Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  King Pari - Wait A Minute

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Sinn dat gutt investéiert Suen?"

Steierpolitik

"Sinn dat gutt investéiert Suen?"

De Staat verzicht all Joers op ronn 50 Milliounen Euro Recettë wéinst enger Steiererliichterung fir Immobilieninvestisseuren. Dat geet aus der Äntwert vum DP-Finanzminister Pierre Gramegna op eng parlamentaresch Fro vum Yves Cruchten ervir. Den Deputéierten an LSAP-Parteipresident hat nom finanziellen Impakt vum sougenannten "Taux d'amortissement accéléré" gefrot. Wien eng Immobilie keeft, fir se ze verlounen, ka säin Invest vun de Steieren ofschreiwen, déi een um Loyer muss bezuelen: Wärend den éischte Joren nom Bau vun der Immobilie ass dat wéinst engem méi héijen Amortissementstaux ee méi grousse Montant ewéi duerno. Datt d'Regierung dësen Taux elo liicht erof setzt, wier een éischte Schrëtt an déi richteg Richtung, fënnt den Yves Cruchten.

auto_stories

4 min

Den LSAP-Deputéierten Yves Cruchten. Foto: Archiv

Dir hutt de Finanzminister nom "Déchet fiscal' vum Taux d'amortissement accéléré gefrot. Dat wiere geschate 50 Milliounen Euro d'Joer - ass dat vill an erstaunt Iech dat?

Ech war net wierklech erstaunt. Mee de Problem war, datt keen et wierklech konnt aschätzen. Ech hunn déi Fro puer Leit a mengem Ëmfeld gestallt a kee wosst et. Ech mengen och am Ministère hu si et missen nosichen, et hat jo puer Deeg gedauert fir déi Äntwert ze kréien. Elo wësse mir, wou mir dru sinn. D'Zentralbank huet och begréisst, datt dat elo Mol endlech chiffréiert gouf.

Si 50 Milliounen Euro vill?

D'Fro stellt sech aneschters: sinn dat do gutt investéiert Suen? Well mir verzichten als Staat do op 50 Milliounen Euro a wëllen domadder ukierpen, datt d'Leit an de Logement investéieren. Virun 20 Joer, wéi déi Mesure agefouert gouf, war dat justifiéiert. Mee haut ginn et esou vill Hëllefen a Subventioune fir de Wunnengsbau.

A wat de Marché selwer scho generéiert u Plus-valuen, sou datt et eigentlech a mengen Ae kee Besoin gëtt fir weider steierlech Avantagen ze schafen. Dowéinst ass et och richteg, datt d'Regierung decidéiert huet, dat elo an enger éischter Etapp erof ze setzen. A wann ech als LSAP-Präsident éierlech sinn, da kann et mat deem éischte Schrëtt net duer goen. Mir mussen an den nächste Jore weider Schrëtt maachen, bis mir op een normalen Amortissement zréck kommen.

D'Salariatskammer, mat Verweis op d'OECD, kritiséiert, datt d'Approche fir d'Demande mat esou steierlechen Avantagen ze subventionéieren, zur Konsequenz huet, datt d'Präisser klammen. Muss do ee konzeptuellt Ëmdenke geschéien?

Et ass genee dat. Wann Dir kuckt, wat de Marché all Joers u Plus-value generéiert, wann Dir an de Logement investéiert hutt, dann ass dat vill méi wéi dat wat Dir op de Bourssen oder de Banke kënnt kréien. A fir dann nach donieft och nach ee steierleche Subventionnement ze maachen, dat mécht eigentlech am Moment kee Sënn.

Mir dreiwen d'Demande domadder ëmmer méi an d'Luucht. A mir wësse jo alleguer, datt mir mat der Offer am Moment net nokommen. Dowéinst sinn déi Diskussioune wichteg. Ech verstinn och, datt een esou een Instrument net soll vun haut op muer soll ofschafen. Et si jo och Leit, déi domadder gerechent hunn. Mee an Zukunft muss dat manner ginn a mir mussen nees op een normalen Amortissement zréck kommen.

Et gëtt nach een anere wichtege Steieravantage: Als Investisseur kann een d'Scholdzënse vun engem Immobiliëprêt komplett vun de Steieren ofsetzen. Wësst Dir wéi ee finanziellen Enjeu dat huet a wat haalt Dir dovunner?

Ech ka mir virstellen, datt dat do ee vun den Theme gëtt, wat an där grousser Steiergerechtegkeetsdebatt d'nächst Joer wäert kommen. Dir wësst, datt mir dat als Partei ugefrot hunn a fir mech ass dat do eng vun de Froen, déi solle gestallt ginn.

Wann Dir mech nom "Déchet fiscal' vun där dote Mesure frot, da kann ech Iech et net soen. An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro zum Taux d'amortissement accéléré fannen ech et schued, datt ech net och matgedeelt krut, wéi sech den "Déchet fiscal' opdeelt, tëscht Privatleit, déi an eng Immobilie investéieren, respektiv deenen, déi dat aus kommerzieller Absicht maachen. Dat wier eng Informatioun, déi ech onbedéngt gär hätt an dat géing zu méi Transparenz féieren.

A propos Transparenz: Et gi vill Steieravantagen, deenen hire Käschtepunkt néierens am Budget opdauchen. Kann een iwwerhaapt iwwer Steierpolitik schwätzen, wann een net weess, ob wéi eng Recetten de Staat verzicht?

Do muss ech de Finanzministère e bëssi a Schutz huelen, déi hu lo schonn eng ganz Partie Efforte gemaach. Do hänken eng Rei Informatiounen hannen um Staatsbudget drun. Dir hutt Recht, mir sinn nach net um Enn vun där Geschicht, mir kéinten do déi eng oder aner Informatioun méi kréien.

Ech si mir och net sécher, ob de Ministère déi Informatiounen esou opgeschlësselt all schonn huet. Sou datt dat e bëssi Aarbecht a Preparatioun braucht, fir déi Informatiounen zesummen ze stellen. Ech ginn d'Hoffnung net op, datt mir grad an der Debatt iwwer d'Steiergerechtegkeet déi eng oder aner Informatioun awer nach wäerte kréien.

Aus dem pluriannuelle Budgetsprojet fir d'Joren 2021-2024 Säit 453-454.