Radioen

On air

Notturno  |  Sam Wilkes - Hannah Song

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Santé recommandéiert keng fënneft Covid-Impfung

Question parlementaire

Santé recommandéiert keng fënneft Covid-Impfung

An de fënnef Impfzentren sinn zejoert knapp 200.000 Residanten géint de Coronavirus geimpft ginn. Wäit iwwer d'Hallschecht dovun eleng am Januar 2022. Duerno huet d'Zuel vun Impfunge rabiat nogelooss.

auto_stories

2 min

Foto: picture alliance / Wang Chun

Lauschterenplay_arrow


D'Impfzentre si jo du och - bis op deen um Lampertsbierg - een nom aneren zougemaach ginn. Déi Prezisioun gëtt d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert nieft enger Rei aneren, an den Äntwerten op zwou parlamentaresch Froen am Kontext Covid.

Wann et misst sinn, kéinten d'Impfzentren nees ganz séier operationell sinn, nämlech bannent enger Woch, eenzeler souguer allzäit. Do, wou déi ganz Infrastruktur nees nei ageriicht ginn, kéint et bis zu zwee Méint daueren, seet d'Paulette Lenert.

Prezisiounen zu de Käschten

De Pirat Marc Goergen wollt vun hir och gewuer ginn, wéi vill Leit 2022 an den Zentre beschäftegt waren, a wat dat Ganzt kascht huet.

Wat d'Personal ubelaangt, wier et vu Mount zu Mount ganz ënnerschiddlech gewiescht: dat goung vu 450 Mataarbechter am Januar bis erof op 114 am August: am Duerchschnëtt wieren se zu 159 gewiescht, déi pro Mount do geschafft hätten.

A Saache Käschtepunkt nennt d'Ministesch keen Total, mee se pickt sech ee Beispill eraus. Den Zenter am Lampertsbierg am November. Do hätten d'Fixkäschte sech op 122.000 Euro belaf, d'Personalkäschte bei knapp 200.000 Euro geleeën.

Keng fënnef Impfung

Recommandéiert de Gesondheetsministère eng fënneft Covid-Impfung wollt den CSV-Deputéierte Claude Wiseler vun der Gesondheetsministesch wëssen. An d'Paulette Lenert äntwert : Nee, mir gesinn do am Moment keng Noutwennegkeet - weder bei eeleren, nach bei vulnerabele Leit.

An och Persounen, déi bei hirer véiert Impfung e sougenannte "monovalente" Vaccin kruten - en Impfstoff also, deen net speziell op d'Omikron-Variant ausgeriicht wier -, misste sech elo net onbedéngt nach e weideren, Omikron-adaptéierte Rappell sprëtze loossen.

Et bleift also bei de Recommandatioune vu bis elo: eng véiert Impfung fir all d'Leit iwwer 60, a bei de méi jonke fir just déi, déi duerch eng Virerkrankung oder eng Immunodepressioun vulnerabel sinn; déi am Gesondheets- oder Fleegesecteur schaffen a fir Fraen, déi e Puppelchen erwaarden.