Radioen

On air

Klassik Live  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Croix-Rouge sicht Wunnengen

Soziale Wunnengsmaart

D'Croix-Rouge sicht Wunnengen

D'Croix-Rouge sicht Wunnengen an deene si Leit kann ënnerbréngen, déi soss keen Daach iwwer dem Kapp hätten. D'Hëllefsorganisatioun lancéiert dofir en Appell u privat d'Proprietären fir Wunnengen, déi eidel stinn, zur Verfügung ze stellen.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Am Moment wären d'Wunnengen all besat, déi d'Croix-Rouge no soziale Krittäre ka verlounen, seet d'Nadine Conrardy vun der Croix-Rouge am 100,7-Interview.

An awer géifen nach ëmmer "ganz vill" Leit op eng Wunneng waarden. Wéi vill genee kéint si net soen, esou d'Nadine Conrardy.

Verschidde Méiglechkeete beim verlounen

Fir weider Wunnengen ze mobiliséieren, rifft d'Hëllefsorganisatioun privat Proprietären elo nach eng Kéier dozou op fir Wunnengen, déi eidel stinn, zur Verfügung ze stellen. Et géife verschidde Méiglechkeete gi fir esou Wunnengen ze notzen, erkläert d'Nadine Conrardy.

D'Croix-Rouge kann de Proprietären zum Beispill Leit vermëttelen, déi aus eegene Moyenen e Loyer gestemmt kréien. Dat kéinten zum Beispill Flüchtlinge sinn, déi viru Kuerzem eng Openthaltsgeneemegung hei am Land kruten, esou déi Responsabel vun der Croix Rouge.

Eng aner Méiglechkeet ass d'Gestioun Locative Sociale: An deem Fall lount d'Croix-Rouge d'Wunneng fir e reduzéierte Loyer, a këmmert sech dann ëm de Suivi. D'Leit, déi an der Wunneng ënnerkomme ginn da vun der Hëllefsorganisatioun encadréiert.

Aner Organisatioune sichen och no Wunnengen

D'Croix-Rouge ass net déi eenzeg Organisatioun déi dréngend no Wunnenge sicht, fir se op dës Aart a Weis ze verlounen. Mee d'Nadine Conrardy ass trotzdeem zouversiichtlech, datt weider Logementer kënne mobiliséiert ginn.

Si seet, wéi de Krich an der Ukrain am Februar ugefaangen huet, hätt d'Croix-Rouge schonn eng 110 Wunnengen zur Verfügung gestallt kritt - dat géif si optimistesch stëmmen.