Radioen

On air

Simon Says  |  Guts - Peaceful Life Feat. Lorine Chia

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Erneierung an der Kierch?

Beschof-Synod

Erneierung an der Kierch?

D'Kierch wëll déi Jonk méi fir de Glawe begeeschteren. Dat gouf op der 15. Bëschof-Synod festgehalen. Och d'Mëssbrauchs-Fäll, d'Roll vun der Fra an der Kierch an d'Homosexualitéit goufen adresséiert. Mee net all Bëschof wëll déi geplangt Erneierungen an der Kierch matdroen.

auto_stories

3 min

D'Kierch wier um richtege Wee wat d'Efforten am Beräich vun der Jugendaarbecht ugeet. Dat seet den Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich. Hie war bei der 15. Bëschof-Synod zu Roum dobäi. Wärend der Synod hunn d'Bëscheef op de Feedback vun de Jugendlechen zeréckgegraff. Nieft enger Pre-Synod vun de Jugendlechen, bei där Iddien a Virschléi gesammelt goufen, hunn déi Jonk och an Aarbechtsgruppen tëscht de Sëtzungen vun der eigentlecher Synod hir Meenung konnte soen. Donieft goufen Experten, haaptsächlech mat engem kierchlechen Hannergrond, an de Prozess agebonnen.

D'Kierch misst sech nees méi ëm déi Jugendlech beméien an iwwerpréiwen, wat Jugendlecher vun der Kierch verlaangen, mengt de Jean-Claude Hollerich. Hie wënscht sech fir 2020 zu Lëtzebuerg en neien Dialog tëscht der Kierch a Jugendlechen. An hie wëll e "Conseil des Jeunes" fir d'Kierch zu Lëtzebuerg an d'Liewe ruffen, fir den negativen Trend, datt ëmmer méi Jonker der Kierch de Réck kéieren, ze stoppen.

Mëssbrauch an der Kierch

D'Kierch wäert sécher nach méi offensiv mat der Schold an der Mëssbrauchs-Fro ëmgoen, esou nach de Jean-Claude Hollerich.

"Et wäert och eng ganz kloer Entschëllegung vum Poopst a vun der Synod kommen. D'Kierch misst weisen, datt si sech där Fro stellt."

D'Leit hätten e fundamentaalt Recht, de Mëssbrauch an der Kierch ze kritiséieren, esou den Äerzbëschof, deen déi presüméiert Täter bewosst als "Knascht" a "Wouscht" bezeechent.

"Frae musse méi Entscheedungskraaft kréien"

Op der Synod war och d'Stäerkung vun der Positioun vun der Fra an der Kierch een Thema. Am Dokument wier dann och ee Passage iwwert Fraen dran. Dat wier dem Äerzbëschof ganz wichteg. "Frae musse méi Responsabilitéit, méi Entscheedungskraaft an der Kierch kréien."

Oppositioun beim Thema Homosexualitéit

Ronn 270 Bëscheef hu sech un der Ofstëmmung vum Rapport Deel geholl. Ee Kapitel ass ugeholl, wann eng 2 Drëttel Majoritéit besteet. Dës Majoritéit gouf bei alle 167 Kapitelen erfëllt. Beim Kapitel zur Homosexualitéit gouf et mat 65 Géigestëmmen déi gréissten Oppositioun. De Jean-Claude Hollerich féiert dat virun allem op kulturell Facteuren zeréck. Senger Meenung misst d'Kierch emol doriwwer nodenke wat Homosexualitéit ass.

"Virstellunge vu fréier, datt dat eng Krankheet wier déi een heele kënnt, mussen ofgebaut ginn. Dorop ass eng ganz Léier opgebaut ginn. Haut sinn d'Sozialwëssenschaften an d'Biologie vill méi wäit. Menger Meenung no heescht dat, datt mir eis Léier revidéiere mussen."

D'Haaptzil vun enger Bëschof-Synod ass et fir iwwert aktuell Kierche-relevant Sujeten ze beroden. Am Schluss-Rapport ginn d'Resultater vun der Berodung festgehalen. Entscheedunge ginn an der Reegel keng geholl.