SNPGL begréisst Reform vun der Police a nei Direktioun

D’Police-Gewerkschaft SNPGL huet d’Reformpläng vun der Police an d’Nominatioun vun der neier Féierung begréisst. De President vun der SNPGL Pascal Ricquier huet vun engem couragéierte Minister Etienne Schneider geschwat, iwwerdeems hien de fréiere Minister Jean-Marie Halsdorf kritiséiert huet.

De Pascal Ricquier sot d’Reform bei der Police wier batter néideg. Dës géing a sengen Aen e bessert Funktionnement vun enger moderner Police erméiglechen. Vun der neier Féierung bei der Police, erhofft sech d’SNPGL e fairen an transparente Partner.

De ganzen Interview vum Gilles Wunsch mam SNPGL-President Pascal Ricquier a mam SNPGL-Generalsekretär Christian Pierret:

[audio mp3="http://www.100komma7.lu/emissions/wp-content/uploads/snpgl-fir-blog.mp3"]

Programm

  • The Benny Brown Show

  • On air

    Notturno

  • Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

Net verpassen

Dossieren

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen