Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ SPD gewënnt, mee d'Course ëm d'Kanzleramt ass oppen

Bundestagswahl

SPD gewënnt, mee d'Course ëm d'Kanzleramt ass oppen

D'Bündnis90/Die Grünen an d'FDP sinn déi grouss Gewënner vun der Bundestagswal. Zwar hunn SPD an CDU/CSU méi Stëmme gesammelt, mee Gréng a Giel hiewen ee Kandidat an d'Kanzleramt. No dem laange Walowend fänkt de Muechtpoker un. Trotz engem historesch schlechte Resultat fir d'Unioun huet den Armin Laschet och nach Chancë Kanzler ze ginn.

auto_stories

3 min

Et war knapp, vun Ufank un. Déi éischt Prognosen um Walowend hunn d'SPD hauchdënn virun der Unioun vun CDU an CSU gesinn. De Virsprong sollt awer iwwer den Owend konstant wuessen. D'SPD huet sech als Gewënner etabléiert a kënnt, den Zuele vu Méindeg Moien no, op 25,8 Prozent vun de Wielerstëmmen. Hire Kanzlerkandidat Olaf Scholz gesäit dat als e kloren Optrag: "D'Bierger hu gewisen, datt si e Kanzler Olaf Scholz wëllen."

Mee och d'Unioun vun CDU an CSU gesäit sech an der Regierungsverantwortung - trotz engem historesch schlechte Walresultat. Mat ronn 24,1 Prozent vun de Stëmmen ass d'Unioun esou schwaach wéi nach ni an der Geschicht vun der Bundesrepublik. Hire Spëtzekandidat Armin Laschet wëllt trotzdeem an d'Kanzleramt: Et hätt schliisslech och an der Vergaangenheet net ëmmer dee mat de meeschte Stemmen de Regierungschef gestallt.

Aner Parteien hunn et an der Hand

Ob de nächsten däitsche Kanzler awer Olaf Scholz oder Armin Laschet heescht, dat decidéieren herno ganz anerer: d'Bündnis90/Die Grünen an d'FDP. Si sinn déi zwee grouss Gewënner vun der Wal.

Déi däitsch Gréng gi mat ongeféier 14,3 Prozent vun de Stëmmen drëttstäerkste Kraaft. Sou staark war d'Bündnis90/Die Grünen nach ni. Trotzdeem war d'Spëtzekandidatin Annalena Baerbock enttäuscht: "Mir wollte méi", sot si. Si war ugetruede fir Kanzlerin ze ginn.

Déi liberal FDP verbessert sech liicht op 11,5 Prozent, wäert awer wéi déi Gréng eng wichteg Roll bei der Regierungsbildung spillen. Hire Parteichef Christian Lindner huet sech dofir staark gemaach, datt FDP a Gréng als éischt Gespréicher sollt matenee féieren. Ouni béid Parteie wier nämlech just eng Grouss Koalitioun aus SPD an Unioun méiglech. Nach esou e Bündnis wëllt awer u sech keen.

Koalitiounsméiglechkeeten: Ampel vs Jamaika

Et gesäit also esou aus, wéi wann Gréng a Liberal zimmlech sécher eng Roll an der nächster Regierung wäerte spillen. Méiglech wieren zwou Koalitiounen: eng Ampel-Koalitioun mat der SPD, de Gréngen an der FDP; oder awer eng sougenannten Jamaika-Koalitioun aus CDU/CSU, Gréngen an FDP.

Béid Bündnisser sinn awer vu gréissere Kompromësser vun de Parteien ofhängeg. Eng Ampel kéint un de verschiddene Steierpoliticke vun SPD an FDP scheiteren, bei Jamaika gëtt et Differenzen an der Klimapolitik tëscht Unioun a Bündnis90/Die Grünen. Et ass net onwarscheinlech, datt d'Sondéierungsgespréicher laang Woche wäerten daueren.

Lénkspartei ziddert, mee iwwer Direktmandater am Bundestag

Datt nieft dem Ampel-Bündnis an der Jamaika-Koalitioun keng weider Regierungsoptioun méiglech ass, läit och um schwaachen Ofschneide vun der Lénkspartei. Si leie bei 4,9 Prozent vun de Stëmmen, domat kritt Rout-Gréng-Rout Koalitioun keng Majoritéit am Bundestag. Well d'Lénkspartei awer viraussiichtlech dräi Direktmandater gewonnen huet (een zu Leipzig, zwee zu Berlin), kommen se iwwer eng Sonderregelung trotzdeem an de Bundestag. Normalerweis muss een d'Fënnef-Prozent-Hürd packen, fir am Parlament vertrueden ze sinn.

Déi rietsnational AfD huet am Verglach zu 2017 verluer a kënnt nach op 10,6 Prozent vun de Wielerstëmmen.