Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Summervakanz: Wien dierf wouhin?

Tourismus an der EU

Summervakanz: Wien dierf wouhin?

D'Europäesch Kommissioun konnt sech mat hirem Wonsch, d'Nees-Opmaache vun de Grenzen an der EU sollt koordinéiert ginn, net duerchsetzen. D'Memberlänner annoncéieren hir Ouverturë fir Touristen no an no separat. Iwwer d'Konditioune fir anzereese si sech d'Tourismus-Ministeren net eens ginn. Et kéint ee chaotesche Summer fir europäesch Touriste ginn. D'Danièle Weber huet probéiert, sech een Iwwerbléck ze verschafen.

auto_stories

4 min

En Dënschdeg war et d'Nouvelle, datt Däitschland wëlles huet, vum 15. Juni u seng Reeswarnunge par Rapport zu 31 Länner, dorënner all d'EU-Memberen, falen ze loossen. Well d'Situatioun en vue vun der Corona-Pandemie net iwwerall d'nämmlecht ass an der EU, wier et schwéier, een Dag X festzeleeën, vun deem un all d'Grenzen an der EU nees op sinn, seet den Europadeputéierten Ismail Ertug.

Kommissioun soll fir méi Iwwerbléck suergen

Wichteg wier et, datt säi Land elo déi Decisioun hëlt. "Ech géif net soen, datt dat net mat deenen anere Länner ofgeschwat war. Ëmmerhi ginn d'EU-Länner elo alleguerten d'nämmlecht behandelt", esou den däitsche Sozialdemokrat.

Ob allerdéngs jiddwereen zu den nämmlechte Konditiounen areese kann, ass nach net eraus. Dem EU-Bierger, dee sech nees gären op d'Rees maache géif, presentéiert sech den Ament kee ganz iwwersiichtlecht Bild. Italie laut Tourismus-Saison vum 3. Juni un an. Griichenland a Portugal annoncéieren hir Ouverturë wéi Däitschland fir de 15. Juni, Spuenien huet nach keng Decisioun geholl.

D'EU-Kommissioun sollt do an den nächste Woche fir een Iwwerbléck am Rees-Duerchernee suergen, fënnt den Ismail Ertug. Si sollt ee Plang opstellen, wou d'Konditiounen, wéi zum Beispill eng méiglech Quarantän, opgeféiert ginn.

Eng Zort Zertifikat fir Hotellen

Op laang Siicht sollt een dem Tourist een Hëllefsmëttel an d'Hand ginn, esou den däitsche Sozialdemokrat. Konkret proposéiert hien een Zertifikat fir Hotellen, deen iwwer extra Reegelen informéiert, déi wéinst der Corona-Pandemie ageféiert goufen.

Däitschland schéngt iwwerdeems ze erwaarden, datt d'EU-Länner sech sengen Deconfinements-Reegelen uschléissen, an zum Beispill och eng Limitt vun den Infektiounszuelen aféieren, vu wou un d'Mesuren nees misste verschäerft ginn.

Iwwer méiglech Konditioune fir anzwousch anzereese si sech déi lescht Woch d'Tourismusministeren aus der EU op hirer Sitzung net eens ginn.

Bilateral Verhandlunge lafen

Wat mer méi zesumme maache wat besser, sot de kroatesche Minister Gari Cappelli no där Reunioun, déi hie geleet huet, well Kroatien den Ament d'Presidence vun der EU huet. Allerdéngs géif et d'Méiglechkeet, bilateral Accorden ofzeschléissen, an et sollt een op dee Wee goen, fir datt sech de Secteur séier erhuele kann.

Aner Länner, wéi Frankräich oder Däitschland, hunn op europäesch Léisunge bestanen.

Zu Lëtzebuerg wier den Ausseministère domat beoptraagt, mat EU-Länner iwwer Grenzen och en vue vum Tourismus ze schwätzen. Dat hat den Tourismusminister Lex Delles déi lescht Woch am 100,7-Interview gesot.

Lëtzebuerg plangt keng Restriktiounen

Duerno gefrot, wou een do dru wier, sot de Premier Xavier Bettel e Méindeg op enger Pressekonferenz, et misst een dat um europäeschen Niveau kucken. "Ech weess, datt eng Rëtsch Länner Konditioune wéi zum Beispill ee Corona-Test stelle wëllen", esou de Premier. Et wier awer net opportun, wann elo all EU-Land bilateral mat anere verhandele géif.

Déi éischt Volle vun der Luxair vun an op Lëtzebuerg starten den 29. Mee, mat den Destinatioune Porto, Lissabon, Hamburg, München a Stockholm. Op d'mannst bei där leschter kéint ee sech Froe stellen. Ëmmerhi sinn d'Infektiounszuelen a Schweden nach ëmmer zimmlech héich.

Ënnerscheeder ginn awer zu Lëtzebuerg keng gemaach, et gouf an et gëtt keng Reesaschränkungen, esou de Premier.

Ob a mat wéi enge Länner Lëtzebuerg konkret am Gespréich ass, war en Dënschdeg net erauszefannen. Lëtzebuerg géif sech fir eng europäesch an net fir eng bilateral Léisung asetzen, huet et och aus dem Ausseministère geheescht.

D'Grenzen mat der Belsch kéinte nach des Woch nees opgoen, dat hofft de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn. Hie stéing an intensiven Austausch mat der belscher Regierung, sot hien am RTL-Interview. Wat Frankräich ugeet, soll et wéi schonn annoncéiert beim 15. Juni bleiwen.

Et wier nach keng Decisioun gefall, huet et iwwerdeems op eis Nofro aus dem éisträicheschen Inneministère geheescht. Den Transit duerch Éisträich ass iwwerdeems erlaabt. Lëtzebuerger, déi wéilten duerch Éisträich zum Beispill an Italie fueren, kéinten dat maachen.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.