Radioen

On air

Resonanzen  |  Pjotr Iljitsch Tschaikowski - Sinfonie Nr.4 a Fa Mineur, Op. 36, III. Scherzo: Pizzicato ostinato - Stuttgarter Philharmoniker, Dan Ettinger (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Summerschoul: "E ganze Koup u Schüler nach net erreecht"

Bildungsdifferenzen

Summerschoul: "E ganze Koup u Schüler nach net erreecht"

Ronn 6.000 Schüler hu sech am Kader vum Projet Summerschoul 2020 fir déi nei Cours de Rattrapagen ugemellt. Eng 80 Prozent heivu si Schüler aus dem Enseignement Fondamental, déi deemno fir d'éischte Kéier vun esou enger Offer kënne profitéieren. D'Zil vun den Nohëllefscourse wier et, déi Lacunnen opzeschaffen, déi duerch de Confinement entstane sinn, esou den Educatiounsminister rezent op enger Pressekonferenz. Mee wéi leeft dat Ganzt of, a wat soen d'Schüler zu den Nohëllefscoursen? D'Rahel Könen war an eng Grondschoul kucken.

auto_stories

2 min

Trotz Mesurë wéi Mask a Sécherheetsofstand wieren déi Jonk nees frou an der Schoul ze sinn. D'Zäit am Confinement an d'Schoul doheem wieren éischter stresseg an ustrengend gewiescht, esou d'Aussoen. Eng Schülerin betount och, datt engem doheem méi Motivatioun gefeelt hätt, wéi an der Schoul. Trotzdeem wier et interessant gewiescht d'Schoul doheem eng Kéier knnten ze erliewen.

De Jean-Jacques Muller huet sech als Enseignant vu Cours d'Appuien an der Flicht gesinn, och bei dëse Rattrapage-Coursen eng Hand mat unzepaken. Dem Enseignant no,¨ wier et awer eng Illusioun ze mengen, datt bannent enger Woch dat kéint opgeschafft ginn, dat wärend dem Confinement verluer gaangen ass.

Et géif och virkommen, datt Schüler, déi zwar fir en Nohëllefscours ugemellt waren, herno net erschéngen. Dem Enseignant no wier et derwäert doriwwer nozedenken, déi éischt Wochen no der Rentrée nach eng Kéier dofir ze notzen, eng Rei Lacunnen aus dem Confinement mat alleguer de Schüler opzeschaffen.

"Well ech muss soen, de Grupp vu Schüler, déi ech hei hunn, dat sinn nach net déi, déi duerch de Confinement am meeschte gelidden hunn. Dat hei sinn nach Schüler, wou d'Eltere sech der Wichtegkeet bewosst sinn, an d'Kanner dann och an de Rattrapage gemellt hunn. Mee e ganze Koup u Schüler, déi ech eben och vum Profil hier kennen, well ech Cours d'Appuie ginn, déi hu mir heimat nach net erreecht."

Datt eng 17 Prozent vun de Schüler aus der Gemeng Kayl der neier Offer vu Nohëllefscoursen no komm sinn, wier awer e gutt Zeechen, mengt den zoustännege Sous-Direkter Paul Vaessen. Nach wier schwéier anzeschätzen, wéi eng Lacunnen effektiv duerch de Confinement entstane sinn. De Sous-Direkter hofft elo, datt d'Rattrapage-Coursen eng Starthëllef fir de 15. September fir d'Schüler sinn.

Am nächsten Trimester sollen, dem Educatiounsminister no, och d'Appuis-Coursen an de Schoulen erweidert ginn. Den Enseignant Jean-Jacques Muller betount awer, datt dofir och méi Personal néideg wier.