Schoul an nei Medien

Wat ass d’Plaz vun de neien Informatiounstechnologien an dem Ëmgang domadder am Enseignement? Wéi ginn d’Schüler an deem Beräich op d’Alldags- an d’Aarbechtswelt virbereet?

Dorëms goung et de 5. Juli an der Emissioun Riicht Eraus, mat en Invitéeën an Experten: Jos Bertemes Direkter vum SCRIPT (Service de coordination de la recherche et de l’innovation pédagogiques et technologiques), Marc Bodson, Instituteur ressources an Dozent op der Uni Lëtzebuerg, Steve Clement, ICT-Expert bei „bee secure“ a Claudine Kariger vum Departement Medien am Staatsministère. Zu Wuert koumen och Schüler aus dem Lycée Ermesinde.

E Konsens gouf et, datt am Beräich nei Technologien a Mediekompetenz schonn an der Grondschoul muss ugesat ginn, datt d'Formatioun vun den Enseiganten e Schlësselelement dofir ass, an datt d'Schoul sech muss opmaache fir ICT-Acteure vu baussen. Moderatioun : Mick Entringer.

 
n enger Reaktioun no der Emissioun huet den Educatiounsminister dofir plädéiert, fir d’Stonnezuel vun der Weiderbildung fir Enseignanten an d’Luucht ze setzen. Dobäi soll den Ëmgang mat neien Technologien a Mediekompetenz eng Prioritéit ginn. Dat géif och fir Grondausbildung vun den Enseignante gëllen. Lauschtert hei den Interview mam Claude Meisch:

 
m Joer 2008 hat den SCRIPT eng Etude beim Medienwëssenschaftler Gerhard Tulodziecki vu der Uni vu Paderborn an Optrag ginn iwwer Medienerzéiung a Mediebildung an der Schoul. Aus där Etude ass de nationale Referenzkader ginn, dee bis haut net integral ëmgesat ginn ass. Den haut pensionéierte Professer am 100,7-Interview:

 
at sinn d'Erwaardunge vum ICT-Secteur un d'Schoul. De Xavier Buck, President vum ICT-Cluster Lëtzebuerg, am Interview:

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen