A Saache Mënscherechter wier d'Situatioun zu Lëtzebuerg duerch d'Bank gutt - seet den Olivier Pirot. Trotzdeem missten a verschiddenen Dossieren Efforte gemaach ginn. De Generaldirekter vun Amnesty nennt d'Beispill vun de Sansabrisen. Déi hätte Schwieregkeeten en uerdentlechen Accès zur Gesondheet ze kréien. Dat misst een änneren. Bei eis géifen et och nach ëmmer Probleemer mat Diskriminatioun ginn. Den Olivier Pirot zitéiert eng Etüd vum LIST déi zu där Conclusioun kënnt.
Op der Strooss fir d'Mënscherechter
Mat der Marche um Dag vun de Mënscherechter sollt déi Lëtzebuerger Populatioun weisen, datt se e Fokus op d'Mënscherechter weltwäit huet. Am Kader vun der Amnesty Campagne "Write to rights", goufen och Bréiwer geschriwwen, fir op d'Situatioun vu verschiddene Leit an der Welt opmierksam ze maachen, deenen hir Rechter net respektéiert ginn.
Den Direkter vun Amnesty Lëtzebuerg Olivier Pirot seet nach, datt déi Lëtzebuerger Sektioun ganz dynamesch ass. Et wier eng nei Ekipp zesummen, déi voller Ambitiounen an Energie wier.