Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Sensibilitéit fir Gestes barrière hëlt zou"

Corona-Kris an der Schoul

"Sensibilitéit fir Gestes barrière hëlt zou"

D'Zuele vun neie Corona-Infektiounen am Schoulberäich sinn d'lescht Woch - also tëschent dem 23. an dem 29. November - uechter d'Land relativ stabil bliwwen, am Verglach mat der Woch virdrun: dat geet aus dem Bilan ervir, deen den Educatiounsministère gëschter Owend publizéiert huet.

auto_stories

2 min

Wärend d'Infektiounszuelen an de Schoulen also weder bemierkbar erop- nach erofginn, géif een awer eng aner Sensibilitéit fir d'Wichtegkeet vun de Gestes barrière feststellen, seet d'Flore Schank. Besonnesch géif sech dat beim Droe vu Maske weisen.

D'Flore Schank leet d'Cellule am Ministère, déi no positiven Tester d'Kontakter am Schoulberäich vun deenen Infizéierte retracéiert:

"Et si ganz vill Enseignanten, déi eis soen - och wa si net an engem Zenario sinn -, datt si och generell de Mask droen, datt och Kanner dozou encouragéiert ginn. Also dat hu mer wierklech festgestallt iwwer déi lescht Wochen, datt déi Sensibilitéit fir d'Wichtegkeet vun deenen essentielle Gesten a Mesurë wierklech kontinuéierlech zouhëlt."

De Stufeplang gräift

De Stufeplang mat de véier Zenarioen, déi e virgesäit, hätt sech bewäert, esou d'Flore Schank. D'Infektiounszuele wieren héich, se hätte sech awer op deem relativ héijen Niveau stabiliséiert.

Mat de Prozeduren, déi virgesi sinn, hätt kënne verhënnert ginn, datt se staark an d'Luucht ginn:

"Ech denken, datt de Schoulkontext e spezifesche Kontext ass, wou et spezifesch Reegelunge ginn, dee spezifesch organiséiert ass. A fir mech weisen déi Zenario-1en, déi mer hunn, a wann een d'Zuel vun de Zenario-1en a Zenario-2e vergläicht, datt dee Modell awer opgeet. Well et eis einfach méiglech ass, och doduerch datt mer soen, mir hunn eng Klass, a wann an där Klass eng Infektioun stattfënnt, da gi mer eis d'Moyenen, déi innerhalb vun engem Schoulkontext méiglech sinn, fir einfach déi Infektioun ze stoppen."