Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Jane Penny - Beautiful Ordinary

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Spontan Impfung um Lampertsbierg

Impfcampagne

Spontan Impfung um Lampertsbierg

Zënter haut kann ee sech spontan, ouni Rendez-Vous, an der Victor-Hugo-Hal um Lampertsbierg géint de Coronavirus impfe loossen. Vun där neier Méiglechkeet, déi eréischt e Freideg vun der Regierung ugekënnegt gi war, hunn direkt den éischten Dag eng 400 Leit Gebrauch gemaach.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Zënter haut kann ee sech spontan, ouni Rendezvous, an der Victor-Hugo-Hal um Lampertsbierg géint de Coronavirus impfe loossen. Vun där neier Méiglechkeet, déi eréischt e Freideg vun der Regierung ugekënnegt gi war, hunn direkt den éischten Dag eng 400 Leit Gebrauch gemaach.

Um 7 Auer huet den Impfzenter um Méindeg Moien opgemaach, an um 10 ware schonn eng 80 Leit spontan laanscht komm. "All Persoun, déi geimpft ass, ass eng Persoun, déi geschützt ass", esou den Dokter Armin Koegel vun der Santé, dee gespaant war, wéi grouss den Interessi un där neier Offer wier. Dat konnt ee jo net wëssen.

Den Dr. Armin Koegel virum Impfzenter

Haut war mol eng Impflinn fir Spontanimpfunge reservéiert. Wann den Undrang grouss gëtt, kéint awer séier eng zweet oder drëtt dofir opgemaach ginn, well et soll kee mussen ze laang waarden.

Géint hallwer 11 souzen eng 15 Leit an der Rei, mat ganz ënnerschiddleche Motivatiounen, fir sech elo impfen ze loossen:

Lauschterenplay_arrow

De Passage an der Impfkabinn dauert bei Spontanimpfunge vläicht en Tick méi laang wéi wann een op Invitatioun hi kënnt, mee dofir gëtt et e gudde Grond, wéi den Dokter Armin Koegel erkläert:

"D'Leit, déi mat Rendezvous kommen, hunn am Virfeld e Questionnaire ausgefëllt, an deem se am Fong iwwer hir Kränkten a Schwächte scho bericht hunn. Hei komme se ouni Questionnaire heihinner, d.h. mir mussen d'Froe stellen, a mir mussen am Fong eng medezinesch Anamnes maachen."

Duerno hunn d'Leit dann am Prinzip de Choix vum Vaccin. Fifty-fifty wier et gewiescht, an den éischte Stonnen, tëscht BioNTech-Pfizer an Johnson&Johnson, deen de Virdeel huet just eemol musse gesprëtzt ze ginn. Wat fir Leit mat Vakanzepläng vu Virdeel ass, mee net nëmme fir si: et gëtt ee ganz héije Prozentsaz - d'akademesch Literatur schwätzt vu bis zu 20 Prozent - déi ganz einfach d'Nol fäerten, esou nach den Dr. Armin Koegel.