Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Simone Asselborn-Bintz iwwerhëlt d'Successioun vum Georges Engel

LSAP

Simone Asselborn-Bintz iwwerhëlt d'Successioun vum Georges Engel

D'Simone Asselborn-Bintz wäert d'Successioun vum Georges Engel un der Spëtzt vun der Gemeng Suessem iwwerhuelen. Dat confirméiert d'Chamberdeputéiert bei eis op der Antenn. Als Zweetgewielt wier si un der Rei, a si géif dat och gär maachen.

auto_stories

2 min

headphones

14 min

play_arrow
D'Simone Asselborn-Bintz gouf en Dënschdeg als Deputéiert um Krautmaart vereedegt

Nom Wiessel vum Alex Bodry an de Staatsrot ass d'Simone Asselborn-Bintz den Dënschdeg als nei Deputéiert an der Chamber vereedegt ginn. D'LSAP-Fraktioun ass domat nees komplett. D'Simone Asselborn-Bintz kollaboréiert um Krautmaart mam neie Fraktiounschef Georges Engel, mat deem si och schonn zu Suessem am Schäfferot enk zesummeschafft. An deem seng Nofolleg un der Spëtzt vun der Gemeng si wäert iwwerhuelen. E geneeën Datum wier nach net bekannt, sou d'Simone Asselborn-Bintz.

Léisunge fir de Crassier fannen

D'Simone Asselborn-Bintz hofft, datt bis dohin am Dossier Suessemer Crassier, deen de Gemenge-Responsabele scho laang uewe läit, eppes geschitt ass. Och fir d'Populatioun wier et extrem wichteg, datt transparent kommunizéiert gëtt, fir "datt mer d'Gesondheet vun de Bierger kënne schützen".

Si hofft, datt d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg haut Mëttwoch an der Ëmweltkommissioun vun der Chamber eng Rei Erklärunge gëtt, déi hëllefe méi kloer ze gesinn.

"Bêtes politiques" an Ekippespiller si wichteg

Un d'Presidentin vum LSAP-Bezierk Süde war et d'Fro, ob an der Partei nei Bodryen, Di Bartolomeoen oder Asselbornen eruwuessen.

Si stellt sech d'Fro, ob et an Zukunft iwwerhaapt nach esou "Bêtes politiques" wäerte ginn, oder ob net och éischter Ekippespiller gefrot wäerte sinn. Generell wäert et, hirer Meenung no, awer och weider Eenzelpersoune ginn, déi duerch hiren Naturell erausstiechen. "Datt een e Leader muss sinn, dat ass kloer. Dat ass iwwerall esou, et gëtt iwwerall e Chef. An ech mengen, dat ass och gutt esou", sou d'Simone Asselborn Binz.