D'Martine Kirsch wier dacks bei Reuniounen dobäi, bei deenen d'Elteren dofir plädéieren hiert d'Kand an der Reegelschoul ze loossen, an d'Schoulinstanz op där anerer Säit der Meenung ass, d'Kand misst an eng Spezialklass. Wat d'Presidentin vum Zefi do matkréich, wier net schéin.
"Ech hat eng Situatioun do souz de Papp do a sot: Dir schwätzt hei vu mengem Kand wéi vun engem Monster."
Kompetenzzenter ass Virstuf vum Atelier Protégé
D'Kompetenzzenteren, also d'Spezialklasse fir Kanner mat spezifesche Besoinen, wieren dacks och net dat, wat d'Eltere versprach kréichen.
"A ganz ville Fäll ass guer keen Apprentissage méi do. D'Kanner maache ganz flott Saachen an de Kompetenzzenteren, si gi spadséieren, schwammen an an de Bësch. Mee wat de Leit net gesot gëtt, de Kompetenzzenter ass eng Preparatioun fir herno an engem Atelier Protegé ze schaffen."
Personal net gutt geschoult
Soulaang et eng Spezialschoul gëtt, hätten déi Professionell ëmmer am Kapp fir Kanner mat spezifesche Besoinen dodran ze drécken. Dobäi géifen Etüde weisen, datt d'Diversitéit an der Reegelklass alleguer d'Schüler méi staark géif maachen, seet d'Martine Kirsch. Eng richteg Prise en Charge an der Reegelschoul wier néideg, mee dat wier mat den aktuelle Ressourcë schwiereg. Déi Leit wieren dacks net gutt forméiert. Et hätt een och scho verschidde Reunioune gehat, fir Projeten op der Uni virzestellen. Fir zum Beispill laang Formatiounen ze maache mat verschiddene Methoden.
De Zefi hätt dem Educatiounsministère och schonn alternativ Methode proposéiert, sou wéi se am Ausland ugewant ginn. Allerdéngs wieren déi Methoden ëmmer ofgeblockt ginn, bedauert d'Martine Kirsch. D'Corona-Pandemie hätt dann och gewisen, datt d'Inklusioun hei am Land zesummebrécht, soubal et eng gréisser Kris gëtt, seet d'Martine Kirsch. Perspektive gesäit si keng. De politesche Wëlle wier net do.