Radioen

On air

De Moien  |  Róisín Murphy - Murphy's Law

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sebastian Kurz trëtt zeréck

ÉISTRÄICH

Sebastian Kurz trëtt zeréck

Den éisträichesche Bundeskanzler Sebastian Kurz trëtt als Regierungschef zeréck a wiesselt als Fraktiounschef vu senger konservativer ÖVP an d'Parlament. Dat huet hie gëschter Owend iwwerraschend annoncéiert. Säin Nofollger soll säi Parteikolleeg an aktuellen Ausseminister Alexander Schallenberg ginn. De grénge Koalitiounspartner hat ee Wiessel un der Regierungsspëtzt gefuerdert, nodeems bekannt gouf, datt géingt de Kanzler Sebastian Kurz a Vertraute vun him ermëttelt gëtt.

auto_stories

2 min

Féierend Politiker vum Kurz senger Partei hu gëschter Owend da nach betount, datt de Wiessel un der Spëtzt nëmme soulaang gëllt, bis d'Ermëttlungen am Fall ofgeschloss wieren.

Fir en Dënschden haten d'Oppositiounsparteie schonns e Mësstrauensvott géingt de Kanzler Sebastian Kurz ugekënnegt. Gëschter ass hien deem zuvir komm.

"Ich möchte daher, um die Patt-Situation aufzulösen, Platz machen, um Chaos zu verhindern und Stabilität zu gewährleisten."

Ausgeléist gouf d'Regierungskris duerch Ermëttlunge géingt de Kanzler Sebastian Kurz a Vertraute vun him. Et geet dobäi em Virwërf vu Korruptioun a Verontreiung, déi de Sebastian Kurz awer gëschter op e Neits als falsch bezeechent huet.

Wéinst de lafenden Ermëttlungen hat de grénge Koalitiounspartner de Kurz fir amtsonfäeg erkläert, an ee Wiessel un der Regierungsspëtzt gefuerdert. De Chef vun de Gréngen, Werner Kogler, huet dem Kanzler säi Récktrëtt entspriechend begréisst.

"Dies bedeutet, dass wir die Regierungsarbeit auf Basis des Regierungsprogramms fortsetzen können."

An de leschten Deeg hat et net do duerno ausgesinn. Parteikolleege vum Kurz hu betount, datt si nëmme mat him un der Spëtzt géife weidermaachen. Esou och den Ausseminister Alexander Schallenberg, deen elo selwer soll Bundeskanzler ginn.

D'Oppositiounsparteie sinn enttäuscht. Mat hinnen haten déi Gréng iwwer méiglech Alternative verhandelt, fir de Fall, datt de Sebastian Kurz net zerécktrëtt. Mam Schallenberg géif de "System Kurz" awer un der Muecht bleiwen, esou d'Oppositioun. Datt de Kurz elo ÖVP-Fraktiounschef gëtt, gouf och als Flucht an déi parlamentaresch Immunitéit bezeechent. Allerdéngs kontert hei d'ÖVP: de Kurz géif d'Ophiewe vu senger Immunitéit selwer ufroen, wann eng entspriechend Demande vum Parquet kéim.