Radioen

On air

Notturno  |  Can - Moonshake

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Taux vun Antikierper läit liicht iwwer dem Impftaux

Immunitéit

Taux vun Antikierper läit liicht iwwer dem Impftaux

D'Santé mécht weider Antikierper-Tester bei Leit iwwer 6 Joer. Am Ufank wier dat gemaach gi fir erauszefannen, wéi vill Leit sech mam Coronavirus ugestach hunn. Deemools louch den Taux bei 6 Prozent vun der Populatioun.

auto_stories

4 min

Lauschterenplay_arrow


Bei der aktueller Testcampagne geet et drëms d'Pandemie ze suivéieren a Moossnamen ergräifen ze kënnen. Ronn 80.000 Leit goufe bis ewell op Antikierper getest. Generell kann een eng Baisse vun dësen Antikierper feststellen, mee dat seet net alles iwwer d'Immunitéit aus, seet den Dr. Tom Dentzer vun der Santé.

Bei den Tester koum eraus, datt d'Antikierper bis de Juli drastesch geklomme sinn. Dëst ass am Kontext vun der Impfcampagne evident, elo géif den Taux un Antikierper an de Blutttester sech stabiliséieren an tendenziell och erofgoen.

Déi zellulär Äntwert ass och wichteg

Well d'Persounen net dacks mam Virus konfrontéiert ginn an de Kierper also weider net drop aus ass Antikierper ze produzéieren, kann dee Wäert erofgoen. Den Dr. Tom Dentzer vun der Santé ënnersträicht, datt déi zellulär Äntwert awer ganz wichteg wier.

"Dat sinn Zellen am Kierper, déi gräifen déi Zellen un, wou de Virus dran ass - déi si ganz effikass. an Etüden huet ee gesinn, datt ganz vill Leit, déi zum Beispill keng Antikierper hunn, trotzdeem eng ganz staark zellulär Äntwert hunn, fir da géint de Virus ze kämpfen."

Et géif deemno kee Seuil vun Antikierper ginn dee seet, wéini ee gutt geschützt ass.

Ënnerscheeder jee no Vaccin

Bei den Antikierpertester kann een erausfannen, wéi vill Leit iwwer eng Infektioun Antikierper entwéckelt hunn, a wéi vill Leit der iwwer d'Impfung produzéiert hunn. Alles an allem kéim ee liicht iwwer den Impftaux bei de Leit iwwer 12 Joer.

Jee no Impfstoff gëtt et och Ënnerscheeder, erkläert den Dr. Tom Dentzer vun der Santé: mRNA-Impfstoffer, wéi Spikevax vu Moderna oder Comirnaty vu BioNTech/Pfizer géifen éischter d'Produktioun vun Antikierper stimuléieren, wärend Vaxzevria vun AstraZeneca éischter eng zellulär Äntwert géif stimuléieren.

Den Taux selwer ass also net determinant fir erauszefannen ob een nach immun ass oder net, et wier d'Äntwert vun der Zell, déi och wichteg wier, seet den Dr. Tom Dentzer.

Ongeféier 77 bis 78 Prozent vun de Leit hunn eng Immunitéit

Mat der Impfcampagne ass dee Prozentsaz u Leit, déi Antikierper oder eng zellulär Äntwert op de Coronavirus hunn, eropgaangen an huet sech elo stabiliséiert. Nach wier et schwiereg ze soen, wéi vill dat an der gesamter Populatioun ausmécht, seet den Dr Tom Dentzer vun der Santésdirektioun.

Lauschterenplay_arrow

Et geet een dovunner aus, datt de Prozentsaz bei ronn 77 oder 78 Prozent ass, "vläicht e bësse méi, vläicht e bësse manner". Leit, déi eng Infektioun mam Coronavirus haten, hätten zwar och eng gewëssen Immunitéit, mee "mir wëssen awer, datt déi Immunitéit ganz dacks net esou laang hält, oder esou gutt ass, wéi wann een zwee Mol eng Impfung krut".

Wéi laang ass ee geschützt?

D'Zuel vun den Antikierper bei de Leit, déi sech infizéiert haten, géif vum Verlaf vun der Krankheet oflafen, seet den Dr. Tom Dentzer. Déi Leit, déi sech no der Infektioun impfe gelooss hunn, wiere besser geschützt.

Et bleift ze klären, wéi laang dës Immunitéit unhält. D'Zuel vun den Antikierper geet iergendwann erof, wat awer normal wier: et géif een zousätzlech eng Memoire opbauen. Onkloer ass awer, wéi gutt een duerno geschützt ass, seet den Dr. Tom Dentzer.

"Als Virolog géif ech soen: jo, well Dir hutt jo ganz vill Zellen, déi an Alerte-Zoustand geroden, soubal de Virus erëm mat Iech a Kontakt kënnt an et kann ee ganz séier dorop reagéieren an de Virus bekämpfen. Mee wéi vill vun de Leit dat da wierklech kënnen oder net kënnen, dat hänkt vu ganz ville Facteuren of."

Et observéiert een eng Baisse vun den Antikierper, mee dat seet net alles iwwert d'Immunitéit aus. De Kierper produzéiert just Antikierper, wann en a Kontakt mam Virus ass.