Fir de variabele Besoinen am Spidolswiese gerecht ze ginn, wier eng besser Reaktivitéit néideg seet den Dr.Romain Nati, Direkter vum Centre Hospitalier. De Berechnungsschlëssel an d'Verhandlungsstrategië mat der CNS missten déifgräifend iwwerduecht ginn, fir "eaktivitéit op onerwaarte Besoinen ze hunn". De Berechnungsschlëssel deen existéiert an d'Verhandlungsstrategie misst "fundamental" iwwerluecht ginn.
Net nëmmen déi nei Well u Coronavirus-Infektioune kéint Lëtzebuerg ënner Drock setze fir séier neit Gesondheetspersonal ze rekrutéieren. De Responsabele vun der Krisenzell am Escher Chem, ass der Meenung datt de Personalschlëssel allgemeng misst méi héich gehale ginn. E wier immens enk, an de momentanen Enkpass hätt och duerch eng Grippewell kéinte geschéien esou den Dr.Serge Meyer. De Gesondheetssecteur misst sech déi néideg Moyene gi mengt och de Sylvain Vitali, Generalsekretär vun der Spidolsfederatioun.
"Mir mussen eis Gedanke maache wéi dat doten nach méi schnell ugoen an nach méi schnell eis kënne Reservoire schafe wou mir kënnen drop zeréck gräife wa mir déi Leit brauchen."
Ma elo mol missten d'Spideeler sech organiséiere fir déi 78 Vollzäitplazen op deene richtege Plazen anzesetzen a fir déi néideg Ressourcen iwwerhaapt ze fannen.