Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schéissereien ouni Enn an den USA

Chronik

Schéissereien ouni Enn an den USA

A Florida koum et zu enger Schéisserei bei där zwee Leit em d'Liewe koumen. Fir Opreegung huet dës Noriicht an den USA net gesuergt: et war eng vun enger Rei esou Schéissereien an deene leschte Méint.

auto_stories

2 min

Foto: picture alliance / Consolidated News Photos

Wéi eng war déi lescht grouss Schéisserei an den USA? War et Boulder, am Colorado oder nee, déi lescht Woch zu San José, a Kalifornien. Wee weess, si gläichen sech dach all, eng genee esou grujeleg an tragesch wei déi aner. Eng Routine awer och, all Woch, all Weekend. Dëse Memorial Day-Weekend an den USA ass dräi Deeg laang an d'Wieder ass gutt, also méi Leit dobaussen, méi Chancen op eng Schéisserei iergendwou an Amerika. Et bleift just ofzewaarde wou.

Net all Dot kënnt an d'national Aktualitéit

E Sonnden de Moie war Florida un der Rei, déi Kéier keen Amoklaf wéi lescht Woch a Kalifornien, a kee Selbstmord vum Amokleefer. Nee, dës Kéier koum et zu enger kloer geplangter Dot mat engem Motiv, hëlt een un, well déi dräi, jo, dräi, Männer, esou d'Police, konnte flüchten, nodeems si op d'Leit virun engem Concert-Sall geschoss haten. Si hunn hallef-automatesch Gewierer a Pistoule benotzt an hate Cagoullen op.

Et war eng besonnesch bluddeg Schéisserei, mat iwwer 20 Verletzter.

Mee just zwee Doudeger. Dat kënnt dee Moment net an d'Titele vun der nationaler Aktualitéit. Fir esou eppes misst et wuel op d'mannst 8 oder 9 Doudeger ginn. Wéi lescht Woch an der kalifornescher Stad San José wou e Mann 9 anerer erschoss hat. Mee och vun där Schéisserei wëssen déi meescht Amerikaner näischt.

Business as usual

Dat geet alles ganz séier. D'Zuel vun den Doudege gëtt annoncéiert. D'Politiker, op d'mannst déi op der republikanescher Säit ruffen op fir fir d'Familljen ze bieden. D'Demokrate soen, datt et zu méi strenge Waffegesetzer komme soll, och wa si selwer wëssen dat et zu kenge groussen Ännerunge komme wäert. Och net mat der Biden-Regierung, déi zwar no all Masse-Schéisserei annoncéiert, datt d'USA offiziell trauere mee sech soss net wëll zu deem Theema zu Wuert mellen. Op d'mannst ginn dës Evenementer net méi ignoréiert, wei dat dacks mat der leschter Regierung de Fall war.

Mam Retour an en hallef normaalt Liewen an den USA fënnt een de Wee zeréck an déi al Routinnen. Et geet een nees an de Restaurant. D'Kinoe sinn nees op. et gesäit een nees seng Frënn a seng Famill. A Leit ginn ëmbruecht, all puer Deeg, a Masse-Schéissereien. E ganz normale Weekend an Amerika.