Virum Vott hunn d'Deputéiert ënner anerem nach iwwer déi geplangten Dispositioune ronderëm d'Taxe d'abonnement diskutéiert.
Investissementer an Atomstroum a Gas ginn net méi steierlech begënschtegt
Am Budget 2023 ass virgesinn, datt d'Investissementer an Atomstroum an a Gas net méi iwwer d'Taxe d'abonnement steierlech begënschtegt solle ginn. De gréngen Deputéierte Francois Benoy huet den entspriechenden Amendement haut de Moien nach emol verdeedegt.
"Alles anescht - wann een nämlech e reduzéierten Taxe d'abonnement Saz gehat hätt, wou den Nucleaire an de Gas och mat dra wären - wier Greenwashing gewiescht. De Gas an och den Nucleaire, also den Uran, si fossil Energien, an déi mussen do bleiwen wou se higehéieren: nämlech ënner der Äerd."
Déi gréisst Oppositiounspartei stellt déi Decisioun a Fro a verweist op déi international Konkurrenz. D'Fongegeschäft hätt et duerch déi grouss Konkurrenz vum internationalen Ëmfeld schwéier, seet de Laurent Mosar. Elo hätte se et nach méi schwéier, seet den CSV-Deputéierten.
Hëtzeg Diskussiounen ëm Entwécklungsaarbecht
Méi hëtzeg Diskussioune gouf et tëscht dem Wirtschafts- a Kooperatiounsminister Franz Fayot an dem ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser.
De Franz Fayot sot, him wier zu Ouere komm, datt d'ADR géif fuerderen, datt d'Investissementer an der Entwécklungsaarbecht am Budget vun 1 Prozent vum Bruttonationalofkommes op 0,7 Prozent erofgesat misste ginn.
"Dat verwonnert mech net weider, dat ass de Playbook an och dat, wat rietsextrem a rietspopulistesch Regierungen iwwerall an Europa an iwwerall op der Welt maachen."
Eng Ausso vum Franz Fayot déi nawell fir Opreegung gesuergt hat de Moien an der Chamber.