Radioen

On air

Espresso Beats  |  St. Paul & The Broken Bones - Sea Star

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Spideeler si gutt preparéiert

Gesondheets-Secteur

Spideeler si gutt preparéiert

Am Gesondheets-Secteur gëtt et den Ament en héijen Taux d'Absence, et gi Patiente wéinst oder mat Covid19 behandelt, an et kënnt eng Hëtztwëll op Lëtzebuerg duer. De President vun der Spidolsfederatioun, den Dokter Philippe Turk, seet awer datt d'Spideeler normal funktionéieren a gutt preparéiert sinn.

auto_stories

2 min

Spideeler funktionéiere ewéi normal trotz héijem Absenteismus.

Den Taux d'Absence vun de Spidol-Mataarbechter géif normalerweis bei 3,5 Prozent leien, mee wéinst Isolementer a Congés pour raison familiale, déi u Covid-Fäll liéiert sinn, géif dësen Taux den Ament ee Prozent méi héich leien. Dëst erkläert den Dokter Philippe Turk, de President vun der Spidolsfederation (FHL).

Och wann den Absenteismus méi héich ass wéi an der Moyenne funktionéieren d'Spideeler den Ament normal, mee et kéint awer punktuell zu Problemer kommen, esou de Philippe Turk:

"Et kann natierlech virkommen datt an eenzele Servicer op eemol e puer Leit matenee feelen, dat ka punktuell zu Problemer féieren, mee am Allgemenge funktionéieren d'Spideeler awer normal."

Covid-Situatioun an de Spideeler: Zouversiichtlech a virsiichteg

Och wann een am Prinzip gutt opgestallt wier, wieren d'Spideeler weiderhi virsiichteg, esou de President vun der FHL. Wichteg wier et ze observéieren, wéi d'Variante vum Covid géifen evoluéieren:

"Den Impftaux am Spidol ass och ganz an der Rei, do si mir zouversiichtlech. Mee eng nei Variant, géint déi de Vaccin net sou gutt géif hëllefen, kéint déi ganz Affär nees lass trëppelen."

Den Ament wieren 30 Covid-Fäll op de véier Spideeler verdeelt. Dobäi kéimen 80 Patienten, déi wéinst anere Krankheeten am Spidol wieren a gläichzäiteg Covid-positiv wieren ouni dovu krank ze sinn. Dës Patiente géifen eng grouss Aarbechtslaascht mat sech bréngen.

Gutt preparéiert op Hëtzwell mat System "alerte canicule"

Wat déi annoncéiert Hëtztwell ugeet, esou kéint dat deelweis desagreabel fir d'Patienten an d'Personal ginn, bedauert de Philippe Turk. Déi allgemeng Statioune wieren net klimatiséiert, mee mam System "alerte canicule" vum Gesondheetsministère wieren d'Spideeler gutt preparéiert.

Dëse System ass haaptsächlech eng Präventioun fir ze depistéieren ab wéi engen Temperature wéi ee Monitoring soll en place gesat ginn. Dëst gëllt speziell an de Services d'Urgence, fir ze wësse wéi vill Leit an engem Dehydratioun-Zoustand an d'Spidol kommen. Hei handelt et sech also éischter ëm eng präventiv Haltung vis-à-vis vun de Risike vun der Canicule.

Rezent hat déi däitsch Spidolsfederatioun wéinst der Hëtztwell virun enger steigender Belaaschtung fir d'Spideeler gewarnt.