eendeiteg Positioun, mengt d'Danièle Weber.

auto_stories

6 min

Jiddweree mécht säin eegene Match - dat passt op vill politesch Kapitelen an d'Taxonomie ass ee gutt Beispill fir dee Phenomeen. An deem komplizéierten an techneschen Dossier kucken net nëmme vill Memberlänner vun der EU wéi sou dacks no sech a spillen hiert eegent Spill, mee och bannent enger Partei oder enger Regierung ass een net ëmmer op enger Linn.

Eng politesch Decisioun

Eigentlech sollt d'Taxonomie op wëssenschaftlechen Erkenntnisser baséieren. Lo hätt ee geduecht, dee Fall wier kloer - a weder Gas nach Atomkraaft hätte sech eng gréng Medail verdéngt.

Mee well politesch a virun allem ekonomesch Interêten dohannert stiechen, falen d'Interpretatiounen nawell ënnerschiddlech aus. D'Europäesch Kommissioun muss tranchéieren, an hiert Verhale léisst drop schléissen, datt déi Decisioun wuel éischter op engem Spagat tëscht de verschiddenen Interête wéi op der Wëssenschaft baséiere wäert.

D'Memberlänner si sech nämlech guer net eens. A wéi sou dacks an engem Sträitfall an der EU spillen zwee Länner eng Haaptroll: Dat sinn Däitschland a Frankräich.

Frankräich mécht massiv Lobbyaarbecht fir Atom

Dem franséische President Emmanuel Macron säi Match ass kloer: D'Land wëll d'Atomkraaft als ideal Energiequell um Wee bis bei d'Klimaneutralitéit verkafen. Ëmmerhi gëtt do net vill CO2 an d'Loft geblosen. Datt den nuklearen Offall schwéier als nohalteg bezeechent ka ginn, gëtt elegant iwwersinn.

Déi ekonomesch Interête vun der franséischer Atomindustrie weien anscheinend och schwéier genuch, fir sech mat deenen zesummenzedoen, déi soss keng Alliéiert sinn. Den Emmanuel Macron setzt sech elo zesumme mat Polen an anere Gas-frëndlechen Natioune dofir an, datt esou wuel Gas ewéi och Atom an der Taxonomie als "nohalteg" deklaréiert ginn.

Däitsch Positioun nach onkloer

D'Positioun vun Däitschland ass iwwerdeems den Ament méi schwéier ze duerchkucken: Déi al Koalitioun war sech um Punkt vum Gas net ganz eens, war awer wéinst dem decidéierten Atomausstig dogéint, der Atomkraaft ee gréngen Ustréch ze ginn.

Elo kéint ee sech denken, datt mat enger rout-gréng-bloer Regierung déi Oppositioun weider ënnermauert gëtt. Wat Atom ugeet stëmmt dat, wat Gas ugeet, ass dat awer net esou sécher. Gas gëtt um däitsche Wee aus der Kuel gebraucht an ëmmerhin huet ee grad mat Gazprom ee Milliarde-Projet ofgeschloss, dee soll ëmgesat ginn.

Deen däitsche Match ass dowéinst nach net fäerdeg gespillt: Dat weisen deels onkloer Aussoe vun deene Gréngen, déi op europäeschem Niveau mat vill Asaz dogéint kämpfen, Gas an Atomkraaft gréng ze wäschen. Den Europadeputéierte Sven Giegold huet extra eng Petitioun lancéiert, seet awer neierdéngs an Niewesätz, (sou wéi zum Beispill en Mëttwoch op enger Pressekonferenz am Europaparlament), speziell Gas kéint ënner restriktive Konditiounen an enger Iwwergankszäit a géif akzeptéiert ginn. Dës Aschätzung kéint domat ze dinn hunn, datt hie bis gëschter an de Koalitiounsverhandlunge mat derbäi war.

Doriwwer, wéi sech déi däitsch Regierung elo verhale wäert, steet näischt am Koalitiounsvertrag vun där neier Regierung. Et wier wichteg, datt Däitschland a Frankräich fir d'Taxonomie ee Kompromëss fannen, mat deem jidderee liewe kann, sou e Mëttwoch den Owend de Sven Giegold op engem Briefing fir d'Press, nom Ofschloss vun de Koalitiounsverhandlungen.

Wann een an der Regierung ass, muss ee Kompromësser maachen. Eng Situatioun, déi déi Lëtzebuerger Gréng ganz gutt kennen. Och hir Positioun ass eigentlech kloer, zënter laangem setzt si sech dofir an, datt weder Gas nach Atom dee grénge Label kréien. Ma och zu Lëtzebuerg gëtt et zweedeiteg Aussoen.

Lëtzebuerger Regierung: "Interpretatiouns"-Schwieregkeeten

De Finanzminister Pierre Gramegna war dësem Radio géintiwwer manner kategoresch, huet sech Kompromëss bereet gewisen a gesot, huet vu méi hell a méi donkelgréngen Investitioune geschwat, déi hie sech kéint virstellen.

Am Fong ee "Nogo" fir déi Gréng, déi bei all Geleeënheet erklären, datt iergend eng Verwässerung dat Instrument vun der Taxonomie direkt wäertlos géing maachen.

Op dee Widdersproch ugeschwat, sot d'Lëtzebuerger Ëmweltministerin gëschter op där nämmlechte Pressekonferenz: Si hätt mam Pierre Gramegna geschwat, hie wier do falsch interpretéiert ginn.

D'Carole Dieschbourg huet och op een Interview mat entspriechenden Aussoe vum Minister an enger däitscher Zeitung verwisen. Et kann ee sech virstellen, datt dem Finanzminister seng Aussoen op eiser Antenn enger grénger Ëmweltministesch net gefall hunn. Elo awer ze soen, si wiere falsch interpretéiert ginn, ass geféierlech - op mannst, wann ee sech net reprochéiere loosse wëllt, Fake News an d'Welt ze setzen.

De Pierre Gramegna huet nämlech ganz kloer op onmëssverständlech Froe geäntwert - dat ka jiddwereen nolauschteren an noliesen an eisem Beitrag - dee ganzen Interview ass iwwregens online disponibel um audiovisuelle Service vun der Kommissioun. Do gëtt et am Fong keen Interpretatiounsspillraum - de Pierre Gramegna kéint héchstens seng Aussoe revidéieren.

Kommissioun kéint Iwwerganksléisung proposéieren

Dobäi weise se eigentlech op dat hin, wat méiglecherweis vun der Kommissioun ze erwaarden ass: Eng Tëscheléisung: Amplaz Gas an Atom komplett "nohalteg" ze erklären, kéinte se an engem Zousaz bei d'Taxanomie gesat ginn, eben als e bësse méi hellgréng Investitiounen, déi dee Label just fir eng Iwwergangsphas kréien, bis datt genuch wierklech gréng Energien do sinn.

Villes deit dorop hin, datt d'Kommissioun mat genee esou enger Propos kënnt. Wéini ass nach net gewosst.

Vum Pierre Gramegna wësse mer schonn, wat hien dovun hält a wéi d'Finanzplaz Lëtzebuerg viraussiichtlech deemno dee neie Label wäert asetzen. Déi däitsch an och déi Lëtzebuerger Gréng hunn nach e bëssen Zäit, un hirer Interpretatioun ze schaffen.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.