Stéphanie Weydert (CSV) - Marc Baum (Déi Lénk)
“Wann et an der neier Legislaturperiod e Projet gëtt fir d’Trennung vu Kierch a Staat, da wäerten Déi Lénk dat ënnerstëtzen, egal wéi eng Regierung aus den Neiwahle vum 20. Oktober ervirgeet”, esou de Marc Baum, Kandidat vun Déi Lénk am Süden. “Ech weess net, wat do grouss geschéie soll: et gëtt jo eng institutionell Trennung, an d’Kierch decidéiert net, wat de Staat mécht”, esou am Face-à-Face d’Stéphanie Weydert, CSV-Kandidatin am Osten. D’Finanzéierung vun de Reliounsgemeinschafte misst awer iwwerschafft ginn.
Datt d’CSV de Reliounsunterrecht am Lycée duerch e Wäerteunterrecht ersetze wëll, awer net an der Grondschoul, erkläert d’Stéphanie Weydert domat, datt d’Elteren e Recht hätte fir hir Kanner no engem Glawen z’erzéien. De Marc Baum nennt de Virstouss vun der CSV "hallef häerzeg", well grad an der Grondschoul misst ugesat gi, well d’Kanner soss géife "mat reliéisen Iddien infiltréiert" ginn.
De Face-à-Face vum 14. Oktober, moderéiert vum Jean-Claude Franck, kënnt Der hei nolauschteren: