Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Episod 3: Esch international

Podcast: Schlechte Schüler

Episod 3: Esch international

Léisen déi ëffentlech Europaschoulen d'Problemer vun eisem Schoulsystem? Ëm déi Fro geet et am drëtten Deel vun der 100,7-Podcast-Serie.

auto_stories

2 min

Wéi eescht huele mir zu Lëtzebuerg d'Versprieche vun engem gerechte Schoulsystem? Där Fro geet de radio 100,7 a "Schlechte Schüler" no, enger Podcast-Serie a sechs Deeler.

Um Ufank vun der Recherche steet ee Saz aus dem leschte Bildungsbericht: "Schoulparcoursen zu Lëtzebuerg si ganz fréi (vir)bestëmmt". Mee wéi gerecht ass ee Schoulsytem, wou dacks schonn nom zweete Schouljoer kloer ass, wéi gutt oder schlecht de Schoulparcours vun engem Kand wäert verlafen?

D'Journalisten Pia Oppel a Pierre Reyland huelen d'Nolauschter:innen iwwer sechs Episode mat an d'Schoul. Si schwätze mat Kanner an Elteren, Enseignanten a Fuerscher:innen. Si kucken zeréck op Reformversich an erklären d'Hannergrënn vu politeschen Decisiounen. Si weisen, wat am Schoulsystem scho sou fréi schif leeft - a wéi Léisunge kéinten ausgesinn.

Episod 3 - Esch international

D'Sara sollt fir d'zweet sëtze bleiwen. Elo geet hat an eng ëffentlech Europaschoul.

Episod 2 - Zeréck an d'Zukunft

D'Karin Elsen an d'Edith Jacobs wëllen d'Schoul méi gerecht maachen. 1975 woen déi zwou Léierinnen en Experiment.

Episod 1 - Op den Ufank kënnt et un

D'Estrela huet aacht Joer a Schwieregkeeten an der Schoul. Seng Conclusioun: "Ech sinn net intelligent".

De Podcast "Schlechte Schüler" gëtt all Méindeg op 100komma7.lu publizéiert, grad ewéi op den übleche Podcast-Plattformen.

Abonnéiert iech hei: