Radioen

On air

Notturno  |  Florence Adooni - Mam Pe'ela Su'ure

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Scho bal rosen"

Deconfinement

"Scho bal rosen"

D'Caféen, d'Restauranten an d'Hotellen hoffen haut gewuer ze ginn, datt si virum Päischtweekend nees opmaachen dierfen. De Secteur géif net just ongedëlleg op déi Annonce waarden, mee wier scho bal rosen, seet de Generalsekretär vun der Horesca, de François Koepp.

auto_stories

3 min

U sech hätt een nämlech gär méi Virlafszäit gehat a gebraucht, fir d'Clientèle op d'Reouverture anzestëmmen, ënnersträicht de François Koepp. De Secteur mécht sech awer keng Illusiounen: et wäert lues ugoe mat wesentlech manner Ëmsaz wéi virun der Kris.

Et hätt een domat gerechent, datt een 20 bis 30 Prozent vum Ëmsaz an den éischte Méint kéint maachen, an datt een da graduell lues a lues an d'Luucht kéint fueren. "A wa mer lues a lues soen, denke mer u fënnef bis zéng Prozent-Schrëtter de Mount."

De François Koepp mengt, datt ee bis Enn des Joers mat 60 bis 70 Prozent rechne kann. D'Horesca rechent domat, datt et an der Restauratioun sécher zéng bis 12 Méint géif daueren, bis d'Betriber nees um Ëmsaz vu virun der Kris wieren. An der Hotellerie géif et souguer sécher annerhalleft Joer daueren.

Eng nei Realitéit an de Lokaler

An de Lokaler wäert et awer eng nei Realitéit ginn, erkläert de François Koepp: d'Dëscher wäerte mussen auserneegesat ginn, oder - wann de Restaurant déi Plaz net huet fir zwee Meter Ofstand ze garantéieren - géif et d'Méiglechkeet gi fir eng Trennung tëschent d'Dëscher ze setzen.

"Déi Trennung muss net aus deierem Plexiglas sinn, do kann ee sech och eng Plack aus Sperrholz virstellen, "déi ee flott usträicht oder mat flotte Pouster iwwerzitt", seet de Generalsekretär vun der Horesca, "da kann een dat fir ganz bëlleg Sue maachen, an et huet een emol e bëssen en aneren Dekor am Haus." Et misst een aus der Nout eng Dugend maachen a probéieren, de Modèle économique erëm un d'Dréien ze kréien.

D'Personal an de verschiddene Betriber misst iwwerdeems eng Mask undoen, wann d'Distanz vun zwee Meter net kann agehale ginn, preziséiert de François Koepp.

Et gëtt Skepsis

Eenzel Lokaler sinn awer skeptesch iwwer déi Mesuren. De Weekend huet z. B. eng gréisser Pizzeria am Süde vum Land ugekënnegt, si géif de Juni nach net opmaachen - well d'Sécherheetsmesurë schwéier ëmzesetzen a fir d'Clientèle net agreabel wären. Dat léisst de François Koepp net gëllen.

Datt d'Clientë selwer hir Tellere missten ofraumen, wier och net wouer. D'Horesca hätt Recommandatioune ginn, "an do si verschidde Weeër dran, wéi ech dat ka maachen". Als Beispill nennt de François Koepp d'Andeele vun der Ekipp: "Et ass immens gutt fir d'Leit ze berouegen, wann dee selwechten iwwerall ofraume geet, an net deen, deen och den Teller op den Dësch bréngt."

Hei géif sech dann u speziell Precautioune gehale ginn: déi Persoun géif sech d'Fangeren nach méi dacks wäsche wéi anerer. Dem François Koepp ass awer kloer, datt net all Betrib dat esou ëmsetze kann. "Mee dat ass eng Recommandatioun, vun där mer soen: dat ass ee Wee, wéi een et ka maachen."