Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Francis Of Delirium - Lakes

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei Mesurë géint de Virus: Ënner anerem Spärstonn fir d'Horesca

Regierungsdecisiounen

Nei Mesurë géint de Virus: Ënner anerem Spärstonn fir d'Horesca

Mat der Omikron-Variant géif et en neie Moment an dëser Pandemie ginn, sou de Premierminister. D'Regierung geet dovun aus, datt déi méi ustiechend Omikron-Variant och an nächster Zäit déi dominant Variant zu Lëtzebuerg wäert sinn. Dofir proposéiert se eng Rei Adaptatiounen um Covid-Gesetz, déi dëse Freideg kéinte gestëmmt ginn an de Samsdeg sollen a Kraaft trieden.

auto_stories

2 min

Am Horeca-Secteur wäert eng Spärstonn um 23 Auer agefouert ginn, sou de Premierminister Xavier Bettel de Moie virun der Press. Zousätzlech dozou gëllt am Horeca-Secteur den 2G-Regimm an et muss ee seng Boosterimpfung gemaach hunn. Wann een net geboostert ass, muss een op der Plaz zousätzlech e Schnelltest maachen. Fir Evenementer bis 10 Leit gëllt den 2G-Prinzip, iwwer 20 Leit gëlt den 2G+ Prinzip.

Bei Rassemblementer iwwer 200 Leit muss ee sanitärt Konzept mat der Santé ausgeschafft ginn. Baler, virun allem d'Studentebaler elo um Enn vum Joer, wäerte mussen ofgesot ginn.

Fir Rassemblementer am Private gëlle bis zéng Leit keng nei Aschränkungen, vun zéng Leit un gëllt den 3G-Regimm an et muss een d'Evenement umellen.

Am Enseignement soll no der Vakanz iwwerdeems nees déi generell Maskeflicht gëllen.

An Ofsprooch mam Conseil Supérieur des Maladies Infectieuses hätt d'Regierung och d'Enschteedung geholl, fir d'Impfunge fir Kanner tëscht 5 an 11 Joer opzemaachen.

D'Regierung huet och 7,5 Milliounen zousätzlech Schnelltester kaaft, sou de Premier.

Et ass mat groussem Drock op de Gesondheetssecteur ze rechnen

Et wier och domat ze rechnen, datt duerch d'Omikron-Variant vill méi Leit sech géifen ustiechen, krank ginn an och hospitaliséiert géife ginn, sou d'Gesondheetsministesch. Doduerch kéint et zu groussem Drock op de Gesondheetssecteur kommen. Et wier och an aneren essentielle Secteuere mat engem héije Krankestand ze rechnen.

Mam Booster-Shot wier een zu ronn 70 Prozent geschützt, mat zwou Impfunge wier de Schutz nach ronn 50 Prozent, sou d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert.

Regierungsintern géifen d'Diskussiounen iwwer eng allgemeng Impfflicht lafen, mat enger Decisioun op dësem Punkt wier fir Mëtt Januar ze rechnen, sou de Premier.