Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Space economy: e Secteur wiisst

International Astronautical Congress

Space economy: e Secteur wiisst

D'IAC, den International Astronautical Congress, ass kee richtege Kongress, éischter eng Foire, op där déi grouss Acteuren aus der Space economy sech Rendezvous ginn, dëst Joer zu Dubai.

auto_stories

6 min

Lëtzebuerg ass do mat engem Stand vun der Luxembourg Space Agency vertrueden, d'Chambre de Commerce huet eng Wirtschaftsmissioun dohinner organiséiert, an de Wirtschaftsminister Franz Fayot ass op der Plaz, fir déi Lëtzebuerger Ambitiounen an deem Beräich däitlech ze maachen. D'Regierung wëllt dee Secteur jo geziilt weiderentwéckelen. An déi Beméiunge schéngen och net ëmsoss ze sinn.

Ee Secteur, dee sech diversifizéiert

Op der IAC ass gëscht deen neie Lëtzebuerger Space Directory verdeelt ginn, eng Broschür, an där déi eenzel Acteuren aus der Lëtzebuerger Space-Branche kuerz virgestallt ginn. Et sinn der elo 70 - privat Entreprisen, och ëffentlech Playeren - dat sinn der 20 méi wéi nach zejoert, weist, wéi de Secteur wiisst a sech diversifizéiert.

De Franz Fayot um International Astronautical Congress zu Dubai. Foto: SIP / Emmanuel Claude

Space mining war e Schlagwuert am Ufank, wéi den deemolege Wirtschaftsminister Etienne Schneider d'Initiativ lancéiert huet. Gemengt war (an ass) domat den Ofbau vu Ressourcen am Weltall: Wäertstoffer op d'Äerd bréngen, déi hei ufänke rar ze ginn, déi een op Asteroiden nach en masse fënnt.

Am Weltraum Material verschaffen

D'Space economy ass awer vill méi wéi dat. De Marc Serres, Chef vun der Lëtzebuerger Weltraum-Agence LSA illustréiert mat engem Beispill, wéi ee Potential an deem Secteur stécht.

"Wat een elo gesäit, wat sech entwéckelt, dat ass den in-space-manufacturing. D'Leit fänken un déi Proprietéit vum Vide och als Avantage ze benotzen fir Produkter ze maachen, déi eng vill besser Qualitéit hunn. Et ass een Challenge derhannert: et muss een d'Saachen eropbréngen, se do fabrizéieren an dann erëm erof op d'Äerd bréngen, mee dat huet en enorme Potential och en termes vu Ressourcen."

D'Firma Manaaelectric, déi 36 Mataarbechter zu Lëtzebuerg beschäftegt, geet an hirer Demarche nach e Schrëtt méi wäit: si wëllt an Zukunft mat enger Ressource aus dem Weltall eppes am Weltall produzéiere, wat dann och am Weltall bleift: Solarpanelen aus Regolith, also Mound-Sand:

"Mir wäerte Roboteren hunn, déi eng Maschinn mat Regolith fidderen", erkläert de Grënner a CEO vu Manaaelectric, de Joost van Oorschot. Déi Maschinn géif dat Material verschaffen, um Enn kéime fäerdeg Solarzellen hannen eraus, déi dann och direkt op der Plaz installéiert gi, fir do Energie ze produzéieren.

De Franz Fayot zesumme ma Joost van Oorschot a mam Fabrice Testa vu Manaaelectric. Foto: SIP / Emmanuel Claude

Et géif kee Sënn maachen d'Material op d'Äerd ze bréngen an de Solarpanel dann hei um Buedem ze bauen. "Mir probéiere wierklech lokal ze produzéieren."

Material direkt um Mound verschaffen

Lokal produzéieren: e Slogan, deen een éischter mat Bio-Landwirtschaft, wéi mat Space economy a Verbindung bréngt. Mee falsch ass en net an dësem Kontext.

De Franz Fayot zesumme mam Julien-Alexandre Lamamy vun iSpace. Foto: SIP / Emmanuel Claude

Woubäi Manaaelectric, fir Moundsand kënnen um Mound ze verschaffen, fir d'éischt emol hiert Fabrikatiouns-Material op de Mound brénge muss. An dofir kéint si op d'Servicë vun enger anerer Entreprise zeréckgräifen, déi zu Lëtzebuerg setzt: d'Firma iSpace, erkläert de Julien-Alexandre Lamamy:

"Nous, on veut être un des premiers services de transport commerciaux pour emmener du Cargo de l'orbite terrestre jusqu'à la surface de la lune. Et le faire de manière très rapide et peu chère pour que de nouvelles compagnies puissent se créer."

Spire: Een Aushängeschëld fir Lëtzebuerg

Aushängeschëld vum neie Lëtzebuerger Space-Secteur ass am Moment Spire global, eng Firma, déi zanter dräi Joer zu Lëtzebuerg present ass, déi haut 50 Mataarbechter hei am Land beschäftegt, an dee Staff bannent den nächsten zwee Joer op 80 erofschrauwe wëllt.

Spire ass eng "data analytics company", d'Firma sammelt weltwäit Daten mat enger grousser Flott vu méi wéi 140 Nano- (also ganz klenge) Satellitten, analyséiert, vergläicht oder completéiert se mat aneren Datesätz, déi schonn existéieren.

De Clienten liwwert dat wäertvoll Indikatiounen iwwer d'Wieder, d'Atmosphär, d'Klima a seng Entwécklung. Spire hält och en A op de Fluchverkéier z.B., oder den Trafic op de Mierer. D'Entreprise sëtzt an den USA, zu Singapure, zu Glasgow a Schottbland an eben zu Lëtzebuerg.

Zesummenaarbecht mat Acteuren aus Lëtzebuerg

"Lëtzebuerg gëtt ëmmer méi d'Häerz vun eisen Decisiounsprozesser", seet d'Naziyah Mahmood vu Spire global. "Ëmmer méi Entscheedunge ginn do geholl. Mir schaffe ganz enk mat der Lëtzebuerger Weltraum-Agence zesummen a mat Recherche-Institutioune wéi der uni.lu."

De Franz Fayot (Mëtt) am Gespréich mat der Naziyah Mahmood (lénks) a mam Ivan Maldonando vu Spire. Foto: SIP / Emmanuel Claude

Och de LIST, de Luxembrourg Institute of Science an Technology ass ganz aktiv an der Weltraum-Fuerschung - a verschiddenen Domainer.

"Als ëffentlechen Institut si mer drop ugewisen, Partenariater mat privaten an och ëffentlechen Acteuren ze maachen", erkläert den Thomas Kallstenius, de CEO vum LIST.

De Ricardo Topham, den Dr Thomas Kallstenius an de Paolo Campane vum LIST zesumme mam Wirtschaftsmininster Franz Fayot. Foto: SIP / Emmanuel Claude

"Mir schaffe mat enger ganzer Rei vun de grousse Playeren zu Lëtzebuerg zesummen, a mir wäerten haut och hei en neie grouss Partenariat annoncéieren."

Nowuess fir de Space-Secteur

De Secteur wiisst, dofir recrutéiert en; an d'Luxembourg Space Agency hëlleft dofir ze suergen, datt en och déi néideg Leit fënnt: mat Initiativen am Schoul- an Héichschoulberäich.

Am Summer huet déi éischt Promotioun vun engem inter-diszipilinäre Space-Master-Studiegang ofgeschloss. D'LSA huet och Aktioune lafen an de Beräicher Primaire a Secondaire. D'Formation des formateurs hätt ee grousse Succès, seet de Marc Serres:

"Do ass d'Idee net an d'Schoulen ze goen, also de Space ze enseignéieren en tant que tel. Do geet et méi drëm den Enseignanten déi néideg Instrumenter ze gi fir de Spatial ze benotzen an engem Physiks-, Chimies- oder Mathés-Cours. Dee Sujet ze benotze fir déi Jonk ze interesséiere fir déi verschidden Diosziplinnen."

Sou wéi de Space-Secteur sech entwéckelt, ass et fir ee Schüler och secher net déi dommsten Idee, sech fir dee Beräich ze begeeschteren,