Radioen

On air

Tockcity  |  Liam Gallagher & John Squire - I'm So Bored

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schutz fir d'Affer vun Ausnotzung op der Aarbechtsplaz

Fräie Mikro

Schutz fir d'Affer vun Ausnotzung op der Aarbechtsplaz

Den 10. Dezember gëtt Bilan gezunn iwwer eisen Ëmgang mat Mënscherechter, och hei zu Lëtzebuerg. Ënner deene sëllege Problemer, déi engem zu dësem Theema afalen, ass och dee vum Recht op Schutz fir Ugestallten ouni Openthaltserlabnis, déi zu Lëtzebuerg op der Aarbecht ausgebeut oder mësshandelt ginn.

auto_stories

3 min

D'Laura Zuccoli ass Presidentin vun der ASTI (Association de Soutien aux Travailleurs Immigrés). Foto: Archiv

Wann ee bei eis ouni Openthaltserlabnis schafft, huet ee kee Choix fir ze iwwerliewen. Et acceptéiert een egal wéi eng Aarbecht, am Wëssen, datt ee riskéiert, ausgenotzt ze ginn.

Dacks schaffen dës Leit fir en Hongerloun 12 bis 14 Stonnen am Dag, ouni ugemellt a krankeverséchert ze sinn, a stänneg dem Chantage vum Patron ausgeliwwert: "Mecker net a sief frou, datt ech dir eng Aarbecht ginn. Wann dat der net passt, mellen ech dech bei der Police an da geet et zeréck wou s de hierkënns." Si fäerten hir Rechter anzekloen, well se hir Existenzgrondlag net verléiere wëllen. Do iwwerleet ee sech et zwee Mol, ob een de Patron soll ukloen.

Täter kréien dacks just eng symbolesch Strof

Gewalt, besonnesch géint Fraen, ass och net seelen. Eréischt kierzlech gouf e Fall vun enger brasilianescher Fra bekannt, déi vum Patron ëmmer erëm sexuell belästegt gouf. D'Fra hat de Courage, sech ze wieren an eng Plainte géint de Patron ze maachen. Deen huet sech net genéiert, d'Fra weider ze belästegen, obwuel eng Klo géint hien agereecht gouf. Wat riskéiert hie schonns?

No jorelaange Verfare kritt esou een Täter dacks just eng symbolesch Strof. D'Affer awer dierf an der Tëschenzäit net schaffen, huet kee Recht op extra Protektioun, verléiert warscheinlech hier Wunneng, well se de Loyer net méi bezuele kann a riskéiert zu all Moment, heem geschéckt ze ginn. Vu wellechem Revenu sollen dës Mënsche wärend der Zäit vun hirem Prozess liewen?

Am Fall vun der brasilianescher Fra huet d'Immigratioun ausnamsweis eng Aarbechtserlabnis ausgestallt, en Zeechen an déi richteg Richtung!

Et gëtt net vill Schutz

Recht op Schutz besteet an eisem Gesetz nëmmen a Fäll vu Mënschenhandel, wou d'Affer ënner Sklaverei-änleche Konditioune musse liewen. Wann en Aarbechter an enger Situatioun vun Ausbeutung oder Gewalt op der Aarbechtsplaz ass, gëtt et kee Programm fir dësen Aarbechter am Fall vun enger Plainte ze schützen.

Wann hien de Patron uklot, verléiert hie säi Salaire an seng Wunneng, wann de Patron hien ënnerbruecht huet. Besonnesch dacks ass dëst de Fall um Bau a bei den Ugestallten a private Stéit.

Och Aarbechter aus aneren europäesche Länner kënnen an sou eng Situatioun kommen, wéi dat rezent Beispill vun engem Aarbechter aus Pole weist, deen am Kader vun engem Detachement vun senger Firma op Lëtzebuerg komm ass. Well hie wärend Méint kee Salaire krut, huet hien eng Plainte mat Beweiser géint säi Patron bei der ITM agereecht.

Hien ass net Affer vun der Traite humaine, mee probéiert sech als Aarbechter géint säi Patron ze wieren, deen en ausnotzt an net bezilt. Well hie vum Patron och d'Wunneng gestallt krut, huet hien dës duerch seng Plainte verluer a schléift elo an der Wanteraktioun.

Eng gesetzlech Upassung ass néideg

Et gëtt zu Lëtzebuerg kee gesetzleche Kader, deen et erméiglecht an esou Fäll den Affer ze hëllefen a se virun der Willkür vum Patron oder vun ëffentlechen Institutiounen ze schützen.

Mer brauchen dringend eng gesetzlech Upassung mat Garantie op Schutz fir d'Affer vun Ausnotzung op der Aarbechtsplaz a Strukturen a Programmer, fir dëse Schutz um Terrain praktesch ëmzesetzen. Och fir potenziell Täter vu vireran ofzeschrecken an domat wichteg Preventiounsaarbecht ze leeschten.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7. Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.