Start-Datum fir Cargolux-Flich op Zhengzhou : 29. Mee

D’Cargolux fänkt réischt an engem gudde Mount mat de reguläre Volen op Zhengzhou un. De Start-Datum fir d’Flich an d’Provënz vum neie Co-Aktionär HNCA ass den 29. Mee. Dat huet d’Airline annoncéiert. Den éischte Vol sollt de 24. Abrëll fort goen, huet awer missen annuléiert gi well et Problemer gi mam Umelle vun de Flich bei de chineseschen Autoritéiten. Et gëtt net ausgeschloss, datt d’Autorisatioun éischter virläit wéi den 29. Mee. Mä no der Blamage vum annulléierte Start-Fluch wëll d’Cargolux des Kéier op Nummer sécher goen, esou eng gutt informéiert Source. Experten no dauert et maximal 25 Deeg, bis d’chinesesch Autoritéiten äntweren. Méi Sourcen halen et fir méiglech, datt aner Provënzen a chinesesch Airlines Drock maachen zu Peking. Donieft gouf et eisen Informatiounen no en Hin an Hir ronderëm d'Zuel u Flich, déi sollten a China ugemellt ginn.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen