Podcast Schlechte Schüler: Transkript vun der Episod 2

Et gëtt scho laang versicht de Schoulsystem méi gerecht ze maachen. Am zweeten Deel vum neien 100,7-Podcast geet et ëm d'Fro, firwat déi Versich gescheitert sinn. Hei drënner fannt Dir den Transkript vun der Episod "Zréck an d'Zukunft".

Pia Oppel a Pierre Reyland

Transkript_Visuell_Ep2.jpg

Karin Elsen Ech mengen, et huet mech scho beweegt, datt een dach eppes muss änneren. Wann ee gesäit, datt eppes manifestement net gerecht ass.

Edith Jacobs Also et war ee Bierg vu Problemer. Ech hu mir geduecht, firwat léiert ee si net Franséisch fir d'éischt. Firwat mécht een dat net?

Pia Oppel De Lëtzebuerger Schoulsystem huet sech déi lescht Joerzéngte schwéier gedoe fir seng Approche zu de Sproochen ze änneren. Obwuel et un Diskussiounen a Versich net gefeelt huet. An dëser Episod geet et ëm d'Fro, firwat dës Versich gescheitert sinn.

Mäin Numm ass Pia Oppel, ech si Journalistin beim radio 100,7. An an dësem Podcast verzielen ech Iech d'Geschicht vun engem Schlechte Schüler: Gemengt ass eise Schoulsystem an deem vill Kanner fréi scheiteren - a scho fréier gescheitert sinn.

Schlechte Schüler, ee Podcast vum radio 100,7. Episod 2: Zréck an d'Zukunft

Den 11. Dezember 1957 gouf um Lampertsbierg d'Gebai vun der alleréischter Europaschoul ageweit. Eng Schoul fir d'Kanner vu Beamten, déi fir déi éischt europäesch Institutioune geschafft hunn, déi nom Krich gegrënnt goufen. Mat der Opféierung vun enger Kanneroper ass d'Zeremonie op en Enn gaangen.

D'Iddi war, datt d'Beamtekanner an hirer Mammesprooch kënnen an d'Schoul goen. Ufanks ginn et véier Sproochesektiounen: Franséisch, Hollännesch, Italieenesch an Däitsch.

Eduard Orth Denn wir wollen 'la richesse par la diversité', wie Paul-Henri Spaack es einmal ausgedrückt hat.

Pia Oppel Dat ass de rheinland-pfälzesche Kultusminister Eduard Orth.

Eduard Orth Aber über die 'diversité' wollen wir auch nicht die 'unité' vergessen.

Pia Oppel An dofir léieren all d'Europaschülerinnen a -schüler op d'mannst zwou Friemsproochen. A begéinen dobäi de Kanner aus den anere Sproochesektiounen.

Joseph Bech Altesses Royales, Excellences, Mesdames, Messieurs, mes jeunes amis. J'ai l'honneur et le privilège de remettre à l'Ecole Européenne, au nom du Gouvernement luxembourgeois, cet édifice tout neuf.

Pia Oppel De Staatsminister Joseph Bech huet sech houfreg gewisen. Lëtzebuerg konnt sech mat senger Europaschoul als attraktive Standuert fir europäesch Institutioune beweisen. Bildungspolitesch war dës Schoul net wichteg. Deen neie Schoulmodell, esou virbildlech europäesch en och war, war ni als Virbild fir de Lëtzebuerger Schoulsystem geduecht.

Iwwer laang Ëmweeër ass awer genee dat geschitt, wat net sollt geschéien.

Martine Hansen Dat heescht, mir solle knäipen. Normalerweis soll een dat net an der Schoul. Mee hei solle mir knäipen. Mir solle knäipe vun den Europaschoulen, wat ass do gutt.

Pia Oppel Dat ass d'Martine Hansen. Am Mäerz 2022, also 65 Joer no der Aweiung vun der éischter Europaschoul, huet d'CSV-Deputéiert fir eng Reform vun der traditioneller Schoul nom Virbild vum europäesche Schoulsystem plaidéiert.

Martine Hansen Mat Hëllef vun de Sprooche gëtt bei eis wierklech ganz dacks gesifft. Dat ass vläicht een haarden Ausdrock. Mee dat ass awer leider Gottes esou. A ville Schüler gëtt duerch d'Sproochen hir Zukunft verbaut.

Pia Oppel Bei den Europaschoule knäipen, dat ass schonn emol an den 1970er gefuerdert ginn. Net an der Chamber, mee vun engagéierten Enseignanten an Elteren. Déi sech, wéi den Zoufall et wëllt, 1974 am ale Gebai vun der Europaschoul zu enger Associatioun zesummegeschloss hunn.

Karin Elsen D'Eltere vun de Kanner, mir hunn déi zesummegeruff a Reuniounen. Haaptsächlech italieenesch a portugisesch Elteren, puer Spuenier waren och ëmmer do.

Pia Oppel D'Karin Elsen ass 1974 am leschte Joer vun hirer Ausbildung als Primärschoulsléierin. A si ass eng vun de Grënnungsmembere vun där neier "Association de défense des intérêts des élèves étrangers".

Karin Elsen Do hu mir versicht dann och an der Mammesprooch mat hinnen ze schwätzen an hinnen och gewisen, datt hir Kanner och Rechter hätten. An datt si déi wieren, déi déi Rechter och missten afuerderen.

Pia Oppel Zum politeschen Engagement ass d'Karin Elsen iwwer de Glawe komm. Méi genee, iwwer d'Jugendmassë samschdes owes an der Stad.

Karin Elsen Dat huet sech och Jugendpor genannt. Da waren aus all Quartier Jugendlecher, déi gehollef hunn déi Masse méi modern maachen. An do hunn ech eng Partie Enseignantë kennegeléiert, Schoulmeeschteren, Léierinnen. Dat huet mat bewierkt, datt mir och op aneren Niveaue geschafft hunn. Datt mir gesot hunn, mee d'Auslänner, déi hunn hei guer keng Chance, déi fanne keng Wunnengen.

Déi hu jo do scho Schoul gehalen e puer Joer, déi hu gemierkt, déi Kanner hu Schwieregkeeten hei. An dorausser ass du Forum 80.000 entstanen, mat nach anere Leit, fir där Saach e bëssen op de Fong ze goen.

Pia Oppel Och bei Forum 80.000 ass d'Karin Elsen ënner de Grënnungsmemberen. D'ASBL hat sech als Zil gesat, d'Rechter vun de ronn 80.000 Auslänner am Land, a virun allem vun den immigréierten Aarbechter, ze verdeedegen.

Karin Elsen Do hate mir eis opgedeelt op verschidden Theemegebitter. An ech war do bësse méi an deem Grupp Enseignement. Fir ze kucken, wéi kënne mir a verschiddene Quartieren an der Stad déi auslännesch Kanner besser integréieren, a wéi kënnen déi besser mat eisem Schoulsystem eens ginn.

Pia Oppel An de 70er ginn d'Inegalitéiten am Schoulsystem méi generell zum Theema: Eng éischt wëssenschaftlech Etüd aus där Zäit weist, datt och hei am Land de soziale Milieu bei de Schoulleeschtungen eng grouss Roll spillt. D'Virstellung, datt et an der Schoul just op Intelligenz a Fläiss ukënnt, gëtt domadder grondsätzlech a Fro gestallt.

Een aneren Defi kënnt dobäi: Mëtt de 70er huet bal all drëtt Primärschoulskand net déi Lëtzebuerger Nationalitéit. An et fält op, datt Kanner vun immigréierten Aarbechter d'Schoul dacks ouni Diplom verloossen.

D'Aktivistinnen an Aktiviste vu Forum 80.000 sichen also no Léisungen. An d'Europaschoul daucht an den Diskussiounen ëmmer nees op. Als Beweis, datt et Léisunge ginn, wann ee se wëllt ëmsetzen.

Karin Elsen Fir Europabeamten do war alles gutt, do hu mir keng Moyene gescheit. A fir Aarbechter. Dat ass déi al Geschicht. Déi Leit wiere sech net esou haart a vehement.

Pia Oppel D'Europaschoul war fir d'Aktiviste vu Forum 80.000 ee Virbild. Si hu gefuerdert, datt et eng franséischsproocheg Sektioun am Lëtzebuerger Schoulsystem misst ginn.

Pia Oppel Dir hutt wonnerbar Notte geholl vun deene Reuniounen, déi Dir deemools hat. An Dir stellt dem Här Hostert, also dem Beamten aus dem Educatiounsministère am Fong da ganz einfach d'Fro: Wat huet de Staat da wëlles ze maachen? An Dir kritt am Fong eng auswäichend Äntwert deen Ament. Wat huet den Här Hostert Iech geäntwert?

Karin Elsen Ech krut geäntwert, fir iergendeppes kënnen ze plangen, musse mir mol fir d'éischt wëssen, ob déi Leit hei bleiwen, oder net. An dat ass eng Fro, op déi gouf et éischtens keng Äntwert. An zweetens léist dat kee Schoulproblem. Et ass eigentlech egal, ob Leit ee Joer hei sinn oder zéng Joer. Hir Kanner mussen egal fir wéi eng kuerz oder laang Zäit eng éierbar Schoul kréien. An dorop gouf et keng Äntwert.

Pia Oppel Dir hutt och dann notéiert, wat Iech dat inspiréiert huet, déi Conclusioun am Fong.

Karin Elsen Jo, ech hat d'Gefill, et wier eng auswäichend Äntwert. Et wousst een och ni esou richteg, ob politesche Wëlle bestanen huet fir iwwerhaapt fir déi Kanner eppes ze maachen. Ech mengen, wéi ass ëmmer gesot ginn: Wir riefen Arbeiter, es kamen Menschen. An, jo, ech mengen, et huet mech scho beweegt, datt een dach eppes muss änneren, wann ee gesäit, datt eppes manifestement net gerecht ass, da muss ee jo probéieren eppes dorunner ze änneren. A wann ee jonk ass, dann huet ee warscheinlech nach vill Elan, et huet een nach net vill Deceptiounen erlieft [laacht]. Herno leet dat sech e bëssen. Mee am Ufank mengt een, wa mir elo all zesummen eppes maachen, da geet dat.

Pia Oppel Amplaz op eng grouss Reform vum Schoulsystem ze waarden, huet d'Karin Elsen als Léierin selwer d'Initiativ ergraff, fir eppes ze veränneren. Si war dobäi net ganz eleng, mee dozou gläich méi.

Karin Elsen Wann een elo hei kuckt, hei war den Haff vun der Schoul. D'Schoul ass gelaf laanscht d'Strooss, esou wéi dat do Gebai och. An da war hei den Haff mat enger Entrée. Mee wou owes leider och Leit sech am Haff opgehalen hunn, déi net esou gutt ware fir eis Kanner.

Pia Oppel D'Karin Elsen huet 1975 ugefaangen an der Garer Schoul an der Stad ze schaffen. Um Eck Stroossbuerger Strooss a Rue du Commerce stoung dunn nach en anert Schoulgebai. D'Situatioun an der Schoul war awer schonn eng änlech wéi haut. A ville Klassen op der Gare war kaum ee Kand, dat doheem Lëtzebuergesch geschwat huet.

Karin Elsen An do war d'Iddi opkomm fir op Franséisch Schreiwen a Liesen ze léieren amplaz op Däitsch. An als zweet Sprooch koum Däitsch dobäi an nom drëtte Joer Experimentalklass ass een an een normaalt Véiert integréiert ginn.

Pia Oppel Wat Dir gemaach hutt, ass eng kleng Europaschoul am Fong an der Stroossbuerger Strooss ageféiert, kann een dat esou soen?

Karin Elsen Dat ass ee ganz grousse Vergläich. Dat war dann d'Mini-mini-mini. Well et war grad eng Klass an der Stroossbuerger Strooss an eng Klass an der Congregatioun an der Stad.

Pia Oppel Titulaire vun der Klass an der Congregatiounsgaass war d'Edith Jacobs, déi och bei Forum 80.000 engagéiert war. Haut ass si 86 Joer al a lieft zu Nanzeg.

Mäi Redaktiounskolleeg Pierre Reyland ass mat mir op Nanzeg gefuer. Dat sinn de Pierre an ech, wéi mir versichen erauszefannen, ob den Navi an eise Mikro géif soen, datt mir grad iwwer déi franséisch Grenz fueren. Mir hunn en net derzou kritt.

Pia Oppel Da muss du et soen.

Pierre Reyland Border crossing

[Schell]

Pia Oppel Lo steet do 23.

Pierre Reyland Vläicht ass se nach net do. Mir sinn 20 Minutten ze fréi.

Pia Oppel Jo.

Pierre Reyland Do ass ee Café.

Pia Oppel D'Edith Jacobs war net do. Eng Stonn an ee Kaffi méi spéit, hate mir méi Chance.

Pia Oppel Moien!

Pierre Reyland Moien!

Edith Jacobs Moien. Oh Dir musst entschëllegen, dat sinn Alterserscheinungen.

Pia Oppel D'Edith Jacobs hat eise Rendez-vous iwwersinn, well si vergiess hat moies an hir Agenda ze kucken.

Pierre Reyland Ech sinn de Pierre. Pierre Reyland.

Edith Jacobs Ech sinn d'Schwëster Edith, war ni eng Joffer Jacobs, ech war ëmmer d'Schwëster Edith. Well ech si vun der Doctrine Chrétienne, eng Congregatioun, déi fir den Enseignement eigentlech gegrënnt ginn ass, scho laang. Virun e puer honnert Joer.

Pia Oppel An hirer Stuff, ënner engem grousse Kräiz un der Mauer, verzielt d'Edith Jacobs eis, wéi si an de 70er zesumme mat enger anerer Schwëster den Atelier Zeralda gegrënnt huet. Dat war deemools am Pafendall déi éischt Maison Relais an där d'Kanner nomëttes bei den Hausaufgabe gehollef kruten, a wou si Bicher konnten ausléinen.

Edith Jacobs An do hu mir duerch d'Kanner Famille kennegeléiert, déi et ganz schwéier hunn. Déi selwer knapps liese konnten, déi net verstanen hunn an de Kanner guer net hëllefe konnten.

Pia Oppel 1975, also an deem Joer, wéi d'Karin Elsen op der Gare ugefaangen huet, sollt d'Edith Jacobs an der Congrégatiounsgaass an der Uewerstad eng Klass mat nëmme portugisesche Kanner kréien.

Edith Jacobs Ech wousst net, wéi een dann anescht géif mat portugisesche Kanner Däitsch léieren a si doe versichen ze verstoen. Also et war ee Bierg vu Problemer. Dunn hunn ech geduecht, firwat léiert ee si net Franséisch fir d'éischt, dat ass hinnen no. Hir Eltere mussen och Franséisch schwätzen, fir zu Lëtzebuerg kënnen ze schaffen an ze wunnen. Firwat mécht een dat net?

An do hunn ech eng Demande gemaach un d'Schoulkommissioun, fir däerfe mat Franséisch unzefänken am éischte Schouljoer.

Pia Oppel Dat heescht, Dir hutt d'Demande gemaach?

Edith Jacobs Jo. Jo. An du ware se d'accord. Ech krut d'Material, dat ass jo zu Lëtzebuerg selten e Problem. Ech mengen an der Gemeng war et hinnen zimmlech egal, wat ee géif maachen. D'Haaptsaach wier, datt keng Kloe kéimen an datt net nees gesot géif, d'Lëtzebuerger Schoulen daachen näischt, a sou weider.

Pia Oppel Fir datt d'Kanner sech kéinte verhalen, datt ee Laut am Franséischen op vill verschidde Manéiere ka geschriwwe ginn, goufen et Comptinnen.

Edith Jacobs La souris a mis du riz dans le nid de ses petits. Mat Freed hunn déi Kanner dat, an Zäit vun enger Véierelsstonn woussten déi dat nozesoen. An eng Kéier ass ee Klengt eppes liese gaangen. An dunn huet et gesot et, et huet nach gelispelt: 'Mais je sais lire moi'. Ech héieren et nach ëmmer. An dat war immens schéin.

Wat fir mech den Nodeel war, si hunn net Lëtzebuergesch geléiert. Dat war deen negativen Aspekt. Mee et war einfach schéi Schoul halen. Wärend mat Däitsch, dat war eng Plo.

Pia Oppel D'Edith Jacobs an d'Karin Elsen maachen déi selwecht Erfarung. D'Alphabetisatioun op Franséisch ass de Kanner relativ einfach gefall. Mee am véierte Schouljoer sinn d'Kanner net prett, fir wéi geplangt nees an deen normale System zeréck ze wiesselen.

D'Karin Elsen ass zur Conclusioun komm, datt et net drop ukënnt mat wéi enger Sprooch een ufänkt. Fir all d'Kanner, egal wéi eng Sprooch se doheem schwätzen, wier et an hiren Ae besser, mat der zweeter Sprooch méi spéit unzefänken.

Karin Elsen Et muss een eng Sprooch kënne fixéieren, besonnesch wann et net seng Mammesprooch ass. Aner Kanner léiere Liesen a Schreiwen an hirer Mammesprooch, mir net.

Pia Oppel D'Léierinne ginn no hirem Experiment mat der franséischer Alphabetisatioun aner Weeër. D'Edith Jacobs plënnert op Nanzeg. D'Karin Elsen iwwerhëlt zu Hollerech nees eng normal Schoulklass. Hir Eegeninitiativ hannerléisst wéineg Spueren. D'Stad Lëtzebuerg féiert de Projet net méi weider. An den 80er lancéiert d'Escher Brill-Schoul en änlecht Experiment, dat awer och no puer Joer nees fale gelooss gëtt.

Edith Jacobs D'Lëtzebuerger Schoulen, si hu sech net als erneuerungsbefürfteg ëmfonnt, mengen ech. Do hätt ee missen zu vill sinn, fir et duerch ze drécken, ewéi esou ee klenge Grippchen.

Pia Oppel Dir waart Eenzelkämpfer?

Edith Jacobs Jo. Jo.

Pia Oppel Den eenzege Versuch d'Initiativ vun den zwou Léierinnen ze bilanzéieren, huet menges Wëssens no deemools e Beamten am Educatiounsministère gemaach. Ech hunn dee Rapport duerch Zoufall an den Archive vun der Chamber erëmfonnt an dunn och séier den Auteur.

Othon Neuens Jo, Oth Neuens.

Pia Oppel Jo Moien, hei ass d'Pia Oppel.

Othon Neuens Aaahh. Bonjour, Bonjour ...

Pia Oppel Ech weess net, ob Dir de Pabeier elo virun Iech leien hutt?

Othon Neuens Jo, ech hunn et viru mir leien, jo.

Pia Oppel De Punkt siwen, wann Dir wëllt. D'Constatatioun, kënnt Dir déi eng Kéier virliesen, wat war dann Är Constatatioun deemools?

Othon Neuens Eng Sekonn, eng Sekonn. Conclusion. Constatation. Majo, soll ech dat virliesen?

Pia Oppel Genau.

Othon Neuens La progression dans l'apprentissage de la langue française est très rapide en première année d'études. Cela s'explique probablement par le fait que le français et les langues portugaise et italienne sont des langues apparentées et que la motivation des enfants pour l'apprentissage du français est plus grande que pour l'allemand. Les enfants peuvent donc communiquer rapidement en langue française.

Pia Oppel Wann een dat héiert, dann denkt een, de Projet war dach eigentlech e Succès.

Othon Neuens Jo, fir d'Franséisch war et gutt. Mee fir eng Integratioun duerno an eng normal Klass ze kréien, do ass hiert Däitscht net duergaangen.

Pia Oppel Do stellt sech dann direkt d'Fro, ob net grad dat de Problem vum Projet war. Datt virgesi war, datt d'Kanner am véierte Schouljoer zeréck an e System ginn, wou si quasi däitsche Mammesproochniveau missten hunn?

Othon Neuens Jo. Mee dat war duerch ee System, deen déi Zäit bestanen huet, wou et och am Post-Primaire et kaum nach franséischsproocheg Méiglechkeete gi sinn. Ech war bis kuerz virun 1976, bis ech op de Ministère komm sinn, war ech Titulaire vun enger Classe d'Accueil fir Kanner vun 12 bis 15 Joer, déi komm sinn an deem Alter op Lëtzebuerg an déi du mol als éischt Franséisch geléiert hunn. Ech ka mech nach erënneren, ech hat een türkescht Kand do, ganz intelligent Kand. An ech hunn dem Bouf duerno recommandéiert fir an d'Belsch an ee Lycée ze goen. An en ass dunn an d'Belsch gaangen an en ass Dokter ginn. Do gesäit een, datt eng franséischsproocheg Filière och kann zu eppes féieren.

Pia Oppel Wéi vill ass dann an den 80er nodeems Dir deen heite Rapport gemaach hutt, do war de Robert Krieps net méi do, do war Äre Minister den Här Boden, wéi vill ass dann dunn doriwwer diskutéiert ginn, datt ee vläicht awer d'Franséischt anescht misst an de Schoulsystem integréieren, wann et fir déi Kanner souvill méi einfach ass?

Othon Neuens Do war déi Bereetschaft kaum vorhanden, loosse mir mol esou soen.

Pia Oppel Firwat dann? Am Classique war d'Franséischt jo awer eng ganz gutt consideréiert Sprooch.

Othon Neuens Jo, elo, ech verstinn et eigentlech och net. Dat war einfach Traditioun zu Lëtzebuerg.

Pia Oppel D'Alphabetisatioun op Franséisch war deen Ament also nees vum Dësch. Amplaz huet den Othon Neuens recommandéiert d'Däitscht anescht ze enseignéieren. Genee dat war 1983 och de Konsens an der alleréischter grousser Debatt, déi d'Chamber iwwer d'Theema geféiert huet.

Et ass ee spannende Moment. Well et gouf ee breede Konsens, datt séier eppes misst geschéien. Ze vill Kanner hunn de Schoulsystem ouni Diplom verlooss.

Et ass awer näischt geschitt.

Erna Hennicot Il faut que les deux langues, le français et l'allemand, soient enseignées en tant que langues étrangères.

Pia Oppel Dat ass déi fréier CSV-Deputéiert Erna Hennicot, déi een Extrait aus hirer Ried an der Chamber vu Februar 1983 virliest. D'Däitscht misst als Friemsprooch enseignéiert ginn, esou d'Propos. Et sollt also net méi virausgesat ginn, datt d'Kanner d'Däitscht scho verstinn an och am Alldag benotzen. Nei Schoulbicher an aner Léiermethode wieren dofir néideg gewiescht.

Mee just éier d'Chamber iwwer d'Resolutioun ofstëmmt, proposéiert den Educatiounsminister Fernand Boden, och vun der CSV, fir genee déi Propos ze sträichen.

Amplaz huet den CSV-Minister eng komplizéiert Formulatioun proposéiert. D'Däitscht sollt esou enseignéiert ginn, datt d'Virwësse vun alle Kanner berücksichtegt gëtt. Wéi dat genee sollt ëmgesat ginn, huet de Fernand Boden net erkläert. Fir d'Lëtzebuerger Kanner géif et mam Däitschen als Friemsprooch soss ze lues virugoen, esou säin Argument. Eng Behaaptung, déi keen a Fro gestallt huet. Ouni Protest huet d'Chamber sech deen eenzege Saz aus hirer Resolutioun sträiche gelooss, deen eng konkret Verännerung hätt kënne mat sech bréngen.

Pia Oppel An do ass Iech Äre Minister a leschter Sekonn an de Réck gefall.

Erna Hennicot Majo [laacht].

Pia Oppel Wéi hutt Dir dat da fonnt?

Erna Hennicot Jo, domadder huet ee misse liewen.

Pia Oppel Jo?

Erna Hennicot Tjo. De Rapport war jo à l'unanimté ugeholl. Et huet jo och keen anere géint deen dote Passage reklaméiert.

Pia Oppel Wousst Dir, datt déi Ännerung géif kommen?

Erna Hennicot Héchstwarscheinlech hate mir dat ugekënnegt kritt, well soss wier et jo net esou duerchgaangen. Et ass esou séier de Staf gebrach doriwwer, et hätt ee jo kënnen.

Pia Oppel Dir fannt, datt ech mir et ze einfach maachen?

Erna Hennicot Jo.

Pia Oppel Vläit huet d'Erna Hennicot net ganz Onrecht. 40 Joer no enger Chamberdebatt kritesch Froe stellen, ass einfach. Politesch tranchéieren ass sécherlech méi schwiereg.

Zum Kontext deemools. D'Enseignantsgewerkschafte si strikt géint eng franséisch Alphabetisatioun. An iwwer d'Däitscht als Friemsprooch si se sech net eens. De Generalinspekter fir d'Primärschoulen huet sengersäits fir eng franséisch Filière am Primär plaidéiert. An de Konsens an der Chamber ass, datt Sproochesektioune wéi an der Europaschoul, zu Ghettoe géife féieren.

Ob einfach oder net, de politesche Choix ass 1983, fir déi wesentlech Saache beim Alen ze beloossen.

1995 ass d'Erna Hennicot selwer Educatiounsministerin ginn. Si huet ënner anerem de Precoce ageféiert, also d'Schouljoer virun der Spillschoul. A si huet och géint grousse Widderstand den Opnamexame fir an de Lycée ofgeschaaft. Zwou wichteg Mesurë fir géint Inegalitéiten am Schoulsystem virzegoen. Eng Reform vum Sproochenenseignement ass awer keen Theema méi.

Pia Oppel Et koum awer esou eng Debatt net méi op d'Tapéit?

Erna Hennicot Neen.

Pia Oppel Firwat?

Erna Hennicot Well se komplizéiert ass, an d'Leit fäerten d'Komplexitéit vun der Saach.

[Brouhaha vun der Enseignantsmanifestatioun]

Daniel Reding A wann et net anescht geet. Da gëtt et just ee Wee, de Generalstreik am Enseignement.

Pia Oppel Am Mäerz 2012 ass eng grouss Manifestatioun vum Léierpersonal. Iwwer 5.000 Leit stinn an der Ënneschtgaass virum Educatiounsministère aus Protest géint déi geplangte Lycéesreform an géint d'Grondschoulreform, déi zanter enger Zäit schonn a Kraaft war. Der LSAP-Educatiounsministerin Mady Delvaux geléngt et net dee Konflikt ze léisen, éier et 2013 wéinst der Geheimdéngschtaffär zu virgezunnen Neiwale kënnt.

De Widderstand géint hir Schoulpolitik erreecht mat de Manifestatiounen am Mäerz 2012 een Héichpunkt. Mee Kritik gëtt et scho virdrun. Notamment um Versuch fir de Sproochenenseignement ze reforméieren.

Graff resuméiert huet d'Mady Delvaux proposéiert, datt d'Schülerinnen a Schüler net alleguer dee selwechten Niveau an alle Sprooche missten erreechen, fir en Diplom kënnen ze kréien. Den Toun vun der Debatt ass zimmlech rau ginn.

"Dem Deutsch sein Tod" ass deemools den Titel vun engem oppene Bréif un d'Educatiounsministerin. Den Auteur vum Bréif, een Däitschenseignant an engem klassesche Lycée, wollt mir keen Interview ginn. Ech konnt also just mat der Adressatin, der Mady Delvaux, doriwwer geschwat.

Pia Oppel Majo, an dee leschten Abschnitt vun deem Bréif, do heescht et dann: Sollte eines Tages die, noch bestehende, Drei-Sprachenbarriere fallen, werden die ausländischen Muttersprachler allemal besser sein. Wem dann wohl die Quittung präsentiert wird?

Mady Delvaux Jo, ech mengen, dat ass jo eng kloer Ausso, dass mir dee System mussen halen, fir datt d'Lëtzebuerger hir Plaze behalen. Dat kann ee schonn als Rassismus qualifizéieren, als Diskriminatioun. Mee ech hunn alt ëmmer geduecht, d'Lëtzebuerger géifen déi Plaze kréien, well si esou gutt wieren. Et ass d'Argument vun de Proffen, fir hir 'manière d'être', hir 'manière d'enseigner', fir déi ze verteidegen. Do sichs de jo all méiglech Argumenter. Ech fannen dat dote lo net dat Bescht.

Pia Oppel Am Kär huet sech um Problem vun den Inegalitéiten am Schoulsystem ënner der Mady Delvaux wéineg verännert. Dat ass hir eege Conclusioun.

Mady Delvaux Dat ass de grousse Regret vu menger politescher Karriär. Datt et mir net gelongen ass, eise Schoulsystem méi egalitär ze maachen.

Pia Oppel Wann et sou schwéier ass d'Schoul ze reforméieren, ass dee politesch méi einfache Wee fir nieft der traditioneller Schoul een anere Schoulsystem ze schafen.

D'Iddi, datt eng ëffentlech, sougenannt agreéiert, Europaschoul zu Lëtzebuerg kéint opmaachen, ass duerch een Zoufall entstanen. Wéi d'Mady Delvaux déi deemoleg Directrice vun der Europaschoul Toula Vassilacou kennegeléiert huet.

Mady Delvaux Et ass eng Frëndschaft entstanen, déi et elo och nach ëmmer gëtt. An da war nach derbäi d'Renée Christman, dat war d'Sécrétaire générale vun den Europaschoulen. A mir hunn eis dann esou gesinn, a mir hunn natierlech och - net nëmmen, awer och - iwwer d'Schoul geschwat. An do hu si gesot, ma firwat probéiers du net d'Ecoles agrééen? An esou war d'Iddi, da misste mir esou eng Schoul maachen.

[Brouaha Porte Ouverte EIDE]

Gérard Zens Ech heeschen Iech ganz häerzlech wëllkomm zu de Porte Ouverten hei an der Ecole internationale zu Déifferdeng. Kënne mir eng Kéier een Test maachen, wien hei banne Lëtzebuergesch versteet?

Pia Oppel Der Mady Delvaux hire Successeur setzt d'Iddi dann och ëm. Déi éischt agreéiert Europaschoul ass 2016 opgaangen. Dräi Joer nodeems de Claude Meisch vun der DP den Educatiounsministère iwwerholl huet. Datt et ëm eng Europaschoul geet, verréit den Numm vun der internationaler Schoul zu Déifferdeng net direkt. Et ass awer keng deier privat "International School", mee eng ëffentlech a gratis Schoul, déi am Prinzip fir all Kand zougänglech ass.

Mëttlerweil ginn et sechs där ëffentlech international Schoulen am Land. An den Undrang ass grouss. Och op der Porte Ouverte vun der EIDE zu Déifferdeng am Mäerz 2022.

Mäi Kolleeg Pierre Reyland, dee mat mir un dësem Podcast schafft, huet sech do mat vill verschiddenen Elteren ënnerhalen.

Mamm Mir si frankophone doheem.

Mamm Nous sommes Portugais, on parle Portugais à la maison, tout le temps.

Papp Je suis Capverdien.

Papp I'm working with ArcelorMittal.

Mamm On est Belge.

Pierre Reyland Firwat déi heiten Offer, ass déi fir Iech interessant?

Sandro Parente Als éischt scho Mol, mengem Kand seng Pappesprooch ass Franséisch. Ech hu vu Gebuert u mat him Franséisch geschwat och familiär bedéngt. D'Mammesprooch ass Lëtzebuergesch. Voilà, an hei gesinn ech fir hien awer eng besser Alternativ.

Pia Oppel De Sandro Parente schafft zanter 18 Joer zu Déifferdeng als Schoulmeeschter. Hien huet säi Bouf an eng franséisch Sektioun ageschriwwen, mat Englesch als zweeter Sprooch.

Sandro Parente Vum Beruff hier, wou ech elo sinn, gesinn ech awer Englesch, dat ass einfach ze spéit. Hautdesdaags kéint een éischter mam Engleschen ufänken. An dat heescht och eng Remise en question vum Pensum vun de Sproochen. Ech si fir Méisproochegkeet, ganz kloer. Mee ech denken, et ass falsch opgedeelt. Iergendwann eng Kéier muss ee vläicht reequilibréieren, tëschent de Sproochen.

Pierre Reyland Falsch opgedeelt? Dat klassescht Däitsch, Franséisch, Lëtzebuergesch, wat bëssi iwwerholl misst ginn?

Sandro Parente Jo. Ech gesinn dat elo esou. Ech hu lo dra geschafft a mech bëssi dofir interesséiert. Mee d'Alphabetisatioun op Däitsch, hei an eisem Fall mat iwwer 50 Prozent Auslänner, et ass vläicht bëssen esou ee Verglach, wéi wann ee géing Latäin léieren. Du kanns an ee Buttek goen, mee du wäerts ni Guten Tag, guten Morgen, auf Wiedersehen héieren. Als Schoulmeeschter ass et awer bësse frustrant ze gesinn. In wiefern ass dat relevant?

Pia Oppel Et gëtt also scho laang iwwer eng aner Approche zu de Schoulsproochen diskutéiert. Ouni datt an de leschte 50 Joer eppes Wesentleches changéiert huet.

An elo huet sech op eemol awer eppes verännert. Mee léisen déi nei ëffentlech international Schoulen de Problem vun den Inegalitéiten an eisem Schoulsystem?

Ëm déi Fro geet et an der nächster Episod.

Schlechte Schüler, ee Podcast vum radio 100,7. Recherche a Redaktioun: Pia Oppel a Pierre Reyland. Mat der Ënnerstëtzung vum Tessy Troes, Jean-Claude Franck, Rick Mertens, Chris Zeien a Semir Demic. Toun a musikalesch Arrangementer: Chris Simon. Koordinatioun: Yves Stephany.

Eis Titel-Musek, de "Gassenhauer" aus dem Orff-Schulwerk ass ënner der Leedung vum Laurent Warnier vu Schülerinnen a Schüler am Stater Conservatoire opgeholl ginn. Merci dem Joé Alff, Constantin Barbu Ravoux, Michael Calnan, Felix Dunkel, Laurie Krier, Ina Molakava, Lola Schleicher, Julian Seredynski, Youqian Lulu Pang, Louis Thill an Eloïse Twimumu

Méi zum Thema

Transkript_Visuell_Episod 1.jpg
Podcast

Am éischten Deel vun eiser Podcast-Serie iwwer de Lëtzebuerger Schoulsystem geet et ëm d'Fro: Firwat scheitere vill Kanner schonn esou fréi an hirem Schoulparcours?

Transkript_Visuell_Ep3.jpg
Podcast

Léisen déi ëffentlech Europaschoulen d'Problemer vun eisem Schoulsystem? Ëm déi Fro geet et am drëtten Deel vun der 100,7-Podcast-Serie "Schlechte Schüler".

Transkript_Visuell_Ep4.jpg
Podcast

Zu Schëffleng léiert elo eng Schoulklass op Franséisch Liesen a Schreiwen. Wat kann ee sech vum Pilotprojet erwaarden? Ëm déi Fro geet et an der véierter Episod vum "Schlechte Schüler".

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Alles iwwer de Podcast Schlechte Schüler

    An eisem Dossier fannt dir sämtlech Episode vun eisem Podcast Schlechte Schüler, Interviewe mat Schoulexperten an déi komplett Transkripter vun den eenzelnen Episoden.

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen