Radioen

On air

9 bis 1  |  Cassandra Jenkins - Clams Casino

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Solidaresch Landwirtschaft als Alternativ zum Supermarché

Biophilia

Solidaresch Landwirtschaft als Alternativ zum Supermarché

Orangen, Papayaen a Mangoen, dat alles gëtt ëm dës Joreszäit gäre giess. Mee nohalteg gesäit anescht aus. Wärend der Produktioun, der Recolte, an dem Transport vun deene Friichten iwwer d'Tëschenhändler bis an de Supermarché geet vill Waasser drop, an et entstinn enorm vill CO2-Emissiounen. Vun de Aarbechts- a Salaireskonditiounen an deene vill vun den Aarbechter op deene Plantage schaffe guer net ze schwätzen. Mat guddem Gewëssen an esou eng Fruucht ze bäissen, ass also éischter schwiereg. D'Paule Rodesch huet sech op d'Sich no enger Alternativ gemaach, an eng fonnt.

auto_stories

2 min

Rieds geet vum Crowdfarming. Crowd wéi dat däitscht Menschenmenge, a Farming wéi d'Landwirtschaft.

Dee Prinzip fënnt een hei am Land als solidaresch Landwirtschaft, Solawi: d'Konsumente bezuele pro Joer e gewësse Montant, a kréien da vun ca. Mee bis November all Woch e Kuerf Geméis, mat alle Risiken déi domat zesummenhänken (also ze vill Reen, Dréchent, Planzekränkten asw).

Gutt fir Bauer a Konsument

Dat ass net nëmme fir de Bauer eng Méiglechkeet am Viraus kënnen ze plange wat gebraucht gëtt, de Wee iwwer den Händler ze evitéieren, deen sech eng déck Marge um Produit hëlt a sech finanziell ofzesécheren, egal wat geschitt.

Et ass fir de Konsument och eng sécher Quell vun nohalteg produzéierten an - normalerweis- pestizidfräie Liewensmëttel, souwéi en zimmlech dopamin-geluedene Moment, wann een eleng oder mat der Famill zesumme säi Geméis ka plécke goen.

Vum Bauer direkt bei de Client

Hei am Land wuessen numol awer keng Orangen a keng Mangoen. Wat also maachen, wann een dono glëscht, dofir awer net déi dausende Kilometer a Kaf wëllt huelen, déi dës Friichte mussen zeréck leeën, éier se bei eis am Buttek leien?

Zwee Bridder aus Valencia a Spuenien haten 2017 d'Iddi, fir direkt un de Client erun ze trieden an hu mat zwee anere Baueren d'Plattform crowdfarming.com an d'Liewe geruff. Heirop kënnen d'Clienten z.B. Uebstbeem adoptéieren - finanzéieren also den Ënnerhalt dovun - a wärend der Saison vun der Fruucht, kréien si Uebst heem geliwwert.

A well d'Uebst hei an Europa hiergestallt an net iwwer sechs Ëmweeër bei de Konsument heem transportéiert gëtt, fale vill Käschten, CO2-Emissioune souwéi Waasserverbrauch ewech. An et entsteet och manner Liewensmëttelverschwendung, well d'Friichten net wochelaang ënnerwee sinn, bis se op hirer Destinatioun ukommen.

Eng gesond Relatioun mam Iessen

Mëttlerweil kann een op der Plattform net nëmme biologesch produzéiert Uebst, mee och z.B. Avocadoen, Olivenueleg, Seef, Räis oder Kären aus enger ganzer Rëtsch Länner an Europa bestellen.

Dat ëmmer nëmme wärend d'Produite grad Saison hunn, et kritt een also och, grad wéi bei der solidarescher Landwirtschaft, nees eng méi gesond Relatioun zu deem wat mer iessen.

Et muss ee jo net bei Minus 10 Grad eng Schossel Äerdbier erafeieren, an och net am Héichsummer frësch gepressten Orangëjus schluppen.