De Staatsbudget misst een am Detail liesen, well et wier nach net kloer, wéi déi Gelder konkret sollen agesat ginn, seet den Sven Clement vun der Piratepartei. Konkret Projete wieren an der Ried vum Finanzminister "natierlech" ze kuerz komm.
Fir d'CSV feelt et un Detailer
Zweiwel huet och de Gilles Roth: mat 228 Milliounen Euro géif ee keng 5.000 bis 8.000 Wunnenge bauen. Weider stellt fir den CSV-Deputéierte sech d'Fro, wéi ee mat der Aarmut géif ëmgoen.
Detailer iwwer d'Reform vun der Grondsteier géife feelen an hie werft der Regierung och ee Manktem un Steiergerechtegkeet vir an dat virun allem bei de Mono parentauxen.
déi Lénk: "Gerechtegkeet hierstellen"
Dat selwecht reprochéiert d'Deputéiert vun déi Lénk d'Nathalie Oberweis: et géif net drëm goe fir eng grouss Revolutioun ze maachen, "mee einfach mol d'Gerechtegkeet hierstellen". Och d'Nathalie Oberweis denkt hei un d'Monoparentauxen.
ADR: Kritik un der Staatsschold
Ee weidere Virworf vun der Oppositioun ass d'Staatsverschëldung. De Fernand Kartheiser, Deputéierte vun der ADR, fäert fir déi nächst Generatiounen: d'Regierung hätt net gesot, wéi se dës Scholde wëllen zeréckbezuelen
Et misst een den Budget nach eng Kéier op de Leescht huelen, mengt de Fernand Kartheiser.