Confirméiert gouf, datt den Aarbechtskontrakt mam Frank Engel vum Generalsekretär Felix Eischen a vum Caissier Daniel Martins ënnerschriwwe gouf. Diskussioune gouf et ëm déi Leit aus der asbl déi iwwer dee Kontrakt Bescheed woussten. Dem Enquêteur no hätten dës Leit eigentlech misste Bescheed wëssen, well iwwer d'Absicht dat ze maachen diskutéiert gi war.
Dat wollten d'Affekote vun de Betraffenen awer net acceptéieren. Hier Mandanten hätte weder eng Kopie vum Kontrakt gesinn nach esou een ënnerschriwwen. Déi wieren eréischt stutzeg ginn, wéi de Frank Engel no siwe Méint eng Verlängerung vum Kontrakt gefrot huet. An der Suite waren et déi zwee Caisserevisore vun der CSV déi erkläert hunn, datt si d'Konte kontrolléiert hätten an de Virement vun de Cotisatiounen och acceptéiert hätten.