Suessem: Kompensatiounen fir zwou Deponien, obwuel et eng dovunner net méi gëtt.

D’Gemeng Suessem kritt 50 Cent pro Tonn Bauschutt als Kompensatioun fir d’Deponie op der “Gadderschaier”, plus nach emol 50 Cent op déi selwecht Tonn fir eng fréier Deponie déi haut zou ass. Dorobber huet sech d’Gemeng mam Groupement vun den Entrepreneuren gëeenegt; en Accord ass awer nach net ënnerschriwwen; sot am 100,7 Interview de Buergermeeschter vu Suessem. Aner Gemengen kréien Kompensatiounen tëscht 30 a 50 Cent.

Enn Mee kéint zu Suessem op der Gadderschaier déi nei Bauschuttdeponie opgoen; esou de LSAP-Buergermeeschter Georges Engel no enger Entrevue mat der Ëmweltministesch a mam Transportminister. Fir datt d’Camion’en net duerch d’Dierfer fueren, ginn fir den Accès op de Site, an enger Mesure d’Urgence, 2 Rond-Pointen gebaut.

De Georges Engel, Buergermeeschter vu Suessem, am Interview mam Mick Entringer:

 

 

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen