Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sozial- a Solidarwirtschaft stärken

Jean-Christophe Burkel (ULESS)

Sozial- a Solidarwirtschaft stärken

Den Aktiounsplang iwwer d'Sozial- a Solidarwirtschaft vun 2011 gouf vun der Regierung praktesch komplett ëmgesat. Fir datt de Secteur sech ka weiderentwéckele misst déi zukünfteg Regierung ee spezifescht ministeriellt Departement bäibehalen, seet de Jean-Christophe Burkel, Direkter vun der ULESS, der Union luxembourgeoise de l'économie sociale et solidaire.

auto_stories

2 min

"Mir brauchen e Minister, dee sech derfir interesséiert a grad esou implizéiert, wéi déi zwee viregt Ministeren. Iwwerdeems brauche mir finanziell Mëttel a méi Personal fir déi Verwaltung, fir dee bis elo klengste Ministère vun der Regierung. D'Kompetenzen, déi fir den Ament uechter enger Rëtsch Ministère verdeelt sinn, missten zesummegefouert ginn."

Nei national Strategie vun 2019 un

D'ULESS fuerdert eng national Strategie fir déi nächst véier Joer, déi déi villfälteg Aktivitéite vun der Sozial- a Solidarwirtschaft kéint weiderentwéckelen.

D'Economie sociale et solidaire wier en zentraalt Element vun der sozialer Innovatioun a vun der Evolutioun vun den Aarbechtskonditiounen, grad ewéi vun der Digitaliséierung, betount de Jean-Christophe Burkel. Kreeslafwirtschaft an d'Kreativitéit wieren eng weider Spezialitéit, grad ewéi d'Integratioun vu Flüchtlingen.

"Et si vill Thematiken, déi an Zukunft wichteg si fir déi nächst Regierung. De Secteur huet net direkt eng Léisung fir déi Problematiken, mee hëlleft no konkrete Léisungen ze sichen. Fir an deem Beräich kënne weiderhin aktiv ze sinn, brauche mir, grad ewéi d'Industrie, de Bankesecteur an den Déngschtleeschtungsberäich, eng ëffentlech Hëllef."

D'Sozial- a Solidarwirtschaft wier a ville Beräicher aktiv. Zum Beispill an de Betreiungsstrukture fir Kanner, eeler Mënschen oder Persoune mat enger Behënnerung. Weider ass d'Solidarwirtschaft bei der Integratioun vu Mënschen aktiv, déi wäit ewech si vum éischten Aarbechtsmaart oder vu Refugiéen. Donieft ginn et och Aktivitéiten am Audiovisuellem, am kreative Beräich. Eng vun deenen éischte Gesellschaften, déi den Agreement vun enger SIS, enger Société à impact sociétal krut, ass ee Magazin vun enger Kommunikatiounsfirma, déi decidéiert huet, sech an der Sozial- a Solidarwirtschaft z'engagéieren.

Société à impact sociétal

Zanter engem Joer gëtt et d'Gesetz iwwer d'SIS, d'Société à impact sociétal. Ronn zéng Gesellschafte kruten den Agreement.

"Fir den Ament sinn et kleng Strukturen, déi den Agreement vum SIS kréien. Fir méi grouss Strukture brauche mir méi Zäit. Wichteg wier et, d'Hëllefen an d'Berodung fir déi Gesellschaften um nationale Plang ze strukturéieren", seet de Jean-Christophe Burkel.