Radioen

On air

Tockcity  |  The Black Keys - This Is Nowhere

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Och Romain Schneider preparéiert Depart aus Regierung

Walen

Och Romain Schneider preparéiert Depart aus Regierung

De Romain Schneider huet haut um Bord vun enger Pressekonferenz confirméiert, datt hie bei den nächste Walen net méi kandidéiere wäert an och net méi fir eng politesch Funktioun zur Verfügung wäert stoen.

auto_stories

1 min

Nodeems den Aarbechtsminister Dan Kersch schonn ugekënnegt huet, bei den nächste Walen net als LSAP-Spëtzekandidat matzegoen an och kee Mandat an der Regierung méi wëllen ze iwwerhuelen, huet de Moien och de Landwirtschaftsminister Romain Schneider, um Bord vun enger Pressekonferenz confirméiert, datt hie bei den nächste Walen net méi kandidéiere wäert an och net méi fir eng politesch Funktioun zur Verfügung wäert stoen. Dat hätt hie senger Partei schonn am Ufank vun der Legislaturperiod gesot. Ob den LSAP-Minister säi Mandat fäerdeg mécht, dozou huet hien näischt gesot.