Radioen

On air

Notturno  |  Joanna Sternberg - Without You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Stol-Tripartite soll Kloerheet bréngen

Industrie

Stol-Tripartite soll Kloerheet bréngen

De Stolkonzern ArcelorMittal hat de leschten Donneschdeg annoncéiert, datt 570 Aarbechtsplazen zu Lëtzebuerg sollen ofgebaut ginn. Wéi genee den Ofbau vu 570 Aarbechtsplaze bei ArcelorMittal geschéien an ofgefiedert gi soll, wier nach net decidéiert. D'Zuelen iwwer Preretraite a Preretraite Ajustement, déi den Aarbechtsminister Kersch gëscht an der Chamber genannt hätt, wiere just eng Propose, déi elo nach an der Stol-Tripartite misst diskutéiert ginn, sou de Generaldirekter vun ArcelorMittal Lëtzebuerg.

auto_stories

1 min

De Roland Bastian ass Generaldirekter vun ArcelorMittal Lëtzebuerg.

30 Persounen kéinten direkt eng Preretraite ufroen, an 273 Salariéen kéinten am Fall vun engem Tripartiteaccord vun enger Préretraite ajustement profitéieren. Dem Roland Bastian no, wier awer nach net konkret decidéiert, wie vun deem Plazenofbau betraff ass.

Opgrond vun der Erfarung mat Tripartiten iwwer déi lescht 40 Joer hätt een elo eng Propos gemaach. "Déi hu mer e Méindeg an där informeller Tripartite op den Dësch geluecht. Dat ass awer elo nach guer keng Decisioun, déi do gefall ass. Op deene 570 Poste sinn nach keng Nimm", sou de Roland Bastian.

D'Kris huet verschidden Ursaachen

De Roland Bastian huet d'Iwwercapacitéiten um Weltmarché, d'US-Taxen op Stolimporter, déi ongenügend europäesch Reaktioun dorop, an déi Corona-bedéngt Abréch an der Baubranche an an der Automobilindustrie fir déi aktuell schwiereg Situatioun responsabel gemaach. Hien huet awer och ënnerstrach, datt een d'Zil hätt fir de Secteur kompetitiv ze maachen.

"An an deem Kontext ass et fir eis och eng Selbstverständlechkeet, datt mir niewent deem Aarbechtsplazen-Ofbau, deen elo néideg ass fir eis Kompetitivitéit ze erhalen, dass mir och an eis Anlage mussen investéieren, fir se zukunftsfäeg ze maachen."