D'Gewerkschaft huet - no engem Mandat vum Personal - den Office national de conciliation ageschalt: déi éischt Sitzung virum Schlichter ass e Méindeg.
Zanter 2012 géif et bei der SNCT keng richteg Salaires-Augmentatioun méi ginn, esou d'Zentralsekretärin Julie Roden vum OGBL-Syndikat "Servicer an Energie".
E vun de grousse Knackpunkte wier, datt d'Direktioun vun der SNCT géif refuséieren " anstänneg ze verhandelen ". D'Direktioun hätt am Ufank nach sou gemaach, wéi wa se verhandele wéilten, mee "vun engem gewëssen Zäitpunkt un hu se einfach alles ofgeblockt a gesot, si géifen elo an Zukunft kee weidere Kollektivvertrag méi verhandele wëllen, soulaang kee sektorielle Kollektivvertrag ausgehandelt gëtt", seet d'Gewerkschaftlerin.
An den A vun der Julie Roden ass dat problematesch, well sech ee Kollektivvertrag engersäits net "vun haut op muer verhandele léisst", an anerersäits missten och aner Acteuren, déi d'Luerenzweiler Kontrollstatioun LU KS an d'DEKRA, och un dëse Verhandlungen Deel huelen.