Radioen

On air

Resonanzen  |  Claude Debussy - Masques, L 105 - Cathy Krier (Piano)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Milliard Defizit

Staatsbudget 2017

Eng Milliard Defizit

De Budget vum Zentralstaat wäert d'nächst Joer en Defizit vu ronn enger Milliard Euro maachen. Dat weist de Staatsbudget 2017, deen de Finanzminister Pierre Gramegna (DP) de Moien an der Chamber deponéiert huet.

auto_stories

1 min

D'Presentatioun vum Budget. Foto: CHD

Trotz gudde Wirtschaftsprognosen enregistréiert de Budgetsprojet vun der blo-rout-grénger Regierung am Joer 2017 beim Zentralstaat en Defizit vun 980 Milliounen Euro, d.h. -1,7 Prozent vum PIB. D'Gesamtschold vum Staat soll doduerch d'nächst Joer op 13,5 Milliarden Euro klammen, also 23,6 Prozent vum PIB. Am Fréijoer hat d'Regierung fir d'nächst Joer nach méi eng niddereg Staatsschold vun 13,3 Milliarden Euro virgesinn.

D'Regierung freet d'Autorisatioun, fir am Joer 2017 1,12 Milliarden an am Joer 2018 1,625 Milliarden ze léinen. Fir déi nächst zwee Joer sinn also Staatsemprunte vun 2,75 Milliarden Euro virgesinn. Och dëst Joer gëtt nach e Staatsemprunt gemaach, wann d'Maartkonditioune stëmmen, heescht et am Budgetsprojet.

Wéinst der gudder Situatioun vum Budget vun der Sécurité sociale an de Gemengen (cumuléierten Iwwerschoss vun 1,1 Milliarden Euro), wäerten déi gesamt ëffentlech Finanzen d'nächst Joer en Iwwerschoss vun 150 Milliounen Euro (0,3 Prozent vum PIB) maachen.

Wéinst der geplangter Steierreform rechent d'Regierung d'nächst Joer mat engem Ausfall bei de Staatsrecettë vun 370 Milliounen Euro.

Et ass dee leschte Staatsbudget, dee vum héije Fonctionnaire Jeannot Waringo koordinéiert gouf. Den Direkter vun der Inspection Générale des Finances (IGF) geet den 1. November an d'Pensioun.