Radioen

On air

Notturno  |  Traumkapitän - Broken Crackery

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Evaluatioun vun der schoulescher Inklusioun

Inklusioun an der Schoul

Evaluatioun vun der schoulescher Inklusioun

Viru fënnef Joer gouf déi schoulesch Inklusioun reforméiert. Um Méideg Moien huet de Claude Meisch d'Evaluatioun dovunner presentéiert. Allgemeng wieren d'Conclusiounen am Audit, dee vun der onofhängeger Firma Exigo gemaach gouf, positiv.

auto_stories

2 min

De Claude Meisch ass Educatiounsminister (SIP / Julien Warnand)

Lauschterenplay_arrow


D'Zil vun der Reform, datt Kanner mat spezifesche Besoine kënnen am Beräich vum Méiglechen an déi regulär Schoul goen, wier erreecht ginn. De Claude Meisch gesäit Lëtzebuerg als Musterschüler an Europa:

"Mat engem Prozentsaz vun 0,76 Prozent vu Kanner déi ebe just an enger spezialiséierter Schoul ënnerriicht ginn. An der EU-Moyenne maachen et iwwer 1,5 Prozent aus. Dat heescht mir hunn hei just d'Hallschent vum Taux ewéi et an deenen aneren europäesche Länner ass."

Fir dohin ze komme goufen an de leschte fënnef Joer eng Partie Kompetenz- a regional Zentren geschaaft. Dobäi kommen iwwer 700 nei Posten am Beräich vun der schoulescher Inklusioun. Duerch déi nei Ressourcë kéinten och méi Schüler gehollef kréien. 2021 huet déi national Inklusiounskommissioun 2.295 Dossieren traitéiert. Duebel esou vill wéi nach 2019.

Nobesserunge sinn néideg

Op verschidde Punkte muss awer nogebessert ginn. Ënnert anerem bei den Delaien: Do géif et awer net, wéi ee kéint mengen, bei den administrative Prozesser happeren, sou de Claude Meisch. Et hänkt un der Diagnos.

Bis dës komplett virläit kéint et ganzer aacht Méint daueren. A bis dohi ka keng prise en charge accordéiert ginn. Dat soll sech änneren, an zwar iwwert e Gesetzprojet, deen an den nächste Woche soll an de Regierungsrot goen:

"Dat wat mir hei maachen, ass datt mir en Agangs-Diagnostic wëlle schafen, wou spéitstens no dräi Méint och eng Äntwert muss kommen, an datt spéitstens dann och eng konkret Hëllef ukënnt an en place ass. Da wëlle mir hannendrun awer d'Méiglechkeet schafen, datt no deem Agangs-Diagnostic och nach e Fein-Diagnostic méiglech ass."

Besseren Encadrement an de Grondschoulen

Den Text setzt awer och um Niveau vun der Informatioun un. Engersäits vun den Elteren, déi méi an den Encadrement sollen implizéiert an driwwer informéiert ginn. Donieft soll awer och all Grondschoul en Assistent kréien, dee se bei der Ëmsetzung vun de Mesurë vum Encadrement fir Kanner mat spezifesche Besoinen ënnerstëtzt.

Doriwwer eraus soll en neien nationalen Zerwiss geschaaft ginn, deen déi inklusiv Educatioun promovéieren, awer och d'Vernetzung vun den Acteuren um Terrain fërdere soll. De Minister Claude Meisch hofft, datt dat neit Gesetz scho fir déi nächst Rentrée am September kann a Kraaft trieden.