SREL-Affaire: Gérard Reuter verléisst Appartement

De Gérard Reuter wunnt net méi am Appartement, dat an der SREL-Affär fir vill Diskussioune gesuergt huet. Paperjam Online huet gemellt, de fréiere President vun der fréierer Chambre des Comptes wier vun Dierwiechter virun d’Dier gesat gi well während Méint kee Loyer bezuelt gi wier. De Gérard Reuter huet dat an eisem Mëttespanorama dementéiert : hien hätt wéinst der SREL-Affaire souwisou wëllen aus dem Appartement eraus. Hien hätt dovu profitéiert, datt de Bail ofgelaf wier. D’Geschicht ronderëm d’Appartement zu Käerjeng war ee vun de villen ëmstriddene Punkten an der SREL-Affaire : bei der Justiz leeft eisen Informatiounen no nach eng Enquête préliminaire wéinst Détournement de biens publics.

Detailer am Bäitrag vum Jean-Claude Franck:

 

Net verpassen

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen