Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Suivi vu Kooperatiounsprojeten am Niger an nei Hëllefe fir Ruanda

Kooperatiounspolitik

Suivi vu Kooperatiounsprojeten am Niger an nei Hëllefe fir Ruanda

Op hirer rezenter Afrika-Rees hunn de Premier Xavier Bettel an de Kooperatiounsminister Franz Fayot Kooperatiounsprojete besicht, un enger digitaler Foire participéiert an nei Hëllefen decidéiert. Ugefaangen huet d'Rees am Niger, wat eent vun den äermsten an onsécherste Länner vun der Welt ass. Déi sécher, modern ruandesch Haaptstad Kigali war déi lescht Destinatioun. D'Zil vun der Rees war et, d'Kooperatiounshëllef an Afrika geographesch ze diversifiéieren.

auto_stories

6 min

Mat der Lëtzebuerger Nationalhymn an traditionellen Dänz bei 45 Grad Celsius goufen de Premier an de Kooperatiounsminister d'lescht Woch um Fluchhafe vun Niamey am Niger begréisst.

Militärmusek um Fluchhafe vun Niamey am Niger / Foto: Maxi Pesch

Den Niger ass eent vun den äermste Länner op der Welt, ass zanter 1989 ee Kooperatiounspartner vu Lëtzebuerg an dat Land, wat déi gréissten Enveloppe kritt. Dee leschte Kooperatiounsaccord gëllt vun 2022 bis 2026 an huet e Budget vu ronn 145 Milliounen Euro.

A Kooperatiounsdierfer besser wirtschaftlech Méiglechkeete schafen

Vum Fluchhafen aus gouf d'Lëtzebuerger Delegatioun mat enger grousser arméierter Eskort an ee vun de ronn 12 Kooperatiounsdierfer gefouert.

Dëse "Village Artisanal" gouf viru ronn 30 Joer vu Lëtzebuerg opgeriicht mam Zil nohalteg Aarbecht ze kreéieren duerch Handwierk mat Lieder oder Bijouen, zum Beispill.

Ee Schuckhändler an engem Village Artisanal / Foto: Maxi Pesch

Hei géif de Business awer schonn eng Zäitchen net méi sou richteg rullen, sou de Franz Fayot. Deemools wier alles en Place gesat gi fir Produktiounen ze ënnerstëtzen, mee et wier de Verkaf dee méi problematesch wier.

"... dat weist am grousse ganzen de Problem an deene Länner: mir maache Formatiounen, mir maachen Educatioun, mee mir mussen och wirtschaftlech Opportunitéite schafen. An dat wëll ech an deenen nächste Joren nach méi maachen."

An dëser Hisiicht proposéiert de Generalsekretär vum Duerf d'Iddi, e Buttek zu Lëtzebuerg ze hunn, deen d'Produite géif verkafen fir ee bessere Suivi ze kreéieren.

Klimawandel an terroristesch Gefor si grouss Problemer am Niger

Weider goung et mam Minibus duerch d'Viruerter vun Niamey. Aus der Fënster gesäit ee goldege Sand, schéi Landschafte, mee och vill Aarmut a Knascht. An der brennender Hëtz sinn et virun allem Jonker déi sech um Trottoire zesumme versammelen oder a Containere Schutz virun der Sonn sichen.

D'Altersmoyenne am Niger läit bei 15 Joer. All Fra kritt an der Moyenne sechs bis siwe Kanner, d'Liewenserwaardung läit bei knapp 63 Joer. Et ass virun allem de Klimawandel an déi terroristesch Gefor déi d'Land an der Sahel-Regioun onsécher maachen, mee net nëmmen dorëm ass et am Gespréich tëschent dem Premier an dem Nigresche President Mohammed Bazoum gaangen:

"Och wann Dir vill fir eis maacht, da froe mir nach weider Efforten am Beräich vun der Digitalisatioun. Dat wäert d'Zukunft vun eiser Kooperatioun ginn."

Fir Lëtzebuerg wier Stabilitéit am Land op verschiddene Niveaue wichteg, huet de Premier Bettel dann a senger Ried betount, an zwar net nëmme militäresch, mee och am Beräich vun der Diplomatie an dem Developpement.

Visitt vun engem Camp de Déplacement

D'Visitt den Dag drop ass zu Ouallam am Camp de Deplacement interne vun der Croix-Rouge. Hei beweist et sech nach eemol, wéi prekär d'Situatioun am Niger ass, well an dësem Camp all Joer eng 3.000 Nigresch Famillen en Abris d'urgence fannen. Si flüchte vun den Terroristen, déi si vun hirer Heemescht ronn 30 Kilometer vum Camp ewech verdriwwen hunn.

Ee Camp de Deplacement vun der Croix Rouge am Niger / Foto: Maxi Pesch

An de leschte Jore wier d'Onsécherheet an der Regioun ëmmer méi grouss ginn, erkläert den Zombré Prosper vun der Lëtzebuerger Croix-Rouge. Deemno wier de Besoin fir deene Leit ze hëllefen och gewuess, a fir der grousser Demande nozekomme wier een op weider Hëllefe vu Lëtzebuerg ugewisen.

D'Croix-Rouge géif virop dofir suergen, datt d'Leit enzwousch ënner kéimen an datt se Hygiènesartikelen zu Verfügung hätten, esou de Rémi Fabbri, Direkter vun der Aide humanitaire vun der Lëtzebuerger Croix-Rouge.

"Et ass e Lëtzebuerger Architekt, deen d'Abrisen entwerft [...] Dat ganzt Material hei fir kënnt vum lokale Marché. Bis op d'Baatsch, déi fënnt een hei net a gudder Qualitéit. D'Iddi ass de lokale Marché dréinen ze loossen. Et sinn och d'Famille selwer, déi hir Hütt opbauen."

Aner ONGe géifen da fir d'Iesse suergen, esou de Rémi Fabbri.

Ganz anescht ass d'Atmosphär e puer Kilometer niewendrun am Duerf Simri, wou Lëtzebuerg Sue fir Waasserreservoire ginn huet. Hei goufen d'Ministere Bettel a Fayot mat Enthusiasmus empfaangen.

Fir datt d'Hëllef nohalteg bleift misst een allerdéngs oppassen datt keng sozial Konflikter tëschent de verschiddenen Dierfer entstinn, esou d'Experte sur place.

Zweeten Deel vun der Rees geet an de Ruanda

Eng ganz aner Impressioun kritt ee vum zweeten Deel vun der Visitt an Afrika. Zu Kigali, der Haaptstad vum Ruanda, brauch d'Delegatioun weder eng Policeeskort, nach muss een Angscht hunn eleng ze zirkuléieren.

Hei hunn de Wirtschafts- a Kooperatiounsminister an de Premier niewent enger Ried op enger IT-Konferenz och un engem "Fintech-Breakfast" participéiert, op deen d'Chambre de Commerce och eng ganz Partie Entreprisen an dem Beräich invitéiert hat.

Lëtzebuerg soll zesumme mam Privatsecteur ënner anerem hëllefen de Finanzsecteur zu Kigali auszebauen, erkläert den Ntoudi Mouyelo, dee sech am Ruanda ëm de Finanzzenter bekëmmert.

"Mir schaffen zesumme mat der Lëtzebuerger Uni a mat der Chambre de Commerce fir ze kucken, wéi mir d'technesch Assistenz kënne kréien am Beräich vun de Finanzen an den Technologien."

Den Ntoudi Mouyelo, Responsabelen dee sech am Ruanda ëm de Finanzzenter këmmert / Foto: Maxi Pesch

D'Land, dat streng vum President Paul Kagame dirigéiert gëtt a wou Pressefräiheet a Mënscherechter sécherlech net ëmmer respektéiert ginn, wëllt sech an de Beräicher vun der Ekonomie an der Digitalisatioun ausbauen.

D'Regierung huet et gepackt sech an de leschte Joren als interessante Standuert fir Auslandsinvestitiounen ze positionéieren. Hei géif een Opportunitéite gesinn, esou d'Charlotte Wirion, Matgrënnerin vun der Startup "WEO", déi Satellittebiller benotze fir d'Ëmwelt besser ze beschreiwen an ze gestionéieren:

"Niger huet natierlech vill ze di mat Dréchenten, wou mer kënne kucke wei d'Dréchentzyklen an Iwwerschwemmungzyklen iwwer d'Jore wiesselen. Hei am Ruanda geet et da méi ëm d'Bëscher, wéi d'Gesondheet vun de Bëscher ass etc..."

Ruanda als potentielle Kooperatiounspartner vu Lëtzebuerg

Kigali differenzéiert sech staark vum Recht vum Land, well och de Ruanda gehéiert nach ëmmer zu den äermste Länner op der Welt. Dat westafrikanescht Land ass eigentlech kee Kooperatiounspartner vu Lëtzebuerg.

Dem Franz Fayot no sollt d'Land dat awer eng Kéier ginn, hei géif et drëms goen d'Kooperatiounshëllef an Afrika geographesch ze diversifiéieren.

Dës Diversifikatioun wier wichteg an enger Regioun wéi dem Sahel, wou d'Sécherheetslag heiansdo immens prekär ass a komplizéiert politesch Lagen, wéi zum Beispill Iwwergangsregierungen, d'Kooperatioun mat neie Projete méi schwéier maachen.

An den nächste véier Joer solle ronn 40 Milliounen an d'Kooperatiounshëllef mam Ruanda gestach ginn, esou de Franz Fayot. Un der Entrevue tëschent dem Xavier Bettel an dem President Paul Kagame duerft d'Press net deel huelen, an e Point presse gouf et och net.