Wann de Regime agefouert gëtt, kéint de Salarié am Fall vum Net-Respekt vum Covid-Check-Regime bestrooft ginn. An deem Fall géif d'Aarbechtsrecht voll gëllen, notamment de Schutz virum Licenciement abusif, esou de Staatsrot, deen et domat de Geriichter iwwerléisst an engem potentielle Konflikt tëscht Patron a Salarié ze tranchéieren.
Am ëffentlechen Secteur erënnert de Staatsrot drun, datt de Generalstatut vum Fonctionnaire applizéiert gëtt. Am Fall vum Net-Respekt vum CovidCheck-Regime wier de Fonctionnaire enger Disziplinarprozedur exposéiert, esou de Staatsrot.
Den Avis ënnersträicht dann och, datt extern Persounen, déi an e Betrib oder enger Administratioun ënner CovidCheck-Regime ginn, net ënner deen Dispositif falen.
Dat neit Covid-Gesetz, dat de CovidCheck-Regime an de Betriber virgesäit, soll Ufank der nächster Woch gestëmmt ginn.