Podcast Schlechte Schüler: Transkript vun der Episod 3

Léisen déi ëffentlech Europaschoulen d'Problemer vun eisem Schoulsystem? Ëm déi Fro geet et am drëtten Deel vun der 100,7-Podcast-Serie "Schlechte Schüler". Hei drënner fannt Dir den Transkript vun der Episod "Esch International".

Pia Oppel a Pierre Reyland

Transkript_Visuell_Ep3.jpg

Sandra Carvalho C'est vrai qu'on a appris qu'on est nul. Qu'on ne sait pas rien faire. Qu'on n'est pas bon élève. Qu'on n'a pas des capacités. Et ça, c'est hyper difficile à faire. De redonner de la confiance quand ils l'ont perdu. Mais on doit le faire. Et on doit le faire en disant, maintenant vous avez une autre chance, une deuxième chance. Et c'est pour ça que je crois tellement au projet de notre école.

Pia Oppel An dëser Episod geet et ëm eng Schoulreform, déi net esou genannt gëtt. Bannent nëmmen e puer Joer sinn zu Lëtzebuerg sechs ëffentlech international Schoulen opgaangen. Si funktionéieren all nom Modell vun den Europaschoulen. D'Kanner hunn hei de Choix tëschent Däitsch, Franséisch oder Englesch als Haaptunterrechtssprooch.

Eng kleng Revolutioun an engem Schoulsystem, deen zanter Laangem exklusiv op d'Alphabetisatioun op Däitsch setzt.

A wat mech erstaunt, et schéngt kaum ee sech groussaarteg dorunner ze stéieren. Am Géigendeel. Déi international Schoule kéinten d'Virbild fir eng Reform vun der traditioneller Schoul sinn, soen déi blo-rout-gréng Majoritéitsparteien an der Chamber. An déi gréissten Oppositiounspartei, d'CSV, schéngt dat änlech ze gesinn.

Martine Hansen Normalerweis soll een dat net an der Schoul. Mee hei solle mir knäipen. Mir solle knäipe vun den Europaschoulen, wat ass do gutt.

Pia Oppel Mee wat ass da gutt un dëse Schoulen? A wat hu Kanner dovunner, déi am traditionelle Schoulsystem Schwieregkeeten hunn? Dat wëll ech an dëser Episod erausfannen.

Ech huelen Iech dofir mat op Esch an d'Gebai vun der aler Handwierkerschoul op der Victor-Hugo-Plaz. Hei ass zanter 2017 ee Standbeen vun der Ecole internationale de Differdange et Esch, kuerz EIDE.

Mäin Numm ass Pia Oppel. Ech si Journalistin beim radio 100,7 - an ech verzielen Iech an dësem Podcast d'Geschicht vun engem schlechte Schüler. Gemengt ass eise Schoulsystem, deen an internationale Vergläicher schlecht ofschneit. Ee Schoulsystem, an deem vill Kanner scho fréi scheiteren an no Ausweeër sichen.

Schlechte Schüler, ee Podcast vum radio 100,7. Episod 3: Esch international.

Marina Bom dia.

Sara Bom dia.

Marina Vamos pa' escolinha.

Sara Não.

Marina Como Não?

Sara [laacht]

Sara Ech sinn d'Sara. Ech hunn 12 Joer an ech wunnen am Esch.

Marina Also ech sinn d'Marina. Ech sinn d'Mama vum Sara. Ech si Botzfra am Escher Spidol.

Marina Hues du däi Schoulsak scho fäerdeg preparéiert fir an d'Schoul?

Sara Ech weess net.

Marina Wéi ech d'lescht Joer geruff gi sinn, fir am Bilan. Do huet d'Joffer gesot, jo d'Sara ass nach net um Punkt, et feelt den Klick beim Sara. Mir waarden dëst Joer. Mir loossen d'Sara dann nach emol sëtzen, fir ze kucken, ob dat besser geet. An ech sot, nee, ech hunn es genuch. An do war ech bei enger Frëndin iessen. Mir waren zu sechs, siwe Fraleit. Ech hunn de Fall do gesot, datt ech Schwieregkeeten hätt. An do huet eng Madamm, déi do war, déi huet zu mir gesot, et gëtt eng Schoul 'internationale' a si kënne vläicht dengem Meedchen hëllefen.

Pia Oppel Sara, wouhinner gi mir?

Sara Mir ginn an d'Schoul.

Pia Oppel A wéi eng Schoul gees du dann?

Marina Esch international.

Sara Jo.

Marina Gell?

Sara Mhm.

Pia Oppel An a wéi eng Klass gees du?

Sara P4, Englesch.

Pia Oppel P4, dat ass dat véiert Schouljoer am Primaire an der internationaler Schoul. An der englescher Sektioun sinn déi allermeeschte Fächer op Englesch. Eng Sprooch, déi d'Sara op YouTube geléiert huet.

Marina D'Sara huet ugefaangen esou mat fënnef, fënnef Joer, jo. D'Sara huet een ipad geschenkt kritt. An d'Sara huet ëmmer esou ee Männchen imitéiert, dat war esou eng Hand, an et war ëmmer: "Baby finger, baby finger, where are you ..." An esou huet hat ugefaangen. Et huet dat dann ëmmer gesongen a vun do un ass ëmmer weider, nëmmen Englesch, nëmmen Englesch. Dee ganzen Dag.

Sara Wann ech krut den ipad éischt Kéier, ech war am YouTube gaangen. Ech hunn eppes gesicht. An ech hu keng Deutsch oder Franséisch oder Lëtzebuergesch fonnt. Ech hat ëmmer Englesch fonnt.

Sarah Barlow Good morning. Good morning Prem. Good morning Nils.

Pia Oppel Dem Sara seng Léierin ass eng gebierteg Londonerin, déi a Frankräich opgewuess ass.

Sarah Barlow You look very smart Giorgio, and so does Atav.

Je m'appelle Sarah Barlow. Je suis enseignante à l'Ecole Internationale de Differdange et Esch, à Esch dans la P4 anglophone.

Pia Oppel Wat wichteg ass ze wëssen, fir als Enseignant an enger internationaler Schoul ze schaffen, muss ee just eng vun den dräi administrative Sprooche vum Land kënne schwätzen. Dat ass ee groussen Ënnerscheed zu den traditionelle Schoulen, wou een zum Beispill als Engleschproff an engem Lycée just ka schaffen, wann een och Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schwätzt.

Sarah Barlow And right this is our good morning time. And what do we normally do?

Schüler [am Chouer] Mental Math!

Sarah Barlow I see some super people with Mental Math already out.

Pia Oppel Dem Sara säi Schouldag fänkt haut d'selwecht un, wéi ëmmer.

Sarah Barlow Alors les enfants ont un peu de Maths à faire. Ils ont un peu d'Anglais à faire. S'ils ont quelques choses à finir, ils le finissent, sinon ils peuvent lire. Mais c'est vraiment un échauffement mental pour s'échauffer pour la journée.

So what do you have to do? What's a homophone and homonym? What does it tell you?

Sara Homophones are words that sound the same but are different spelling.

Pia Oppel Am Sara senger Klass sinn 18 Kanner. Déi gemeinsam Sprooch an der Klass ass Englesch. D'Sarah Barlow schwätzt an der Klass keng aner Sprooch. Och net mam Sara, dat d'Schouljoer virdrun nach an enger Escher Grondschoul war.

Sarah Barlow Là il y avait une petite que je savais allait venir dans ma classe. Au début, oh mince, une petite Portugaise, elle va vraiment se sentir à l'écart, parce qu'elle n'aura pas la langue anglaise. On va lui trouver une copine tout de suite. Mais le premier jour: Hi, I'm Sara! Pleine de confiance et ravie d'être chez nous. Donc, son cursus je pense était difficile, elle ne s'est pas sentie à l'aise, elle n'avait pas fait beaucoup de progrès, elle a redoublé et la voilà maintenant plus agé que les autres enfants dans la classe, mais ici elle est chez elle.

So he's wondering vaguely. Where is this voice coming from? Sara are you ready for the next bit?

Sara Yep! Leave him alone, ginger. Well look who it is. A friend of yours.

Pia Oppel Mir sinn am Englesch-Cours. Ee Kand liest een Ofschnëtt aus engem Buch vir. Och Englesch-Liesen huet d'Sara sech selwer bäibruecht.

Sara On YouTube, usually there is a subtitle, where you can read. And sometimes I read it from there.

Sarah Barlow Thank you very much Sara, well done. You have been super readers. Can you leave your tables tidy? And can I have one of those silent lines outside by the radiator?

Pia Oppel An der Paus léieren ech e puer vum Sara senge Matschülerinnen a -schüler kennen.

Giorgio I'm Girogio. I'm Italian. I'm nine.

Shazeen Hello, my name is Shazeen. I was born in India. We moved from India because my dad found a job here.

Alex Hello, my name is Alex. I'm ten. And two months. Ok, I was also born in Romania.

Aylin I'm Aylin. My mum is Turkish and German and my dad is German. I was born in London. And in my house we speak English and German, sometimes we mix it up.

Nils I'm Nils. I'm ten years old. I was born in Luxembourg, but my origin is Spanish because my parents are both Spanish, they come from Barcelona.

Pia Oppel Fir wie sinn déi international Schoulen eigentlech do? Ech stelle mir déi Fro, well vill Kanner am Sara senger Klass hunn een typeschen Expat-Hannergrond. Hir Eltere sinn héich qualifizéiert a fir een Job op Lëtzebuerg komm, wëllen awer net onbedéngt laang hei bleiwen.

Eng éischt Analys vum Observatoire fir Schoulqualitéit deit och an déi Richtung. D'Schülerschaft an den internationale Schoulen ass sozio-ekonomesch däitlech besser gestallt wéi d'Moyenne an der traditioneller Schoul, heescht et do.

Vläicht erkläert dat dann och, firwat et keng Grondsazdiskussiounen iwwer déi international Schoule gëtt. Vun Ufank un haten dës de Ruff et wieren Expat-Schoulen.

De Prinzip ass also dee selwechte wéi bei der Europaschoul fir d'Kanner vun europäsche Beamten. Vun där hirer Aweiung am Joer 1957 hat ech Iech an der leschter Episod verzielt.

Joseph Bech J'ai l'honneur et le privilège de remettre à l'Ecole Européenne, au nom du Gouvernement luxembourgeois, cet édifice tout neuf.

Pia Oppel An dat war deemools wéi haut Standuertpolitik.

Lex Delles Et ass a mengen Aen net falsch, wann een d'Mise en place vun där neier agreéierter Europaschoul och eng Kéier aus dem wirtschaftleche Bléckfeld kuckt. Ëmmer méi Entreprisë kucken, wa se nei op Lëtzebuerg kommen, drop, ob hir Leit op där Plaz och eng entspriechend schoulesch Offer fir hir Kanner fanne kënnen.

Pia Oppel Dat sot den deemolegen DP-Deputéierte Lex Delles 2016, wéi d'Chamber d'Gesetz iwwer déi éischt ëffentlech international Schoul gestëmmt huet. Et gëtt awer ee groussen Ënnerscheed zur ursprünglecher Europaschoul. Déi ëffentlech international Schoule si gratis an am Prinzip ka jiddweree sech hei ëm eng Plaz bewerben. A wat méi Eltere sech d'Fro stellen, a wéi engem System hir Kanner besser opgehuewe sinn, wat déi traditionell Schoul méi ënner Drock geréit. Déi international Schoule veränneren doduerch déi ëffentlech Bildungslandschaft. Dowéinst hat ech ufanks vun enger Reform geschwat, déi net esou genannt gëtt.

Zeréck zum Sara sengem Schouldag. No der Paus ginn d'Kanner aus senger Klass verschidde Weeër. Déi meescht hu Franséisch, dräi Kanner hunn Däitsch. Just d'Sara geet eleng an een anere Sall

Pia Oppel Wouhinner gi mir?

Sara Portugisesch. Mir schreiwen a mir maachen Exercicë vu Portugisesch.

Sandra Carvalho Bom Dia.

Sara Bom Dia.

Sandra Carvalho Je m'appelle Sandra Carvalho et je suis institutrice de Portugais ici à l'Ecole internationale d'Esch et Differdange.

Pia Oppel Wärend seng Klassekolleegen hir zweet Sprooch Däitsch oder Franséisch als Friemsprooch léieren, gëtt d'Sara a sengem Portugisesch-Cours als Mammesproochlerin ugesinn.

Sandra Carvalho Sara fait Portugais Langue 1, ça doit être le niveau qu'on espère d'un élève qui parle le Portugais et qui va à l'école en Portugais. Elle a la chance parce qu'elle va à l'école toute la journée en anglais. Elle a la chance parce que son anglais va être un très haut niveau. En fait, c'est ça l'avantage pour les élèves lusophones qui font Portugais Langue 1. Qu'ils ont les deux langues à un très bon niveau.

Si on travaille bien. Parce qu'il faut bien travailler. Il n'y a pas de réussite sans travail. N'est-ce pas, Sara?

On va voir comment ça c'est fait. Les devoirs. Est-ce que tu as bien lu?

Leste? Ontem? Muito bem, sim senhora. E o que é que, nestas páginas que leu, o que é que me pode dizer sobre aquilo que leu? Diga-me lá.

La maîtrise d'une langue c'est très important.Que la maîtrise soit forte. Parce qu'on pense avec des mots, parce qu'on a besoin d'une langue pour penser, pour sentir, pour être citoyen.

Pia Oppel An zu där Maîtrise vun der eegener Sprooch gehéiere fir d'Sandra Carvalho och d'Spréchwierder.

Sandra Carvalho Filho de peixe sabe nadar. Esta é fácil. Porque é que filho de peixe sabe nadar?

Sara Porque ele está na água.

Sandra Carvalho Exatamente. Os peixes sabem nadar muito bem, certo? Então um filho de peixe, quer dizer que o filho de alguém que sabe muito bem...

Pia Oppel De Fils vum Fësch ka schwammen. Wéi ech dat héieren hunn, denken ech, erëm esou ee Spréchwuert doriwwer, datt Kanner esou gi wéi hir Elteren. An dësem Fall am positive Sënn: Et kann een eppes gutt, kee Wonner, d'Eltere jo och schonn. Ëmmer nees, wann ech mat Leit iwwer d'Inegalitéiten an der Schoul diskutéieren, stoussen ech op esou Spréchwieder. Am heefegsten, den Apel fällt net wäit vum Stamm.

Ech hunn d'Sandra Carvalho dorobber ugeschwat. Entstanen ass ee Gespréich iwwer hir eege Biographie an hir Iwwerzeegungen als Enseignante.

Pia Oppel T'avais parlé avec Sara de ce, comment on dit, proverbe?

Sandra Carvalho Filho de peixe sabe nadar? [laacht]

Pia Oppel Je vous écoutais vous deux et me suis dit ... c'est quand-même un sujet énorme pour l'école. La question si l'école peut permettre à ouvrir autre chose que ce qu'on reçoit à la maison.

Sandra Carvalho Moi, peut-être c'est naïf. Mais peut-être je vis dans un monde naïf. Pour moi l'école a été une bouée de sauvetage. Pour moi l'école a été une telle bonne expérience. Je suis vraiment un exemple parfait d'un ascenceur social qui a marché. L'école m'a donnée tout ce que je suis.

Pia Oppel D'Sandra Carvalho ass 1977 zu Lissabon gebuer. Si ass do an d'Schoul an op d'Uni gaangen an huet duerno als Léierin an der Banlieue vu Lissabon geschafft. Mee hiert Liewe gëtt 2008 vun der Wirtschaftskris op d'Kopp geheit.

Sandra Carvalho C'était financièrement très difficile. Même comme institutrice, je gagne beaucoup mieux que les gens qui ont le salaire minimum. Mais le prêt, j'avais acheté un appartement et le prêt montait, montait, montait tout le temps. Et mon salaire, il ne montait pas. Donc c'était vraiment, vraiment très difficile de survivre. Et aussi, je me suis divorcée à cette époque là. Donc les deux choses ensemble m'ont donné envie de partir et j'ai eu beaucoup, beaucoup de chance.

Pia Oppel D'Sandra Carvalho plënnert op Bréissel fir do an der Europaschoul ze schaffen. 2018 wiesselt si an d'EIDE. Bei der Wunnengssich erlieft si, datt ee mat engem portugiseschen Numm zu Lëtzebuerg net iwwerall mat oppenen Äerm emfaange gëtt. An an der Schoul fällt séier op, datt hir nei Schülerinnen a Schüler deels schwiereg Erfarungen am Lëtzebuerger Schoulsystem gemaach hunn.

Sandra Carvalho Et là, la plupart du temps, si ce n'était pas une bonne expérience, c'est vrai qu'on a appris qu'on est nul, qu'on ne sait pas rien faire, qu'on est pas bon élève, qu'on n'a pas des capacités. On se disait que avant d'enseigner le Portugais, on devrait leur redonner la confiance dans l'apprentissage. Et ça, c'est hyper difficile à faire. Mais on doit le faire. Et on doit le faire en disant, en disant: Maintenant, vous avez une autre chance, une deuxième chance. Et c'est pour ça que je crois tellement au projet de notre école. Et c'est pour ça que je suis contente de travailler ici.

C'est une mission. Je le vois comme une mission. Je veux aider ces élèves à réussir. Et quand je pense que ça ne marche pas, c'est parce que je n'ai pas trouvé la bonne astuce pour que ça marche. Il faut réussir, donc on a du travail à vie.

Pia Oppel Zeréck bei d'Sara, dat sech no sengem Portugisesch-Cours op de Wee mécht fir an d'Mëttespaus.

Sara Oder mir dierfen iesse fir d'éischt, oder mir spille fir d'éischt.

Pia Oppel Wat méchs du als éischt?

Sara Spillen.

Pia Bass du net hongreg?

Sara Neen.

Pia Oppel No sengem éischte Joer an der EIDE fällt dem Sara säi Bilan duerchwuess aus. D'Konzentratioun an d'Mathé bleiwen ee groussen Defi. Am Bilansgespréich mam Sara senger Mamm ziele seng Léierinnen, d'Sarah Barlow an d'Sandra Carvalho, op, wéi vill Efforten d'Sara nach muss maachen. Si soen awer och: Wann hatt wëllt, da kann hatt.

Sarah Barlow Le dernier 'spelling test', c'était comme tous les autres. C'était pas gribouillé, c'était pas, oh, j'ai pas entendu, non c'était exactement ce que je lui ai demandé.

Marina On fait des petites courses pour les spelling. Je fais une photocopie et elle garde le livre, et je chronomètre, la première qui finit, elle gagne. Donc je me mets aussi à l'Anglais doucement mais c'est dur [laacht].

Sarah Barlow Mais quand je lui ai dis c'est exactement ce que je demande de toi. Aaaah, épatée, oui!

Pia Oppel Um Enn huet d'Sarah Barlow eng gutt Nouvelle fir dem Sara seng Mamm:

Sarah Barlow Je suis ravie, elle fait de grands pas dans la bonne direction.

Marina OK

Sarah Barlow Et il y a aussi un petit mot pour dire qu'elle passe en P5.

Pia Oppel Wann d'Sara sech drugëtt, misst him duerno och de Sprong an de Secondaire vun der EIDE geléngen, menge seng Léierinnen. De Secondaire fänkt an den Europaschoule scho mam sechste Schouljoer un - also ee Joer éischter wéi am Lëtzebuerger Schoulsystem.

An et gëtt nach een Ënnerscheed: d'Europaschoule maachen deen Ament keen Tri tëschent Kanner, déi an de Classique oder an de Générale kommen. Et gëtt zwar ee Préparatoire fir Schüler, déi nach net prett si fir an de Secondaire. Mee all déi aner Schüler ginn op de selwechten Diplom preparéiert, den europäesche Bac. De Problem ass, wann een um Wee dohinner eng aner Richtung wëllt aschloen, muss een nees Uschloss am traditionelle Schoulsystem fannen.

An dat kann da wéinst de Sprooche schwiereg sinn. Fir verschidde Schülerinnen a Schüler riskéieren déi international Schoulen dowéinst zu enger Sakgaass ze ginn: Beruffsausbildungen op Englesch ginn et zum Beispill nach kaum.

D'Fro vun der Uschlossfäegkeet stellt sech och um gesellschaftlechen Niveau, wat d'Léiere vum Lëtzebuergeschen als Integratiounssprooch ugeet.

Nils Lo gi mir an eis Klass a lo maache mir Lëtzebuergesch.

Pia Oppel Dat ass den Nils, ee Matschüler vum Sara. Mir waren him virdrun um Pausenhaff scho begéint. Mir sinn, wéi Dir héieren hutt, um Wee an de Lëtzebuergesch-Cours. Deen ass zwee Mol d'Woch. An d'Klass prouft den Ament een Theaterstéck

Nils Also Kanner an eng Bomi mat engem Hond, a si ginn an d'Stad, huelen den Tram.

Lavinia Petre Ok, we wait for everyone.

Pia Oppel D'Lavinia Petre ass als Remplaçante agesprongen, well de Lëtzebuergesch-Enseignant vun der P4 krank ass. Si schwätzt grad esou wéineg Lëtzebuergesch, wéi déi meeschte Kanner an der Klass. Den Nils ass hei ee vun de wéinegen, dee sech fräi op Lëtzebuergesch kann ausdrécken, hien iwwerhëlt dowéinst d'Roll vum Erzieler:

Lavinia Petre Fënnef, véier, dräi, zwee, eent, an Action!

Nils Een Dag an der Stad. Zeen eent. D'Bomi kënnt op Besuch.

Prem Yuppi, ech si sou frou, datt d'Bomi kënnt.

Alex Si ass esou lëschteg.

Lavinia Petre Erzieler.

Nils D'Bomi huet fir jiddweree Kaddoe matbruecht. D'Mamm an de Papp kruten eppes fir ze dekoréieren.

Pia Oppel Den Nils ass zu Lëtzebuerg gebuer an zu Esch an d'Spillschoul gaangen, wou hien ugefaangen huet Lëtzebuergesch ze léieren. Doheem schwätzt hie Katalanesch. Sengen Elteren ass et wichteg, datt hie Lëtzebuergesch ka schwätzen. Dat wat hien an der EIDE léiert, geet net duer, fënnt seng Mamm, d'Violant Tarrach.

Violant Tarrach Ils ont le Luxembourgeois. Mais nous on aimerait qu'il fait un petit peu plus. Etant donné que pour l'instant c'est comme ça on a choisi de mettre, donc il fait la natation, il va à la musique. Donc tout ça il le fait en Luxembourgeois. Et en plus on habite un quartier où il joue avec des amis en Luxembourgeois.

Pia Oppel An den internationale Schoulen ass d'Lëtzebuergescht bis d'drëtt Joer vum Secondaire ee Flichtfach. Och Grammaire a Rechtschreiwung ginn enseignéiert. Mee Sprooche léiert een eben net theoreetesch, op d'mannst net just. Et léiert ee se, wann ee se schwätzt. A wärend an der traditioneller Schoul d'Lëtzebuergescht d'Ëmgankssprooch ass, déi souguer zum Deel Däitsch a Franséisch am Unterrecht verdrängt, gëtt an den internationale Schoulen haaptsächlech d'Sektiounssprooch geschwat. Also Franséisch, Englesch oder Däitsch. Dat huet de Virdeel, datt d'Kanner méi Geleeënheet hunn dës Sproochen ze léieren. Mee eben den Nodeel, datt d'Lëtzebuergescht manner zum Zoch kënnt.

Ech hunn eng Lëtzebuergesch-Enseignante an der EIDE getraff, déi de System vun den internationale Schoulen ënner anerem dowéinst kritiséiert.

Claire Albrecht Et ass e bëssen ze haart.

Ech sinn d'Claire Albrecht, ech hunn 28 Joer a schaffen zanter véier Joer an der Ecole internationale zu Esch.

Pia Oppel Mir sinn am Lëtzebuergesch-Cours an engem éischte Schouljoer op der franséischer Sektioun.

Tassmin Ech doe meng Jackett un.

Claire Albrecht Gutt!

Pia Oppel D'Claire Albrecht ass net iwwerzeegt vun den internationale Schoulen. Aus ganz ville Grënn. Engersäits well d'Schoul manner Moyenen huet wéi déi traditionell Grondschoulen.

Claire Albrecht Et ass net eng Schoul fir Kanner mat Schwieregkeeten. Et ass bal genee de Géigendeel. Well hei hu si dräi Sproochen. Een, deen eng Dyslexie huet oder ee sozio-emotionale Problem, déi Kanner, déi géifen an engem Fondamental besser encadréiert ginn. Well si hu méi Ressourcen ze gutt. Si hu 16 Kanner. Een, deen net eens gëtt an engem grousse Grupp, dee gëtt hei nach manner eens, wéi do.

Pia Oppel Da sinn déi meescht international Schoulen Ganzdaagsschoul, wou d'Enseignanten net d'office dënschdes an donneschdes mëttes fräi hunn?

Claire Albrecht Déi éischt zwee Joer war ech all Dag vun aacht bis véier hei. An dat accumuléiert sech.

Pia Oppel Dat ass jo net anormal fir en Job?

Claire Albrecht [laacht] Ech si jo awer am Enseignement. Nee, also, ech si vun aacht bis véier hei, dat ass een normalen Job. Mee ech ginn awer Heem a mäin Job ass nach ëmmer net fäerdeg.

Pia Oppel Déi méi prinzipiell Kritik vun der Claire Albrecht ass, datt d'Kanner net gutt genuch Lëtzebuergesch géife léieren. Eng Sprooch, déi ee jo awer géif brauche fir zu Lëtzebuerg Fonctionnär ze ginn.

Claire Albrecht A si kënne jo awer net richteg integréiert ginn herno an der Gesellschaft, wa si et net kënnen. Vun eise Schüler gëtt jo wuel keen Enseignant an engem Fondamental zu Lëtzebuerg.

Pia Oppel D'Claire Albrecht wënscht sech, datt weider no enger Léisung gesicht gëtt, vun där all d'Schoulkanner kënne profitéieren.

Claire Albrecht Et ass eng Insel, mee et misst keng Insel sinn. Ech gesi kee Problem, um Brill hu se wat? Fënnef, sechs éischt Schouljoren. Wann d'Hallschent Franséisch an déi aner Hallschent Däitsch. Vu mir aus setz nach eng Englesch mat dobäi. Mee da muss een och oppassen, wat mam Lëtzebuergeschen deen Ament geschitt.

Pia Oppel Also eppes, wat ech schonn impressionant fannen, ass dat immersiivt. Wou ee Mammesproochler sech wierklech sou 100 Prozent à l'aise spiert an där Sprooch.

Claire Albrecht Jo, dat ass natierlech ee grousse Virdeel. Mee ech fannen, dat perfekt Rezept hu mir nach net.

Pia Oppel No anere Rezepter gëtt weider gesicht. Eng grouss Reform vun der Grondschoul ass zwar net geplangt. Amplaz setzt den Educatiounsminister Claude Meisch op een neie Pilotprojet. An op eng Iddi, déi esou nei net ass, wéi Dir aus der leschter Episod wësst.

Edith Jacobs Do hunn ech geduecht, firwat léiert ee si net Franséisch fir d'éischt? Dat ass hinnen no. An do hunn ech eng Demande gemaach un d'Schoulkommissioun fir däerfe mat Franséisch unzefänken am éischte Schouljoer.

Pia Oppel Wat d'Schwëster Edith an d'Karin Elsen an de 70er Jore gemaach hunn, gëtt elo also nach emol ausprobéiert. An der nächster Episod huelen ech Iech mat op Schëffleng an d'Nelly-Stein-Schoul.

Schlechte Schüler, ee Podcast vum radio 100,7. Recherche a Redaktioun: Pia Oppel a Pierre Reyland. Mat der Ënnerstëtzung vum Tessy Troes, Jean-Claude Franck, Rick Mertens, Chris Zeien a Semir Demic. Toun a musikalesch Arrangementer: Chris Simon. Coordinatioun: Yves Stephany.

Eis Titel-Musek, de "Gassenhauer" aus dem Orff-Schulwerk ass ënner der Leedung vum Laurent Warnier vu Schülerinnen a Schüler am Stater Conservatoire opgeholl ginn. Merci dem Joé Alff, Constantin Barbu Ravoux, Michael Calnan, Felix Dunkel, Laurie Krier, Ina Molakava, Lola Schleicher, Julian Seredynski, Youqian Lulu Pang, Louis Thill an Eloïse Twimumu.

Méi zum Thema

Schlechte Schüler_Visual_1200x667-01.jpg
Podcast

Wéi eescht huele mir zu Lëtzebuerg d'Versprieche vun engem gerechte Schoulsystem? An eiser éischter grousser Podcast-Serie huele mir Iech mat an d'Schoul. Op d'Sich no Äntwerten.

Transkript_Visuell_Episod 1.jpg
Podcast

Am éischten Deel vun eiser Podcast-Serie iwwer de Lëtzebuerger Schoulsystem geet et ëm d'Fro: Firwat scheitere vill Kanner schonn esou fréi an hirem Schoulparcours?

Transkript_Visuell_Ep2.jpg
Podcast

Et gëtt scho laang versicht de Schoulsystem méi gerecht ze maachen. Am zweeten Deel vum neien 100,7-Podcast geet et ëm d'Fro, firwat déi Versich gescheitert sinn.

Transkript_Visuell_Ep4.jpg
Podcast

Zu Schëffleng léiert elo eng Schoulklass op Franséisch Liesen a Schreiwen. Wat kann ee sech vum Pilotprojet erwaarden? Ëm déi Fro geet et an der véierter Episod vum "Schlechte Schüler".

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Alles iwwer de Podcast Schlechte Schüler

    An eisem Dossier fannt dir sämtlech Episode vun eisem Podcast Schlechte Schüler, Interviewe mat Schoulexperten an déi komplett Transkripter vun den eenzelnen Episoden.

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen